Op den Inhalt sprangen

Benotzer Diskussioun:Mediator FoM

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Sujet derbäisetzen
Vu Wikipedia
Leschte Kommentar: viru(n) 3 Joer vum Mediator FoM

Moien,

a Merci fir Är Mataarbecht. Dir hutt Biller op Commons gesat an hei agebonnen, déi probleematesch a punkto Lizenz sinn: Biller op Commons/Wikipedia mussen eng fräi Lizenz hunn, soss dierfen se net do stoen. "Fräi" heescht, datt deen deen s'eropgelueden huet, den Auteur ass s'ënner fräier Lizen publizéiert, oder dass d'Bild vun engem aneren ass, an dësen et noweislech ënner fräier Lizenz anzwousch publizéiert huet, oder awer dass de Copyright 70 Joer no deem sengem Doud ofgelaf ass.

Kuckt dat am beschten op Commons no, andeems Der op d'Biller déi Der eropgelueden hutt, klickt.

Bescht Gréiss,

--Zinneke (Diskussioun) 20:36, 28. Mäe. 2022 (UTC)Äntweren

Moien,
Merci fir d'Remarken. Ech schaffen fir de CNA an d'Foto'en sinn vun eisem Fotograf gemaacht gin fir den dossier de presse. Se sinn effektif nik total fräi. Ech hunn le réischt verstaan dat Wikipedia just Fotoen unhëllt déi komplett fräi sinn. Ech hunn elo entscheed déi weg ze huelen an einfach selwer anstäneg Fotoen vun der Ausstellung ze maachen fir ze opzelueden.
Bescht Gréiss, Mediator FoM (Diskussioun) 08:26, 31. Mäe. 2022 (UTC)Äntweren
Moien, dat wier warscheinlech déi einfachst Léisung! A vläicht hutt Der och d'Geleeënheet, e puer Biller vum Cine Starlight (Sall bannean oder Foyer), der Mediathéik vum CNA ze maachen? Do gëtt et nach keng Biller op Commons. Merci am viraus a bescht Gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 12:35, 31. Mäe. 2022 (UTC)Äntweren
Moien, ech sinn leider zu Clierf a ganz seelen zu Diddeleng. Ech versichen awer drun ze denken wann ech erof fueren. Bescht Gréiss, Mediator FoM (Diskussioun) 09:04, 25. Abr. 2022 (UTC)Äntweren


PS: Heidrënner e puer allgemeng Informatiounen zu der Wikipedia op Lëtzebuergesch.

Moien Mediator FoM,

wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dat Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun derbäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-). Déi wichtegst „Reegel“ ass: „Sief kéng!
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Stamminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaachte Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op „Sujet derbäisetzen“.

Op Ärer Benotzersäit kënnt Dir, wann Dir wëllt, e bëssen eppes iwwer Iech oder Är Aktivitéiten op der Wikipedia schreiwen (z. B. d'Sproochen, déi Dir kënnt, Är Interessensgebidder asw.). Op Ärer Startsäit fannt Dir nëtzlecht Geschier fir op der Wikipedia lasszeleeën (z. B. Ännerungsvirschléi, Hëllefssäiten, Uspriechpartner an nach méi).
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!