Benotzer Diskussioun:MélinaWan

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
Den Artikel Fairy Tail deen Dir ugefaangen hutt entsprécht net de Wikipedia-Krittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipedia-Artikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.

Doduerch datt Dir d'Iwwerschaffeschëld eraushuelt, a mam EnCours ersetzt gëtt den Artikel net besser. Liest och mol wat an der Schabloun EnCours steet, da fannt dir och eraus fir wat datt s'e ewechgemach gouf. Dir sollt se dann och nëmmen nees drasetzen wann dir effektiv direkt um Artikel wëllt schaffen, wat bis lo net de Fall war. --Les Meloures (Diskussioun) 20:46, 16. Dez. 2019 (UTC)[äntweren]

Moien,

Firwat hutt Dir de Lemma Fairy Tail op e Benotzernumm geréckelt. --Les Meloures (Diskussioun) 12:51, 18. Dez. 2019 (UTC)[äntweren]

Tëschebilan[Quelltext änneren]

Moien, dat gesäit scho guer net esou schlecht aus. Allerdéngs misst De den Artikel onbedéngt nach eng Kéier zolitt iwwerliesen, resp. iwwerliese loossen: Fir just den Aféierungssaz ze huelen: "fiert" ass déi 3. Persoun Singular vu "fueren", d'Prepositioun an den direkten Artikel schreiwe sech "fir d' ". An à propos "d' ": Weiblech Persounen, déi mam Virnumm genannt ginn, kréien esou ee sächlechen direkten Artikel am Lëtzebuergeschen. Kuckt dat bei de "Personnagen" no. "Hat" an "hatt" ass net dat selwecht. D' n-Reegel feelt heiansdo. An den Artikeltext komme keng extern Linken. Déi kinnt een héchstens an eng Referenz setzen. An dat wier da just en Ufank.

--Zinneke (Diskussioun) 15:21, 18. Dez. 2019 (UTC)[äntweren]

2. Tëschebilan[Quelltext änneren]

Dir huet en etlech Linken op auslännesch Wikien an den Text gesat. Dat soll net gemaach ginn. Et ass besser déi Linke sou ze maachen, datt s'eng Kéier en Artikel op der lb:Wiki kënne ginn oder op en Artikel weisen deen et sch o gëtt. --Les Meloures (Diskussioun) 10:57, 22. Dez. 2019 (UTC)[äntweren]