Benotzer Diskussioun:RAmmi
Sujet derbäisetzen--Zinneke 20:31, 8 November 2005 (UTC)
PS: Kuckt Der och onbedingt d'Regelen un, wat d'Eropluede vu Biller betrëfft.
Iwwer Fotoen
[Quelltext änneren]Gudden Owend. E puer Wuert zu de Fotoen: Wann eng Foto op d'Wikipedia eropgeluede gëtt, muss se déi Konditiounen erfëllen, déi bei "Eroplueden" stinn. A bei all Foto muss d'Source ugi ginn! Mat der Zéissenger Kierch ass de Problem, datt déi vun der Websäit "cathol.lu" staamt. Déi hunn allerdéngs e (c) Copyright drop!! Ofgesinn dovun, hu mär e puer eminent Kierchefotografen an der Wiki, déi schonns eng Sammlung Kierche fotgraféiert hunn. Kuck bei Kierch Lëtzebuerg-Zéisseng. An do sinn nach vill Fotoen gemaach , awer nach net dran.
Bei der Lady Rosa of Luxembourg feelt eis nach eng Foto. Ech gesinn, du hues eng eropgelueden. Mee, wien huet se gemaach?? A bei all Foto muss d'Lizenz stoen. Kuck emol bei anere Fotoen, wéi dat leeft. Wanns de déi vun der Lady .. selwer gemaach hues, da muss de dat uginn. Soss kréie mer Problemer mat de Proprietäre vun de Rechter un deene Fotoen. Bei dëser géif et mech och interesséieren, wou a wéini se opgeholl gouf. An der Stad oder zu Izeg? --Cornischong 22:55, 8 November 2005 (UTC) Dat virdru war och de Cornischong, deen haut béi Problemer mat der Wiki huet wéinst der Vitesse (an domat sécher net eleng ass). :-))
Vitesse a Fotoen
[Quelltext änneren]Mat de luese Server hu mer haut Problemer, eis ze verstoen. Iwwer d'Foto vun der Zéissenger Kierch hat ech schonns hei uewendriwwer geschriwwen. Lo verstinn ech net richteg, firwat déi nees eropgeluede gëtt. A wéi ass et mat der Lady Rosa Foto? --Cornischong 23:16, 8 November 2005 (UTC)
Ok ech hunn et mat de Biller verstan d'Foto vun der Kierch, déi kann ee läschen. Bei dem Rosa wees ech och net wat ech gemaach hunn et ass op alle Fall 2mol eropgelueden ginn. Dei Foto hun ech selwer geholl an zwar wei se an der Staat stung den 23Mai um 17:23. -- RAmmi 23:29, 8 November 2005 (UTC)
Lady Foto
[Quelltext änneren]Moie RAmmi,
flott, dass d'eng Foto zu deem "Skandalon" vu virun e puer Joer, mat deem Lëtzebuerg sech an der internationaler Konschtszeen blaméiert huet, eropgesat hues!
Wann s d'aner interessanter hues, wouzou et keen Artikel gëtt: einfach emol e Kader vum Artikel setzen; du kriss gäer derbäi gehollef, en opzefëllen. Wann s de beim Schreiwen net wëlls "gestéiert" ginn, einfach "EnCours" (tëscht 2 Akkoladen "{{}}" setzen.
E schéine Bonjour,
--Zinneke 15:42, 9 November 2005 (UTC)