Benotzer Diskussioun:Paddy~lbwiki
Sujet derbäisetzenDat Beispill mat dësem Net-Artikel soll wuel den Ausdrock selwer illustréieren. Nodeems gëscht hei "een" als 194. ... déi Lämmissaach opgezunn hat, geet dat Spillchen haut nees lass. Wat soll dat "Argument" mat de kriibskranke Kanner? Soll an deenen hirem Numm hei eppes eragestallt ginn, wat an de Wiktionnaire gehéiert? Leeft op de Ministären eng Wett? --Cornischong 09:01, 25 August 2006 (UTC)
Gescht ass dat Argument opkomm dat keng Werbung dierft gemaach gi mat desem Plueschdéier. Ech fannen et schued an e bessen traureg och dat dess Saach esou schlecht opgeholl gett. Och fannen ech et schued dass (obwuel ech dech als Administrateur respektéieren) de sou défensif réagéiert. Firwaat hu mer eng fräi Presse oder en Internet wanns du dech wéi een Diktator druhaells de Leit hiert Recht ze verbidden sech fräi auszedrecken. Et ass traureg. An ech waerd mech elo aus dengem Jhikkeclub ausdroen.
P.S. An, nee, dat huet näischt mat enger Wett op iergent engem Ministère ze din.
Schreif léiwer e Lieserbréif an déi "fräi Presse"
[Quelltext änneren]Vun der Säit Wikipedia:Wat Wikipedia net ass:
"Wikipedia ass keen Dictionnaire. Et ass net d'Aufgab vun enger Enzyklopädie gängeg lëtzebuergesch Wierder ze erklären, sou wéi en Dictionnaire dat mécht. Friemwierder a besonnsch lëtzebuergesch Wierder kënnen natierlech esou behandelt ginn, wéi dat och a gedréckten Enzyklopedien üblech ass. E Wierderbuchprojet fir all lëtzebuergesch Wierder ass den Duechterprojet Wiktionary."
Begräifst d'et net oder spillst de gär den Hysteriker?
P.S. An:Et gëtt net "Jhikkeclub" geschriwwen, mee Jickeclub. --Cornischong 13:24, 25 August 2006 (UTC)
Äre Benotzerkont gëtt ëmbenannt
[Quelltext änneren]Bonjour,
D'Entwécklungséquippe vun der Wikimedia Foundation mécht e puer Ännerungen, déi d'Funktionéiere vu Benotzerkonten uginn. Dëst geschitt als Deel vun eise kontinuéierliche Beméiungen, fir eise Benotzer nei a besser Funktiounen (wéie Notifikatiounen vun enger Wiki op eng Aner) zur Verfügung ze stellen. Dës Ännerungen hunn als Konsequenz, datt d'Benotzer iwwerall deeselwechte Benotzernumm hunn. Doduerch kënne mir Iech nei Funktiounen zur Verfügung stellen, déi d'Méiglechkeete beim Änneren a bäi Diskussioune verbesseren. Et ginn och méi flexibel Benotzerrechter fir Tools zur Verfügung gestallt. Eng Bedingung dofir ass, datt Benotzerkonten elo eendeiteg iwwer all 900 Wikimedia-Wikien zougedeelt musse sinn. Méi Informatioune fannt Dir op dëser Säit.
Leider huet Äre Benotzerkont eng Nummkollisioun mat engem anere Benotzerkont mam Numm Paddy. Fir sécherzestellen, datt weiderhin déi zwee Benotzer op de Wikimedia-Projete schaffe kënnen, gëtt Ären Numm op Paddy~lbwiki ëmbenannt. Äre Benotzerkont wäert am April 2015 zesumme mat anere Benotzerkonten ëmbenannt ginn.
Äre Benotzerkont wäert weiderhi wéi gewinnt funktionéieren an Dir gitt als Auteur vun allen Ännerungen déi Dir bis elo gemaach hutt genannt ginn, awer Dir musst beim Aloggen deen neie Benotzernumm benotze mussen. Wann Iech Ären neie Benotzernumm net gefält, kënnt Dir mat dësem Formulaire ufroe fir nach emol ëmbenannt ze ginn.
Entschëllegt w.e.g. d'Ëmstänn déi dëst Iech mécht.
Yours,
Keegan Peterzell
Community Liaison, Wikimedia Foundation
03:14, 18. Mäe. 2015 (UTC)
Ëmbenannt
[Quelltext änneren]Dëse Benotzerkont gouf ëmbenannt am Kader vun der Annonce vun der Finalisatioun vum 'Single User Login'. Wann Iech dëse Benotzerkont gehéiert da kënnt dir Iech alogge mat Ärem virege Benotzernumm a Passwuert fir méi Informatiounen. Wann Dir dësen Numm vum Benotzerkont net wëllt da kënnt Dir, nodeem Dir Iech ageloggt hutt, dëse Formulaire benotzen Spezial:Global Ufro fir Benotzer ëmzebenennen fir en anere Benotzernumm unzefroen. -- Keegan (WMF) (talk)
09:24, 19. Abr. 2015 (UTC)