Benotzer Diskussioun:MNHNL pbraun

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

a Merci fir d'Uleeë vum Artikel Taraxacum reichlingii‎‎!

Botanesch Artikelen, absënns mat Bezuch op Lëtzebuerg, ginn et der nach jett, déi heihipasse kéinnten :-).

Merci och fir d'Eropluede vum Bild aus der Kollektioun vum MNHNL. Ech hat eng Kéier enzwousch gelies, déi wieren all ënner fräier Lizenz fir doruechter kënne weiderbenotzt kënnen ze ginn (wat aus enzyklopedescher Vue natierlech wonnerbar ass). Hätt Dir eventuell Intressi drun, dass d'Wikimedia (do ginn d'Biller vu "Commons" géréiert, an d'Wikipediae gehéieren och dozou) der méi dovunner géif ophuelen? Falls jo kinnt der mech kuerz kontaktéieren; ech giff da kucken mat weem een do am beschten op Commons Kontakt ophëllt.

Bescht Gréiss,

--Zinneke (Diskussioun) 12:52, 19. Dez. 2019 (UTC)[äntweren]

PS: Heidrënner e puer allgemeng nëtzlech Informatiounen.

Moien MNHNL pbraun,

wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dat Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun derbäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-). Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Staminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaachte Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!


Naturschutzgebitt Eppelduerf-Elteschmuer[Quelltext änneren]

Moien, ech mengen an deem Artikel passen e puer Saachen net. --Les Meloures (Diskussioun) 10:43, 9. Jan. 2020 (UTC)[äntweren]


Parameterfeeler[Quelltext änneren]

Gudde Moien, no enger vun Ären Ännerungen an der Lëscht vu Lëtzebuerger Naturschutzgebidder si Parameterfeeler opgedaucht. Vläicht gouf eppes net korrekt ausgefëllt. Kënnt Dir dat vläicht nokucken. Merci am Viraus. --Les Meloures (Diskussioun) 18:13, 3. Jun. 2021 (UTC)[äntweren]