Benotzer Diskussioun:Otets/Archiv 2

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Jhemp gespoilt oder léiwer net?[Quelltext änneren]

Eng prinzipiell Fro. Solle mer hei oder solle hei net 1. Verroden ob et de Biobäcker war oder de Pekinees 2. D'Spoiler-Schëld opstellen. (Bei engem Superjhemp gouf, bei deem aneren net). --Cornischong 00:58, 11 Abr 2005 (UTC)

Ech sinn en zimmleche Filmgeck an ech hale vu Spoilereie guer näischt. Ech fannen et zuguer eng schlëmm Saach, do kuckt een e Film, liest een e Buch an dann zielt en dem Vollek, dat virum Kino steet, oder dat nach net dozou koum fir dat Buch ze liesen, wéi en (et) ausgeet. D'Filmer gesäit een och net ëmmer wann se nei erauskommen, eenzelner eréischt no Joren. Awer dat schléisst net aus, dem Lieser ze soen "ëm wat et geet". Grouss Filmkritiker, wéi de Roger Ebert, bréngen et fäerdeg de Lieser virwëtzeg ze maachen, de Lieser ze këddelen, dem Lieser en Ustouss ze ginn. Et ass méiglech, vill iwwer e Buch ze schreiwen, awer dem potenzielle Lieser d'Freed net ze verdierwen. Den aarme méigleche Lieser entscheed jo mat Hëllef vun der Kritik, dem Resumé, dem Kommentar ob dat Konschtwierk fir hien interessant ass. An der däitscher (lo kommen ech erëm mat menger Leier) gëtt et en Artikel (an elo kommen ech mat engem extreme Beispill) "Die Terroristen" iwwer dem Per Wahlöö säi Buch. Do gefällt sech en Idiot doranner, fir (an dat ass Alles, wat am Artikel steet!!) déi ganz Handlung z'erzielen. A wéi ech e gefrot hunn wat dat soll, huet e mer g'äntwert, wat hien dann nach sollt dodra schreiwen. Mär hu jo dem Josy Braun säi "Bommenteppech" och beschriwwen, ouni de Schluss ze verdirwen. Also laang Getotz, kuerz: Mer sollten e Buch oder Comic virstellen, uerdentlech e Begrëff ginn (däi Superjehmp ass jo tiptop), mee nach e puer Lächer an de Schluss ophalen. --Cornischong 10:45, 11 Abr 2005 (UTC)

Wann ech mech dëser Deeg e bësse méi roueg halen, dann ass et wéinst e puer Gesondheetstéitschen. Ech behalen Alles am A. De Bréckenzerstéierer hat mer gefal; wann een esouvill weess, da kann een d'Tënt net méi halen. --Cornischong 22:20, 11 Abr 2005 (UTC)

Kraaftmënschen[Quelltext änneren]

War et mer, wéi wa meng Fro - "Wann dat eng Serie iwwer Kraaftmënsche sollt ginn, da w.e.g. net den Hercule Hettinger vergiessen... Otets 00:31, 29 Mäe 2005 (UTC)

Da kropen ech mech alt hei bäi. Wien ass dat dann?? Ech hunn nach ni eppes vun em gelies, hm. --Cornischong 00:43, 29 Mäe 2005 (UTC)" nach am Tirang wier? --Cornischong 03:54, 15 Abr 2005 (UTC)

Dee war vu Rëmeleng oder op d'mannst do aus der Géigend. Leider ass en effektiv zimmlech vergiess, an och um Internet fannen ech näicht iwwert en. Wéini e gelieft huet weess ech och elo net aus dem Stand, mee e muss op alle Fall eng gutt Zäitche virum Krich schonn dout gewiecht sinn, well den Eeleren ass den Numm zwar nach geleefeg, mee Detailer weess do och keen. Enfin, den Owend kucken ech emol, op bäi der 100 Joer Feier vun der Stad Rëmeleng näicht iwwert e riets gaangen ass.
Wa mer schonns bäi Rëmelenger Leit sinn, déi kee méi kennt: weess du, wou een eppes iwwert de Bix ka fannen, dee mam Fliger? --Otets ♣ 14:42, 15 Abr 2005 (UTC)

De Bix mam Fliger: Ech hunn nach ni Eppes vun deem héieren. --Cornischong 15:45, 15 Abr 2005 (UTC)

Voilà, firwat honnert Joer Stad Rëmeleng dach gutt kënne sinn: "De Bix war en Amateurkonstrukteur, dee vun der Aeronautik enthousiasméiert war. Seng vill Startversich vum Hutbierg aus bleiwen a gudder Erënnerung" (iwwersat aus dem fr.). Sollt ee mat deem wéinegen do schonn eng Skizz opmaa'n? A wou kéint ee méi iwwert de Bix gewuer ginn? --Otets ♣ 18:44, 15 Abr 2005 (UTC)

Jurij Luschkow[Quelltext änneren]

Salut. Kuck der emol dat Heiten un ( http://www.spiegel.de/sport/sonst/0,1518,351812,00.html ). Fuschnei. --Cornischong 09:05, 18 Abr 2005 (UTC)

[Quelltext änneren]

De Logo um Site ass richteg, mee ass dee Feeler elo nëmmen an der Meta oder wéi. Wat geet dat mär op den Déngen. Deeen ouni ä war preparéiert ginn, duerno gouf e g^ännert an hei agestallt. Wouhir deen ale Blödsinn lo rëm opdaucht, wees ech och net. D'Pingu Kannercrèche ass anscheinend nees op. Vum Niveau kënne mer eis jo iwwerzeegen. D'Statistiken liesen sech gutt .... De Muere war ech net do, ech war mam Knipsomat op enger interesanter Plaz. Gutt datt s du nach als Admin do bass. --Cornischong 12:23, 18 Abr 2005 (UTC)

Man kucke Special:Log/rights :-)

--Briséisβρισεισ 06:54, 20 Abr 2005 (UTC)

Ee Numm fir Villes[Quelltext änneren]

Salut. Zum Thema Clairefontaine: Do gëtt (oder gouf) et e klengt belscht Duerf hanner Äischen / eng Zisterzienserinnenabtei, vun deeër d'Ruine grad am Gaang sinn ausgegruewen ze ginn / D'Mariekapell zu Clairefontaine an deeër d'Iwwerreschte vun der Ermesinde leien / Source Clairefontaine, eng viirecht Limonadsfabrik (ëmmer nach am selwechten Duerf) / Déi fréier "École Apostolique" vun den Häerz Jesu-Pateren, déi haut fir allerhand Saache gebraucht gëtt / an da gëtt et nach am Frankräich Villerelee Saachen mat deem Numm. Bis elo geet nach alles mat der "Weich". Meng Fro ass awer eng aner: Solle mer (an elo geet et nëmmen ëm d'Kapell mat der Abtei) déi zwou Saachen opdeelen oder wéi? An, an dat ass déi eigentlech Fro: Wéi nenne mer deen Artikel?? "Clairefontaine (Mariekapell an Abtei)" oder pake mer Alles, wat mat deeër Uertschaft ze dinn huet an ee Sak? Oder net? Oder dach?

For the first question, you are essentially alone, but if you think you really need help, please contact Tim Starling. He is active on the tech mailing list, on irc a lot. Or write to him on the english page. He could help you here.

For the second point, no, it is not really possible. I do not think a developer will help you on that

For the third, I asked C. his opinion, but basically, you should just present yourself as candidate here, and when the regulars here agree, just drop me a word and I'll do it.

Ba(a)debu(e)rg[Quelltext änneren]

Tja, dat ass e Problem, dee (fir mech ) nach net geléist ass. Ech hat der "Areler Land a Sprooch" mol e puer Maile gemaach, mee keng Äntwert kritt. Ech bleiwen dann (provisoresch emol) bei Cl. --Cornischong 13:56, 20 Abr 2005 (UTC)

Odyssee - ganz komesch Saachen[Quelltext änneren]

Kanns de mol kucke bei dem Historique vum "Odyssee". Dee geet vum 7.1.2005 4:32 op (also als näschsten) 6.1. 2005 4:19 na duerno feelt dee gréissten Deel vum Artikel. --Cornischong 17:38, 20 Abr 2005 (UTC)

Solle net besser den Artikel "Tinnitus-Acouphènes-Luxembourg a.s.b.l" läschen, deenen ass jo anscheinend nëmmen ëm d'Kontosnummer gaang. Ech krut der Däiwel versprach fir en Tinnitus-Artikel mee 't ass ni eppes komm. --Cornischong 18:03, 20 Abr 2005 (UTC)

Salut. Majo merci dats du mäin Text verbessert hues. Hat lo och scho mam Cornischong geschriwwen, an hat huet mär schon e puer Tippe gin. Ech hun mär och lo mol déi lëtzebuergesch Regëlen ërangezun, an ech maache mäi Bescht. Ech hoffen ët ass net zevill falsch. Muss mech eben just lo un déi Regëlen gewinnen. Hun mär se och rausgeschriwwen.

Just nach eng Fro: wéi ass ët bei de Verben? Ass ët do mat n oder ouni? --Bassist 09:08, 21 Abr 2005 (UTC)

Quokeleges[Quelltext änneren]

Wéi solle mer schwaarz US-Amerikaner nennen? Afro-Amerikaner? Schwaarz Amerikaner? Ech humer dat schonns eng Zäitchen duerch de Kapp goe gelooss, mee ech kommen op kee gringen Aascht. A wéi ass et mat de *Kreolen"? --Cornischong 19:04, 21 Abr 2005 (UTC)

D'Geess leeft op der Rees am Krees a frësst Weess[Quelltext änneren]

"So, firwat ass et eigentlech "Rees" a "Krees", mee "Geess" a "weess"?" - - Lo kriss de mol meng "Theorie": Wann een déi aner Wierder aus der Famill kuckt, da kritt et e Sënn "reesen"; "kreesen",; "wëssen" an de Plural "Geessen". ok? --Cornischong 00:16, 22 Abr 2005 (UTC)

Kompromëss[Quelltext änneren]

Ech hu ganz grouss Problemer, Kompromësser anzegoen mat Leit, déi eis laang genuch "déck emmerdéiert" hunn. Et kann net duergoen, datt een mat Idiotien ophält, an dowéinst och nach eng Belounung erwaart. Dat as eng Zort Erpressung, wou echnet wëll matspillen. Wann ee mär e puer Stonnen Emmerdement offeréiert, dann ass et villäicht un deem e Schrack ze maachen, awer sécher net un Deem, dee mat Infanitlismen e puer Stonnen Zäit geklaut krut. Ech wëll op kee Fall lästeg Emmerdeuren och nach falsch konditionnéieren. Verarsche loossen, läit mär guer net!!! --Cornischong 10:27, 22 Abr 2005 (UTC)

Tinnitus Vereenegung[Quelltext änneren]

Ech krut virun iwwer dräi Méint e puer Mol (!!!) en Artikel iwwer "Tinnitus" versprach. An deem Fall schreiwe mer selwer a mer läschen d'Propaganda. --Cornischong 10:34, 22 Abr 2005 (UTC)

Halli. Et wier ganz flott wanns de (dovu kennen ech jo näischt) mol kéins d'Schabloun zu der Uertschaft "Le Locle" opbauen. (aus der de) Ech kommen da mat der gebotzter Foto no. --Cornischong 22:02, 24 Abr 2005 (UTC)

All Respekt[Quelltext änneren]

Halli. All Respekt fir däi "Familljeschema". An enger Zäit, an deeër déi Meescht net méi wësse wat eng Schnauer ass. --Cornischong 01:37, 27 Abr 2005 (UTC)

An nach e Merci![Quelltext änneren]

Ech wärt den Tag encours elo bei main Artikel setzen. Et wärt nach eng Zaitchen daueren bis dee ganz färdeg as an et as och kee Problem wann aaner Leit hieren Pefferkär dobailéen soubal eng Basis do as. Ech wier och frou iwwer weider gudd Rotschléi well ech nach zimmlech nei hei sin an amgaang sin alles ze entdecken. --Guinevere 10:07, 27 Abr 2005 (UTC)

now i see you now i don't[Quelltext änneren]

--Zinneke 21:33, 27 Abr 2005 (UTC)ech hat einfach d'pipe ("|") ewechgelooss an duerch en espace esat...

schéinen owend,

Fir d'éischt emol merci fir d'Verbesserungen a méngem Artikel! Et as wierklech nët esou einfach wann een nët méi kann lëtzebuergesch schreiwen wéi ee wëllt ;-)Ech mengen ech printen mer déi Regelen eraus an hänken se grouss un d'Mauer. Matt der Kategorie sin ech allerdéngs nët ganz zefridden. Ech mengen nët dass een Heavy Metal als Kategorie sollt huelen a Metal do dran setzen. Den Ausdrock Heavy Metal gët haut nët méi vill gebraucht an as amfong duerch de Sammelbegrëff Metal méi oder wéineger ersat gin. Heavy Metal huet an den Ufangszaiten vun där Muséksrichtung all déi Gruppen, ewéi Van Halen, Judas Priest, Black Sabbath, Iron Maiden asw. zesummengefaasst. Mee haut, wou esouvill nei Stiler dobäi komm sin, passt Heavy Metal einfach nët méi als Sammelbegrëff. Gothic Metal oder Progressive Metal kann een zum Beispill einfach nët méi als Heavy Metal bezeechnen, wëll et nët méi vill matt dëser Muséksrichtung ze din huet. Vill Wieder fir eppes ze soën. Et wier gudd wann d'Katégorie kéint a "Metal" emgeschriwwen gin. Eventuell kéint Heavy Metal als Artikel an där Katégorie bestoën bleiwen. An zou deenen Kategorien wollt ech dann och nach froën, wéi fonktionnéiert dat? Kann jiddfereen nei Katégorien opmaachen? Wa jo, wéi a wou? Merci am viraus! --Guinevere 08:12, 29 Abr 2005 (UTC)

ë E Tréma[Quelltext änneren]

An der Méizuel kréien déi lëtzebuergesch Wierder keen ë. Ausser wann deen <e> d'Méizuel vun engem Äifler Regel-Wuert ass:

  • eng Copie
  • zwou Copien do
  • zwou Copië sinn
Eben:
  • eng Kategorie
  • zwou Kategorien do
  • zwou Kategorië sinn
Oder? --Otets ♣ 18:04, 6 Mee 2005 (UTC)
Hmmmm
Do débatéieren ech déi ganzen Zäit ob da 'meng' Regel nëmme fir franséisch Wierder ass. Well Katégorie ass jo däitsch. Däitschméisseg opjiddefals. Catégorie, awer, ass franséisch an dann ass et bei 'denger' Regel gutt. Mécht dat Sënn? Oder sinn ech do zevill pingeleg? Naja, ech wëll och do net zevill pupeg sinn. Vläicht sinn ech och am Onrecht. De Problem ass, dass d'Regel, déi deen Tréma-trüxi erklärt, richteg gutt franséisch Wierder benotzt (employé) a bei Wierder wéi Katégorie a Catégorie dat sou bessi louche ass... Kniwweleg...
All déi "offiziell" Beispiller sinn effektiv op Franséisch. Dofir hunn ech bäim Wuert "Kategorie" och e wéineg gezéckt. Et ass awer elo esou, datt een och bäi deem "däitschméissege" Wuert de Problem huet, wann ee wéinst der Eifeler Reegel den "n" hannen ewechloosse muss. Dofir hunn ech ganz pragmatesch d'Wuert "Kategorie" wéi e franséischt behandelt, awer agebiergert ouni Accent geschriwwen. --Otets ♣ 18:28, 6 Mee 2005 (UTC)

Eifler Regel[Quelltext änneren]

W.e.g. net /.../ an "..." oder '...' änneren! Dës Klammeren hu linguistesch Bedeitungen, merci:

  • /phonologesch/
  • [phoneetesch]
  • <graphemesch>

Kanns du déi linguistesch Bedeitunge w.e.g. iergendwou an engem Artikel (op deen am Eifeler Reegel Artikel higelinkt gëtt) erklären, well net-Linguiste riskéiert sech nämlech de Sënn dovunner ze verschléissen? --Otets ♣ 18:26, 6 Mee 2005 (UTC)

OK, dat ass eng gutt Iddi, ech kucke wat ee maache kann...

Jo, ech gesinn och nëmmen déi "vertikal". Dee Galerie-System ass scho genial.--Cornischong 00:29, 9 Mee 2005 (UTC)

Neen, ech gesinn déi horizontal nach ëmmer net. Net um PC an net um Laptop. An ech verstinn och guer net, wat eigentlech do "ofgeet". Et ass villäicht och net terrible "motivant", wann hei e Saystem soll agefouert ginn, wat néierens erklärt gëtt an dobäi net funktionéiert. Ech hu mech gëschter iwwer eng Stonn mat de Berlin-Fotoen "amuséiert", datt déi mol ze gesi sinn! An haut ass en Deel erëm "ab". Hänkt et net um Vollmount?

Den Johnny Chicago gesäit op sengem PC alles esou wéi ech et och gesinn. Dat heescht op denger an op dem Alexandra senger Säit gesi mär keng horizontal Fotoen! Wéi s de gesinn hues, hunn ech op meng Säit zwou horizontal Fotoen higesat, déi ech alleguer "ëmmer" gesinn.

Iwwerschreift et oder net?[Quelltext änneren]

Ier ech nach Gewurschtels bastelen: Ech hunn de rouden Tëppel erausgeholl, an d'Foto ënner deem Selwechte Numm eropgeluden. Gëtt déi "al" iwwerschriwwen oder net? Ech erënnere mech, datt d'Biller missten iwwerschriwwe ginn, mee .... --Cornischong 10:52, 10 Mee 2005 (UTC)

Esouwäit wéi ech déi Saach verstinn, iwwerschreift eng nei Foto déi al net, mee et ass awer esou, datt just déi nei nach ugewise gëtt. Bäim Satellitebild ass et awer anescht, dat läit jo guer net hei, mee ob de Commons, an do kann ee keng Foto ënnert deemselweschten Numm eroplueden. --Uditex 13:02, 10 Mee 2005 (UTC)

Do loosse mer alt och hei derbäischreiwen. Den Uditex huet do effektiv Recht. Well s du, Cornischong, versicht huest fir eng Foto mam selweschten Numm wéi d'Commons-Foto eropzelueden schéngt dat ganz näicht ginn ze sinn. --Otets ♣ 14:28, 10 Mee 2005 (UTC)

Literaturgetässels[Quelltext änneren]

Moien. Fir et net zevill ze stéckelen, hat ech mäi Pefferkär op dem Alexandra senger Säit placéiert. Kuck der dat emol un. Ech si frou, datt mer dat emol am Grëff hun, well dat en Thema ass, dat gären eppes Onkloeres u sech huet. --Cornischong 09:17, 14 Mee 2005 (UTC)

Am Prinzip sinn ech jo dénger Meenung, wann Auteur en Iwwerbegrëff ass... Géigendeel vu Belletristik ....asw.... Ech hat just geduecht fir et méi iwwersichtlech an méi einfach ze haalen wier dat vlaicht méi einfach. Wa mir da giffen Auteur als Iwwerbegrëff haalen an dann Schrëftsteller wéi och di aner drënner klasséieren. Demno waatfireen Auteur gëtt et eben preziséiert, wéi beim Dréibuchauteur. Wann dann elo ee Kachbicher schreift wéi giffs du deen dann kategoriséieren? Auteur vu Kachbicher ???? --Alexandra 11:41, 14 Mee 2005 (UTC)

Zinnen-Foto[Quelltext änneren]

Wa meng Zinnen-Graf-Foto elo erausgehäit gëtt, (an ech schreiwen hei net iwwer d'Foto vum Voigt Graf) well deng eropgelude gouf, dann huelen ech meng alleguer gären eraus. Se sollen net hei hënneren, wann nach villäicht deen Een oder deen Aneren seng wëll eropluden. Ech hat eigentlech net domatter gerechent, datt Fotoe vu mär hei géifen hënneren. Entschëllegt, ech wäert mer dat zu Häerzen huelen. --Cornischong 18:11, 16 Mee 2005 (UTC)

Den 12. Mee um 00.54 setzen ech an den „Jean-Antoine Zinnen“ Artikel eng Foto mam Graf vum Zinnen um Niklokierfecht.
Méinges, de 16. Mee lued den Otets seng Foto „Image:Zinnen (Graf)“ erop, a freet am „Image talk:Zinnen Graf.jpg“: Ech hu mäi Bild "Zinnen_(Graf).jpg" elo eropgelueden. Kann däint elo geläscht ginn? --Otets ♣ 16:38, 16 Mee 2005
Ech war nawell verwonnert, an ech ka mech net erënneren, datt an der däitscher Wikipedia, wou an engem Joer allerhand lass war, jeemols een engem Anere seng Foto erausgehäit huet, just fir seng dranzesetzen (mat deemselwechte Sujet).
Ech fannen dat e „staarkt Stéck“, an ech si mat deene Methoden net d’accord, an ech hätt gären e Kommentar zu deeër Manéier.
Fir datt dëst Thema net auserneegeschriwwe gëtt, hunn ech et och op d’Diskussiounssäit vum Stamminet gesat; kënnt der weg do äntweren. Merci.--Cornischong 23:02, 16 Mee 2005 (UTC)

Ech brauch Hëllef[Quelltext änneren]

Salut

An der Kategorie Film maachen ech gären e puer Souskategorien op. Wéi maachen ech dat, du bass meng lescht Rettung. Johnny Chicago 22:04, 21 Mee 2005 (UTC)

Ech krut vum Här Massard, dem Proprietär, frëndlecherweis e Päckelche Fotoen a Material fir den Artikel (!!!). Dofir: Kann ech deng Foto vum Kino (baussen, déi net vill ausseet, well ee näischt vum Kino gesäit) no ënne réckelen, well ech déi "nei" wëll an d'Vitrin setzen.

Uertschaft mat R[Quelltext änneren]

Gär geschitt! D'Waasser vun der Atert wir vläit e bësse knapps gewiescht, fir dee ganze Buttik ze killen ;-)
--Zinneke 14:51, 24 Mee 2005 (UTC)

Rout Rommel[Quelltext änneren]

Jo, dat ass eng Rout Rommel :-) --Alexandra 13:54, 27 Mee 2005 (UTC)

Interwiki bot[Quelltext änneren]

Hello Otets! I'm sorry to say but Bgbot is currently inactive. However there is another interwiki bot with growing community. It's written in Python and is used on many wikis by many people. Probably you can ask one of them to help you. Take a look at m:Category:Pywikipedia. Regards, --Borislav, bg 08:13, 29 Mee 2005 (UTC)

Den Tok pisinesche Robot[Quelltext änneren]

Den Tok pisinesche Robot (http://tpi.wikipedia.org/wiki/Special:Recentchanges) ass awer och en äerdechen. Kuck der mol den Artikel "Lotu" un! --Cornischong 09:57, 31 Mee 2005 (UTC)

Matriarchalesches[Quelltext änneren]

O Mamm, o Kanner, ech hunn dat mat der Erika Annemarie mol gelies. Do bass de jo mol net méi dozou komm, e Bléck op de Fëschschwanz ze geheien :-))

Dat hat ech mol net alles gelies. Lo bas du erëm Schold, wann ech nuets net ka schlofen.  ;-))) --Otets ♣ 20:43, 1 Jun 2005 (UTC)

Ganz duuss[Quelltext änneren]

Halli. Sou, lo däerfs de ganz duuss iwwer de Kursaal-Artikel liesen. (Et ass kee Soud drann, hoffen ech). Et feelen nach e puer Fotoen, sou datt de "Leeaus" nach net definitiv ass. --Cornischong 22:59, 10 Jun 2005 (UTC)

Kanns de mer wann ech gelift kuerz erklären wéi ech eng Formel schéin geschriwwen kréien? Ech weess nämlëch net wéi d'LateX Syntax ass. Oder mer en klengen Tipp gin wou ech daat kann fannen. Merci! --DaffyDuck 04:01, 15 Jun 2005 (UTC)

A wann s de brav waars, dann ...[Quelltext änneren]

däerfs de och op der Diskussiounssäit vum Alexandra kucken, wéi dat mat den horizontale "verschwonnene Fotoen" ass. Et kënnt alles eraus!! --Cornischong 20:06, 16 Jun 2005 (UTC)

Ech sin ganz mat der averstaan datt ee muss och op der Säit erklären. Den Problem wou ech hunn ass datt heiansdo d'Mathé an den Formele fir een deen dat net studéiert, net sou ganz verständlech ass. Wann ech wëll alles tiptop erkläre wat eng Formel genau duerstellt, géif ech heiansdo méi schreiwe mussen wéi den Artikel selwer ass. Fir mech ass et kloer wat ech dohin schreiwen an ech weess guer net wéiweit ech muss goen...

--DaffyDuck 17:32, 17 Jun 2005 (UTC) sorry vergiessen emmer ze ënnerschreiwen

gebongt! mee nach eng Fro: ëch maachen meng Studien am Frankréich an hun deementspriechend leider vill (zevill!) franséisch Wierder drop. Wann ëch zevill Franséisch schreiwen, direkt verbesseren! :) Et Klengt just ganz faul heiansdo wann ëch amgaang sin Lëtzebuergesch ze schreiwen an dann do sou en verlëtzebuergescht franséicht wuert dran setzen :)--DaffyDuck 18:50, 17 Jun 2005 (UTC)

Därf ech e Bild vun der franséischer Wikipedia huelen an op meng Säit setzen? Ech hun daat mol gemaach mee wann ëch net därf, maach daat wann gelift dann ewesch. merci --DaffyDuck 05:53, 18 Jun 2005 (UTC)

Schantercher[Quelltext änneren]

Deen Artikel huet en Schanjtje-Schëld!! A wann ech een Espace loossen, da wäert dat seng Bedeitung hunn. Wann ech lo net méi roueg gelooss ginn op mengem Schantjen, dann iwwerloossen ech léiwer engem Aneren deen. Dat Ganzt breet eng gewëssen Onrou aus. Wann ech d'Gefill hunn, datt déi ganzen Zäit mär een iwwer d'Schëller kucke wëll, dann huet deen entweder näischt ze maachen, oder hie wëll dat léiwer selwer maachen. Fir sech deem an de Wee ze stellen, wier iegendwéi onmënschlech, mengt de ~--Cornischong 12:05, 23 Jun 2005 (UTC) , deen et bedauert, net méi roueg kënne un engem eegenen Artikel ze schreiwen. An de Sandkaule fënnt een ëmmer nees Kanner, déi onbedéngt an deem Eck spille wëllen, deen ee sech just erausgewielt huet, fir aleng ze spillen. Wann een déi freet, ob se hëllefe wëllen, en Tuerm ze bauen, da wëllen se natierlech net. Ganz Schoulmeeschtergenenratioune sinn esou eropgewuess.

Gediechtneslach[Quelltext änneren]

Do (http://portal.unesco.org/ci/en/ev.php-URL_ID=1678&URL_DO=DO_TOPIC&URL_SECTION=201.html) gëtt et nach déi russesch "Saachen" aus der Memory of the World; ech weess net wéi et ass, mee ech hunn dobäi un dech geduecht. Wie gëtt soss mat de russeschen Nimm eens?

Iwwer Gousselt[Quelltext änneren]

Wou soll da Gousselt sinn? Ech liesen iwwerall Gousseldeng!?? --Cornischong 17:53, 23 Jun 2005 (UTC)

all Dag 20 Artikelen[Quelltext änneren]

"Wa mer all Dag 20 nei Artikele bäikréien, .....": Ah, jo, dat erënnert mech drun, datt mer nach ëmmer keen Artikel iwwer "Pseudoligia fantastica" hunn. --Cornischong 08:19, 25 Jun 2005 (UTC)

"Du mengs wuel "Pseudologia phantastica". " Zënter 1891 ass vill vum Gotti sengem Waasser iwwer säi Land gelaf. Schonns eng Zäitchen gëtt dofir déi "modern" Form an déi nei Ofkierzung PF gebraucht. (http://www.extenza-eps.com/extenza/loadHTML?objectIDValue=19932&type=abstract). --Cornischong 15:22, 25 Jun 2005 (UTC)

"d'Eurovision"[Quelltext änneren]

Moien,

ech hat gemengt, déi Versioun mam "d'" zevill wier en Tippfeeler gewiescht, dofir hat ech se (wéi och aner Tippfeeler-Redirect-"Läichen") ewechgemaach.

Wann s du mer seess, et géife Leit, déi esou soen, (ech hunn dat nach ni héieren), da sëtzen ech e gär neess dohinner - fir s'op de richtege Wee ze féieren.

Ciao,Zinneke.

I have adapted the bot now; it will be alphabetic on name now in lb: - Andre Engels 6 Juli 2005 06:59 (UTC)

JPEG, jpeg, JPG, jpg.[Quelltext änneren]

Hei ass dat, wat eis "Kollegen" aus der däitscher schreiwen: "Fotografien bitte im JPEG-Format mit der Dateiendung .jpg hochladen (ggf. konvertieren). Um Bild-Artefakte zu vermeiden, sollte als Qualitätsfaktor mindestens 90% gewählt werden, und höchstens 98%, um die Dateigröße zu begrenzen. Fotos im GIF-Format sind, anders als Strichzeichnungen (s.u.), in aller Regel unbrauchbar, da sie nur 256 Farben haben. Bei JPEG-Bildern ist eine Verringerung der Dateigröße nur unter Qualitätsverlust möglich und sollte daher nicht geschehen.

Dat liest sech lëschteg: Dat Dateiformat heesch nun emol "JPEG". A wann déi (net vun eis!!) gären hätten datt se solle mat 90% geluede ginn, da kréien se haut eventuell Biller vun 6 bis 7 Megabyte; da fueren d'Serveren aus dem Kalzong.

A wat liesen ech bei eis Wikipedia:Biller: "Photoen sollten d'JPEG-Format hun" !!! A wéi dann dat? Dat nëmme niewebäi. --Cornischong 6 Juli 2005 17:44 (UTC)

Adélaïde-Marie-Marie-Adélaïde[Quelltext änneren]

Do misst "ee" kucken, wéi een déi soll nennen :-) --Cornischong 9 Juli 2005 00:35 (UTC)

Fir net falsch verstanen ze ginn: bei deeër enger hu mer "vu Lëtzebuerg" a bei deeër anerer "Grande-Duchesse ...." --Cornischong 9 Juli 2005 00:39 (UTC)

Ausser dem Virnumm muss jo nach soss en Ënnerscheed sinn tëscht deer enger an deer anerer Zort Groussherzogin. Natierlech net onbedingt deen doten... --Otets ♣ 9 Juli 2005 00:42 (UTC)

Ah ok, krut dat logescherweis nach net mat, well ech mech net duerch 10.000 Rezent Aennerunge gekämpft hunn :)

Soss eppes wat ech misst wëssen?

--Briséisβρισεισ 14:48, 11 Juli 2005 (UTC)

Hello OTETS,

Thank you a lot for your translation.

--Yabloko 18:01, 17 Juli 2005 (UTC)

soen ierch zwee mol merci fir d'Hellef ^^ probéieren lo nach eng kéier html mat wiki-codes ze kräizen, wann dat net geet, gin ech et op --JimHawk 11:24, 19 Juli 2005 (UTC)