Benotzer Diskussioun:Oennenzopp

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Fotoen Esch[Quelltext änneren]

Moien Oennenzopp!

Du has dës lescht e puer Fotoe vun alen Escher Kinoen heihinnergesat.

Wann s De bei Geleeënheet do laangscht kéims, wier et méiglech, bei dësem oder deem Gebai zu Esch , wou hei nach keng Fotoë sinn, (LGE, Handwierkerschoul op der Victor-Hugo-Plaz, Grenzerkierch, Protestantesch Kierch Esch-Uelzecht, Jeunesse- a FOLAs-Terrain,...) op de Knäppchen ze drécken?

Dat wier flott, well mer fueren heim nom Motto: Keen Artikel ouni Foto ;-)

Op eng gutt Zesummenaarbecht,

--Zinneke 15:05, 8. Abr 2008 (UTC)

Biller a soss Saachen op denger Benotzersäit[Quelltext änneren]

Moien,

Jidderee dierf sech op senger Benotzersäit deenen anere virstellen, wéi e mengt, dass et am beschten ass; et sollte engem awer bewosst sinn, dass d'Seriositéit vun engem sengen Artikelen och dorunner gemooss gëtt, wéi een do "optrëtt".

Biller ouni valabel Lizenz (dat heescht: d'ausdrécklech Erlabnes vum Auteur, et kënne fräi ze benotzen) dierfe keng op d'Wiki geluede ginn; dofir hunn ech däi Mann mat der Séissel (wat soll deen do iwwerhaapt) geläscht. Selwer verfaasste Gedichter (oder Prosa) hunn och näischt op enger Wikipedia verluer (kuck: wikipedia:Wat Wikipedia net ass). Serieux Artikele sinn hei méi wéi wëllkomm (deng Spiderwick-Saach zielt do derzou), literaresch Exuberanzen par conter gehéieren op MySpace, Facebook a Konsorten. A bonne entendeur... --Zinneke 09:27, 9. Abr 2008 (UTC)

Salut.Zënter wéini bedreift de Massard de Kino Le Paris zu Beetebuerg? Do hunn ech awer ganz grouss Zweifelen!! --Cornischong 20:53, 16. Abr 2008 (UTC)

Majo, wannste op hieren Site (http://www.caramba.lu/) gees an uewen riets an den Eck kucks da gesäiste et.--Oennenzopp 20:58, 16. Abr 2008 (UTC)

Entschëlleg meng Zweifelen. Du hues absolut Recht. --Cornischong 22:48, 16. Abr 2008 (UTC)

Comité des Élèves LGE[Quelltext änneren]

Salut,

Dat do schéngt mir kontradiktoresch:

  • "All Schüler, ausser déi vu Première" an da steet de "Buraczyk Mateusz, 1E" do
  • "deen 13 Memberen huet" an et stinn 12 Nimm do
  • "Et ginn all Joer Neiwalen organiséiert" a "Vun 2007-09 gin d'Schüler vertrueden vun:"

Wier et méiglech dat emol nozekucken? --Fliedermaus 18:09, 16. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]


Bonjour, hei dei mei oder weineger komplex Enfert:

  • de "Buraczyk Mateusz, 1E" ass den Eirenpresident, an säit dem März net mei am Comitee
  • "deen 13 Memberen huet", streng geholl sin et der maximal 13, dat gett natierlech direkt geennert
  • 2007-09 ass d'Schouljoer fier daat de Comitee gewielt gouf, also vum 15 September 2007 bis an den Ufank vun 2009 schaffen dei nei an aal Membren zesummen, an ab 2009 gin dei aal komplett vun deenen neien ersaat.

--Oennenzopp 12:31, 17. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

Merci fir d'Erklärungen.--Fliedermaus 12:49, 17. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

fléisse Waasser[Quelltext änneren]

Moien, du hues "fléisse Waasser" a "fléissend Waasser" ëmgeänert gehat.

Am Lëtzebuergesche gëtt et "am Fong" kee Participe présent (méi), eng al Form iwwerlieft an e puer festen Ausdréck wéi "kache Waasser" oder "fléisse Waasser", "laaches Monns", "stoes Fouss", "eng bleiwe Plaz", asw. (cf.: Robert Bruch: Précis populaire de grammaire luxembourgeoise/Luxemburger Grammatik in volkstümlichem Abriss; 3. Oplo, Luxemburg 1973, S. 78f.).

--Zinneke 10:16, 20. Aug. 2008 (UTC)[äntweren]

Moien,
Wéi soll et och anescht sinn? Mer sinn dann erëm am Clinch mat dem DFL. Dee schreift op Säit 187: l'eau courante = d'fléissend Wasser. Les Meloures 20:58, 5. Okt 2008 (UTC)
Rebelotte :-)
D'Grammaire de la langue luxembourgeoise schreift Säit 15:
LE PARTICIPE PRÉSENT (PARTICIPE I)
Il n'existe presque pas en luxembourgeois, sauf pour quelques expressions:
kache Waasser    fléissend Waaaser    stoes Fouss    laaches Monds.
Ze bemierken ass dobäi dann och datt dem Bruch säi Monns an e Monds g'ännert gouf.
Les Meloures 14:16, 8. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

Franséische Numm vum Jongelycée Esch[Quelltext änneren]

Gudden Nowent Oennenzopp,
du hues gefrot firwat Lycée de Garçons op Lycée de garçons geännert gouf (vum Les Meloures a vu mir). Hei d’Äntwert: an der franséischer Schreifweis ginn d’Nimm vu Schoulen, Instituter, asw mat engem groussen Ufanksbuschstaf an duerno klenge Buschtawe geschriwwen. Dëst kanns Du méi détailléiert um Stamminet an och op der Diskussiounssäit vum Artikel Secondaireschoulen zu Lëtzebuerg noliesen. No enger Diskussioun op béide Säiten huet d’Wiki-Kommunautéit décidéiert déi ‘korreckt’ franséisch Schreifweis z’iwwerhuelen.

Iwwregens: kuck emol ënner Literatur op dem LGE-Artikel. Do steet den Titel vum Buch vun den LGE-Professeren Gabriel Deibener, Georges Konsbruck, Ed. Maroldt, J.M. Peiffer, Nadine Schummer, Lucien Thill, 2001, wou et heescht: …… Lycée de garçons d'Esch-sur-Alzette.
Mat frëndleche Gréiss --Cayambe 19:03, 3. Okt 2008 (UTC)

Moien Oennenzopp,

Du als Spezialist weess do bestëmmt bescheed: Ass d'Lëscht vum Schülercomité, elo am neie Schouljoer, nach aktuell? Zali, --Zinneke 21:51, 3. Okt 2008 (UTC)

Moien Zinneke,

de Schülerkomité ass nemmi aktuell, mee ofiziell ass en nach sou wi en do steet. Et ass nach kee carnet d'acceuil am Jongelycée erauskomm an och um ofizielle Site gouf na naischt geenert. D' Schüler hunn nach d Meiglechkeet fier sech ze mellen a bis dohin ass de Comité nach net fest.

Zum Grouss-kleng-Problem, ech hat um Stamminet enker duerchglies wat der sou gsoot hutt an der hutt natierlech absolut recht. Also kann een am fong och nach doraus schleissen dass de Jongelycée sain eegenen numm net ka richteg schreiwen xD. Och zimmlech witzeg: et steet um site nach dass am summer eng terass am schoulhaff opgemaat giff gin(wat awer net de Fall ass).--Oennenzopp 19:42, 5. Okt 2008 (UTC)

Salut,

Wat déi ëm 2 Stonnen falsch Auerzäit bäi den Ënnerschrëften ugeet esou ass weder äre Comuter nach de vun der Wikipedia futti. Dat léit dorunn datt hannert all Ënnerschrëft d'UTC Zäit (= eis Summerzäit minus 2 Stonnen) gesat gëtt. Dëst déng dozou datt egal wou op der Welt een eng Benierkung op eng (Diskussiounssäit)-Säit derbäisetzt Diskusioun méi iwwersiichtlech ass wat den Zäitpunkt vun de jeweiligen Aussoen ugeet. Wat elo déi Zäit ugeet déi bäi de rezenten ännerungen ugewise gëtt esou gëtt déi Bài de Prefrenzen vun all eenzelene Benotzer agestallt.

Ech hoffen ech hunn dat elo bësse kënnen opklären.

mat beschte Gréiss --Robby 21:20, 5. Okt 2008 (UTC)


Gudde Moien,
Kuck emol w.e.g.: Diskussioun:Adobe Photoshop Elements
Les Meloures 13:39, 1. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Salut. Schéin, datt emol ee sech ëm den iMac këmmert. E puer Wuert zu den haarden Disken: Du schreifs "D'Festplack ass an enger Optioun vun 250 GB bis zu 1 TB verfügbar". Kanns de dat vläicht nach nokucken. Geliwwert gi se mat 250/320/320 a 500 GB. Bis zum TB loosse se sech "norëschten", och scho beim Kafen. Wann s de den Tour kriss, da kanns de nach ernimmen datt et déi vum August 2007 an déi vum Abrëll 2008 ginn. Mol just gefrot: Hues du en iMac? Merci. --Cornischong 15:41, 18. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Bonjour, also den abschnitt mat de festplacke ass lo mol e bessen opgebessert. wat mengs de mat datt et déi vum August 2007 an déi vum Abrëll 2008 ginn, gin et do 2 editioune vu festplacken oder wei? an jo ech hun en imac ;) --Oennenzopp 16:26, 18. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Gudde Mëtteg. Am "iMac"-Artikel vun der däitschsproocheger Wiki ( http://de.wikipedia.org/wiki/IMac ) nenne si dat "Revision A" an "Modellpflege (Revision B)". --Cornischong 16:34, 18. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Panoramix[Quelltext änneren]

Moien Oennenzopp,

hues de nach eng Kéier mam Eropluede vun der Panoramafoto (an deene vu Belval) probéiert? Tsali, --Zinneke 12:01, 2. Mee 2009 (UTC)[äntweren]

Bonjour Zinneke,

ech hat et effektiv mat deenen zwee an der Originaalgréisst an och kompriméiert probéiert, mee entweder kann een keng Biller mat deenen Dimensiounen eroplueden, wat ech bezweifelen, oder et leit u menger 500 kbyte Leitung. Also fier et op de Punkt ze bréngen: Jo, ech hun et probéiert, an nee et ass leider net gaang, Oennenzopp 15:18, 2. Mee 2009 (UTC)[äntweren]

Klengen Orthogrphietipp vum Dag:

  • dt. "vor" = lb. "vir" (och a Komposita: Virdeel, Virsprong, etc);
  • dt. "für" = lb. "fir" .

Béid kréie keen "e" nom "i". --Zinneke 17:26, 19. Dez. 2009 (UTC)[äntweren]

PS: Soss ass den Artikel tipptopp. 'T feele just nach d'Interwiki-linken.


Merci fir den Tipp an d'Kritik (d'Interwiki sin lo och dran) Oennenzopp 17:37, 19. Dez. 2009 (UTC)[äntweren]

panorama-foto vun esch[Quelltext änneren]

Salut, Ech wollt mol froen op et meiglech waer deng panorama-foto eventuell op engem gratis verdeelten stadtplang vun esch ze benotzen? ech ging natiirlech och dein numm als auteur dropsetzen. so mer w.e.g bescheed op fraenz@gmail.com ciao fraenz

Moien, ech äntweren emol am Oennenzopp senger Plaz (hien ass am Ament an der Vakanz): D'Foto steet ënner fräier CC-by-sa Lizenz, dat heescht ë.a., datt se viru vervillfältgt ka ginn, ënner der Konditioun, datt Auteur, Source a Lizenz genannt ginn, an d'Lizenz weiderhi fräi bleiwe muss (d.h. z.B. Dir an ärer Publikatioun net op eemol en Usproch op Copyright op d'Foto erhiewe kënnt). Méi Geneeës hei: http://creativecommons.org/licenses/by-sa/3.0/lu/. Wann op ärem Stadplang deemno bei der Foto klengedréckt steet: "Foto:Oennenzopp/Wikipedia/Lizenz:CC-by-sa", ass alles an der Rei.
Loosst eis bei Geleeënheet wëssen, wann e bis eraus ass, wéi en heescht a wou en ze kréien ass. --Zinneke 13:40, 2. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]
Mengt de Fränz net éischter Esch_Panorama.jpg? Déi Foto steet net ënnert CC mee ënnert "by", also giff et duergoe fir "Foto:Oennenzopp" derbäizeschreiwen. --Otets 14:51, 2. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]

Merci vir dei schnell Entferten. Ech mengen dei follgend Foto: http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/8/82/Panorama_of_Esch-sur-Alzette,_Luxembourg.jpg

Effektiv, ech war ze séier. Deemno: Auteur ("Foto:Oennenzopp") uginn bei der Reproduktioun; Quell (Wikipedia) ass optional, mee gär gesinn. --Zinneke 21:33, 2. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]