Benotzer Diskussioun:Menhir

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Eischte Versuch op menger eegener Seit[Quelltext änneren]

Dat Ganzt ass e bësse komplizeiért.

Wann s de eng Fro hues, stell se einfach emol hei. --Cornischong 12:55, 5 Januar 2006 (UTC)

Nei Seit mat der Struktur vun enger dei' et schon gët[Quelltext änneren]

Merci Cornischong ! Ech sin secher ët get irgendwou' schon eng Entwert op all meng Froen. Eng Fro ass z.B. Wei kann ech eng nei Seit maachen andeem ech mech op eng bestehend basei'ren ? Eng aaner Fro aehnelt enger Prinzipiendiskussioun iwer Uertschaft an Staad, ma betreft d'Noti'oun vun lieu-dit (ech wees keen lëtzeburgescht Wuert dofir) an Gewaansnumm. Ech well z.B. ëppes iwer den Beezebierg zu Hiefenech schreiwen. Daat ass do en ofgelee'enen Eck mat 20 Heiser, eng Art Uertsdeel. Get ët eng Lescht mat deser Kategorie,änlech ewei d'Lëscht mat den Lëtzebuerger Uertschaften ?

Ech hunn am Artikel "Hiefenech" de Beezebierg derbäigeschriwwen. Wann s de do op de (roude) Numm klicks, geet eng eidel Textkëscht op mam Titel "Beezebierg". Ausfëllen a späicheren. Dann hu mer och de Beezebierg ënnerkritt. Fir op deng Fro "Wei kann ech eng nei Seit maachen andeem ech mech op eng bestehend basei'ren?" zréckzekommen: Wann an engem Artikel ee Wuert routgefierft ass, heescht dat, datt et nach keen Artikel dovu gëtt; an deem Fall klicks de drop, da geet, wéi virdru gesot, eng nei eidel Artikelkëscht op. --Cornischong 13:19, 6 Januar 2006 (UTC)
--> "Flouernumm" (A wien huet dann elo de "Beezebierg" aus Hiefenech erausgeschielt?) --Cornischong 13:27, 6 Januar 2006 (UTC)
--> De Menhir huet Beezebierg vun Reiland op Hiefenech gerëckelt. Ech hun op verschiddene PCen nët d'Meiglechkeet en Signon ze maachen -- Menhir 14:24, 6 Januar 2006 (UTC)

Mär hu nach keng Kategorie déi "Lëtzebuerger Lieu-diten" heescht. Bis elo hu mer déi ganz genëschelt ënnert "Lëtzebuerger Uertschaften" gesat, well déi Kategorie souwuel Stied, Dierfer a Lieu-diten ëmfaasst. Ech weess och net op eng nei Kategorie onbedingt néideg wier, well soss misste mer an deerselwechter Logik och eng Kategorie "Lëtzebuerger Dierfer" opmaachen. Wat mengt d'Vollek dozou?
Op PCen ouni Java funktionéiert d'Formatleescht uewen an der Editéierfënster net. Dee Moment muss de manuell --~~~~ hannert däin Diskussiounsmessage schreiwen.
--Otets 15:26, 6 Januar 2006 (UTC)

De Problem mat der Foto[Quelltext änneren]

Gudden Owend. De Problem mat der Foto war: Den Numm vun der Foto war "Image:Beezebierg.JPG" an am Artikel stoung de "JPG" als "jpg". Dat ass der Software net egal, an op déi Manéier war se net ze gesinn. Alles an der Rei!! --Cornischong 21:20, 8 Januar 2006 (UTC)

Lëtzebuerger Orthographie[Quelltext änneren]

Ech hun mein Lëtzebuergesch Schreiwen an den Sechzeger Jahren geleiert.An der tëschenzeit gouf ët x Reformen, dei ech nëmmen zum Deel kennen. Ech sin dankbar fir all Verbesserung vun Persounen dei daat wirklech beherschen. Menhir 12:51, 9. Januar 2006 (UTC)

Kee Problem. Dat Ëmgewinnen ass net einfach. Kuck der emol eisen Artikel Wikipedia:Eis Schreifweis un, do hues de fir deen éischten Ulaf genuch Material. Kuck der besonnesch d'"Eifeler Reegel" un, dat ass dat Schlëmmst dran! Déi aner Klengegkeeten kommen no an no. Dem Josy Braun säi Bichelchen (eng 80 Säiten) "Eis Sprooch richteg schreiwen" ass ganz praktesch. Do ass "bal alles" dran, souguer mat Exercicen, an et ass fir e puer Euro an all Bicherbuttek ze fannen. Wéi gesot, maach der kee Kapp dowéinst, dat geet schonns an d'Rei. A wann nach eppes ass, da fro einfach. --Cornischong 13:21, 9 Januar 2006 (UTC)

Moie Menhir. Dat ass eng gutt Iddi. Wann et der drëm geet, fir eng "Lëscht vun de lëtzebuergesche Steekaulen" (oder wéi wëlls de se nennen) opzemaachen, da kann ech der gären eng Hand upaken (um Ufank ass dat ëmmer eppes Komplizéiertes, deenen Aneren ass et net besser gaang). Solle mer bei "Steekaule" bleiwen? (Den Tiel léisst sech och nach änneren, wann néideg). --Cornischong 12:20, 18 Januar 2006 (UTC)

D'Lëscht ass prett. --Cornischong 12:33, 18 Januar 2006 (UTC)
Merci. Daat war awer mei schnell wei de Blëtz.Esou seier sin ech awer elo nët mam opfëllen.Kuck emol meng Benotzersaït.Virwaat versteet en CZ-1 nët ?--Menhir 12:36, 18 Januar 2006 (UTC)
A propos "wéi de Blëtz". An deem Moment, wou s de mer déi Fro geschriwwen hues, hunn ech d'Alexandra gefrot, fir der esoueng ze maachen. Du bass deen Éischte mat deeër Këscht hei. Da misst also haut nach ulafen. --Cornischong 12:41, 18 Januar 2006 (UTC)
Dann en weidere Merci, och un d'Alexandra. Wien kann ech dann esou am allgemengen als Häuplingen vum Wikindianer-Stamm unhuelen ?--Menhir 12:48, 18 Januar 2006 (UTC)
Mär hunn am Ament dräi Adminnen (dat sinn déi, déi mam Torschong dorëmmer lafen): Den Zinneke, den Otets an de Cornischong. 't ass awer lo net esou, datt dat méi schéiner si wéi déi aner. Wann s de Froen hues zu de Katagorien, da klapp beim Alexandra un d'Dier. --Cornischong 12:55, 18 Januar 2006 (UTC)

"Virwat versteet en CZ-1 net ?" Ganz einfach, well mer deen Template bis elo op dëser Wiki nach net geschriwwen hunn. Bäi ronn 200 Sproochen, déi all 5 Levelen a 6 Kategorien hunn, misste mer op ee Coup 2.200 Edite maache fir eise Babelprojet komplett ze hunn. Vu datt mer hei (nach) keng dausende Mataarbechter hunn, hu mer eis misse Prioritéite setzen, an déi leien éischter bei den Artikele wéi beim Ëmgeréits. Wann ech mierken datt op en net-existenten Template effektiv gelinkt gëtt, da schreiwen ech en, an esou kompletéiere mer dat dann no an no, esou wéi et grad gebraucht gëtt. Ech maachen der den CZ-1 direkt an d'Rei. --Otets 15:45, 18 Januar 2006 (UTC)

Victor Hugo. Eng Fro.[Quelltext änneren]

D'Gedicht vum Victor Hugo, ennerläit jo net méi dem Copyright, firwat hues du dat da net bei den Artikel Ouschterbuer geschriewen? Johnny Chicago 13:07, 18 Januar 2006 (UTC)

Ech hun ët nët beihand. Esoubaal ech ët erëmfannen machen ech daat. Ma daat kënnt ë bëschen daueren. Menhir

Wann s de just den Titel hues, da stéingen d'Aussiichten net schlecht.

Leider nee.Ech weess daat vun Quatrième, an daat sin schon iwer 30 Jahr hir.Ech kucken emol bei mengen Elteren um Speicher. Mir kënnen eventuell de Saatz eraushuelen, bis ech ët eremfond hun. --Menhir 20:11, 18 Januar 2006 (UTC)

Ech hunn elo mol nogekuckt. Du hues Recht mat der "Lëscht vun de lëtzebuergesche Steekaulen". Ech kucken a froen no. Soubal ech eppes hunn, kriss de Bescheed. E bësse Gedold. (Wann déi nächst Kéier esou eppes ass, da so roueg Bescheed). --Cornischong 21:22, 19 Januar 2006 (UTC)

Rochuskapellefoto[Quelltext änneren]

Gudden Owend. Deng Foto vun der Rochuskapell ass u sech gutt, mee se ass allerhand däischter. Ech hunn s emol ënner d'Höhensonn gestach, an ech setzen se mol haut den Owend nieft déi aner fir ze kucken. An da gesi mer weider. --Cornischong 21:14, 7 Februar 2006 (UTC)

Et wier net schlecht, wann s de e Saz bäi de Kapellenartikel kéins schreiwen, well dersonnert gëtt e vum System net als Artikel matgezielt. --Otets 22:29, 7 Februar 2006 (UTC)

Gedold ! Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz! Éischt Fragmenter vum Text hunn ech grad bäigesat; et kommen der secher nach no. D`Foto hat ech extra mi däischter gemaach, fir dass d`Schrëft sollt besser erauskommen. Op mengem Labtop doheem war se tip-top. Ech hun se elo op 2 aneren Schiermer gekuckt, an do ass se effektiv ze däischter. D'Original hunn ech eropgelueden awer net gebraucht. Dofir hunn ech eng änlech Foto, mat eventuell enger besserer Perspektiv dohi gesat. --Menhir 12:16, 8 Februar 2006 (UTC)

dat ass et[Quelltext änneren]

  1. dat war den Toun net getraff
  2. steet am Skizz Text explizit et sollt een um Artikel weiderschaffen, z.B. wosst ech a wéing eng Kat e géif passen
  3. wann een net wëllt datt en Artikel soll dérangéiert ginn setzt een en EnCours Schëld drann
  4. hunn ech un enger Réi Artikelen iwwer Gebaier matgeschafft an do sinn ni 3 Fotoen déi sech esou gläichen ze gesinn
  5. ech hunn nëmme gefroot an net Saache geläscht, wann eng plausibel eErklärung do gewiescht wier, kee Problem fir déi 3 Fotoe stoen ze lossen awer dann och an der Beschrëftung drophiweisen--Marcus 12:40, 8 Februar 2006 (UTC)
Di 3 Fotoen waren irtümlech do, well ech an engem Preview wollt di 3 mateneen vergleichen, an awer onglecklecherweis op Änneren geklickt haat. Ech hun dun den Text weider verbessert, 2 Fotoen arrangeiert an Änneren gedreckt. A waat gesin ech no mengem Update: Meng aal Versioun, verbessert vum Marcus. Als Neiling hun ech EnCours net kannt, an war der Meenung dass di hellefsbereed Leid e bes´che Gedold hun, an net gleichzeiteg mat mir schaffen. Den System huet wuel um Serveur vun Wikipedia en Hick. Warscheinlech hun mir (Marcus+Menhir) eis Ännerung gleichzeiteg gescheckt, a meng ass verluer gaang. Et ass awer net normal, dass den System daat net selwer gereiert, an dass ech daat muss markeiren. Stellt Íech mol fir ech gin op d'Bank an ech hiewen 1000Euro op; gleichzeiteg geet meng Bomi op eng aaner Agence an schenkt mir 100000Euro op mein Konto, a well daat gleichzeiteg geschit gin di 100000Euro verluer.
Ech hun am iwregen neischt dergeint wann een meng Fehler verbessert, am Kontraire: Mein Letzebuergesch ass katastrophal. Och d'Fro zu den 3 Fotoen akzepteiren ech.
Fir weider iwer Systemproblemer ze faselen: Wann ech haut Steekaul sichen, dann ass d`Situatioun nach emmer net richteg. Et kann een sech also froen: Firwaat schreiwen mir hei Artikelen, wann souwisou keen se eremfennt ? --Menhir 11:48, 9 Februar 2006 (UTC)
Den "Ännerungskonflikt: Du bass net den Éischten, deen am Seel spréngt, wann e fir d'éischt Kéier mat engem "am Clinch" läit. Dat ass eppes Emmerdantes, an dofir gëtt jo de "Schantjen". - D'Serveren:Déi schloen heiansdo de Kopplabunz. Géint dräi Auer hënnt ass iwwerhaapt näischrm éi gaangen. - D'Sandkaulen: Wuer solle mer da Sandkaule siche goen, wa keng do sinn. Et gëtt en Artikel, dee "Lëscht vun de lëtzebuergesche Steekaulen" heescht: An deem sti just Uertschaftsnimm, mat deenen een awer näischt ufänke kann. Eis Kategorie sinn dofir do, fir eppes Erëmzefannen!! Ma dat ass déi héich Konscht an der Wiki. Wann s de déi richteg derbäischreifs gëtt dat Ganzt iwwersiichtlech. Wann s de eng Fro iwwer d'Katagorien hues, da klapp emol beim Alexandra. --Cornischong 12:59, 9 Februar 2006 (UTC)

Däischter Fotoen[Quelltext änneren]

Ech hale mech villäicht drun, mee do ass wierklech e Problem mat däischtere Fotoen. Ech menge besonnesch Soup 01; Soup 04, Altor an der Rochuskapell an d'Rochuskapell selwer. " D`Foto hat ech extra mi däischter gemaach, fir dass d`Schrëft sollt besser erauskommen." krut ech iwwer d'Foto vun der Kapell gesot, mee d'Schrëft ass och méi däischter net ze liesen! D'Iddi vun der Gallerie ass u sech gutt, mee do ass en eeschte Problem mam Format. DAt kanns de net wëssen, a mer hunn dat och eréischt no laangem Gedeessems verstanen. Wanns de an enger Gallerie (nëmmen do!) eng horizontal (!) Foto dra setz, déi net an engem Fotobeaarbechtungsprogramm g'ännert gouf, dann huet se d'Verhältness 12:9. DAt ass dat selwecht wéi Spambiller, déi ë.a. den NORTON Internet Security spärt!! DAt heescht, déi di Norton (bei anere Programme weess ech et net, lafen hunn, gesinn déi Biller am Artikel NET! Wann s de se an der Héicht nëmmen ë ee Pixel kierz, ass kee Problem. 't ass lästeg, awer 't ass esou. --Cornischong 21:50, 18 Februar 2006 (UTC)

Fotoen a Gallerien[Quelltext änneren]

Salut, ech hun deng Fotoen aus der Soup aus der Gallerie geholl, an se normal an den Artikel gesat. Et besteet nämlech e grousse Problem mat de Gallerien, dem no watfiree Antivireprogramm an Internetsecurityprogramm een huet, gesäit een d'Fotoen an de Gallerien net. Iwwert de Problem ass schons ganz am Ufank vun der Wiki geschwaat ginn. Huel mer et also net iwwel dat ech déi kleng Ännerung virgeholl hun, ech geséich nämlech och gären deng Fotoen, an net nëmmen eidel Billerummen. Merci. Johnny Chicago 00:49, 19 Februar 2006 (UTC)