Op den Inhalt sprangen

Benotzer Diskussioun:S.ryuzaki

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Sujet derbäisetzen
Vu Wikipedia

Death Note

[Quelltext änneren]

Death Note ass en shõnen Manga deen vum Tsugumi Õba geschriwwen ginn ass an gemoolt ginn vum Takeshi Obata. Fir déi eijten kéier verëffentlecht gouf am Dezember 2003 bis mai 2006 am Magasinne Weekly Shõnen. Nodeems goufen zwielef tankõbon verëffentlecht vum Shūeisha Inc. am Mäi 2004 bis Oktober 2006. Eng animéiert Adaptatioun gouf nom groussen Erfolleg den 3ten Oktober 2006 op der Japanescher Televisioun diffuséiert, ab den 2ten Februar 2008 op der Franséischer Televisioun an ab September 2008 op der Däitscher Televisioun. Adaptéiert ginn ass Death Note och an dräi Filmer déi tëscht 2006 an 2008 a Japan erausbruecht goufen. 2015 gouf och eng Drama Adaptatioun op Nippon TV a Japan ausgestraalt an am Joer 2017 gouf een Real-life Film op Netflix verëffentlecht.


Light Yagami ass e talentéierte Héichschoulstudent deen d'Welt vu Haut kriminell, verfault a korrupt beurteelt. Säi Liewen ännert dramatesch den Dag wou hien zoufälleg e mysteriéist Notizbuch fonnt huet mam Numm “Death Note”. Seng Instruktiounen uginn datt “déi Persoun wiem säin Numm an dësem Notizbuch geschriwwe steet stierft”. Hie entscheet sech den Notizbuch ze testen an entdeckt datt seng Kraaft reell ass an begéint de fréiere Besëtzer vum “Death Note”, e Gott vum Doud mam Numm Ryûk. Dee deklaréiert datt hie säi Notizbuch fräiwëlleg erof falen gelooss huet fir Spaass ze hunn.

Den Light entscheet sech den Notizbuch ze benotze fir Krimineller z'exterminéieren an esou eng perfekt Welt ze erschafen, vun där hie Gott gëtt. Hie léiert graduell d'Kraaft vum Notizbuch a seng Reegelen ze benotzen: de Benotzer kann eng Persoun ëmbréngen nëmme wann hien säi Gesiicht, Vir- a Familljennumm kennt an deier Persoun säin Vir- a Familljennumm am Notizblock ran schreift. Hien kann och d'Ursaach an déi detailléiert Ëmstänn spezifizéieren, déi typech Ursaache ass den Häerzinfarkt.

Déi vill onerklärlech Doudesfäll vu Krimineller weltwäit zéien d'Opmierksamkeet vum Interpol an dem mysteriéise L, e besonnesch talentéierten Detektiv, deem seng Identitéit kee weess. L entscheet sech den Fall vum Serien Killer mam Spëtznumm "Kira" z'ënnersichen an ze léisen.


D'Personnagen

[Quelltext änneren]
  • Light Yagami,

Den Light ass e talentéierte Héichschoulstudent deen déi aktuell Welt korrupt a pervertéiert beurteelt an ass den Haaptcharakter vun der Geschicht. Säi Liewen ännert dramatesch den Dag wou hien zoufälleg e mysteriéist Notizbuch fonnt huet mam Numm “Death Note” deen vun engem Gott vum Doud ass. ënner dem Numm Kira entscheet hie sech et ze benotze fir all Krimineller z'exterminéieren. Säin Zil ass eng utopesch Welt fräi vu Verbriechen ze kreéieren, wou hien als Gott regéiere kann. Seng geeschteg Gesondheet a Mënschlechkeet verschlechtert sech am laf vun der Geschicht.

  • L,

Den L gëtt als de beschten Detektiv op der Welt ugesinn, awer seng Identitéit ass onbekannt. Hien ënnersicht de Kira Fall. Säin Numm ass Ryûzaki an Hideki Ryuga. Säi richtege Numm bleift onbekannt an den éischten 12 Bänn vum Manga an gëtt am 13. Band opgedeckt L Lawliet. Säin exzentrescht Verhalen passt nëmme vu senger Intelligenz an ësst ganz vill Séisses, wei Kuch.

  • Ryuk,

De Ryuk ass een Gott vum Doud deen gelangweilt an deen an der Welt vun de Gëtter vum Doud lieft. Hien ass Besëtz vun zwee „Death Note“ an huet een an der mënschlecher Welt falen gelooss fir Spaass ze hunn. Hien verfollegt den Light iwwerall well hien ass den neie Besëtzer vum „Death Note“ vum Ryuk an de Ryuk muss him bis zum Doud verfollegen. Bleift awer neutral wat d'Evenementer ugeet.

  • Misa Amane,

D'Misa ass e jonkt Meedchen dat den Kira an seng Aktiounen bewonnert. Si ass e ganz populäre Model, an Idol mat engem Kleedungsstil deen sech op „gotesch lolita“ a Punk. Si huet och een Death Note an säin Gott vum Doud heescht Rem. Hatt ass an den Light verléift a géif alles fir hie maachen. Si gëtt als den zweeten Kira ugesinn. Seng Aen huet hatt mam Rem ausgetosch fir dem Kira e Service ze maachen. Matt deenen Aen kann hatt den Numm an d'Liewenszäit gesinn vu den Mënschen.

  • Soichiro Yagami,

Papp vum Light a Policechef , hien huet e grousst Vertrauen a säi Jong an eng onlimitéiert Léift fir seng Duechter a seng Fra. Hien huet e grousst Gefill vu Gerechtegkeet an zéckt net fir sech selwer mam L ze verbannen fir géint den Kira ze kämpfen wiem hien als e geféierleche Attentat betruecht. Och wou hien an d'Spidol wéinst engem Häerzinfarkt hospitaliséiert gëtt, zéckt hien net e Camion ze huelen fir d'Verdeelung vu Kassetten ze stoppen, déi vun den zweeten Kira geschéckt gouf deen d’Misa ass an integréiert säi Jong an d'Enquêtëkommissioun mat an.

  • Near,

Near ass ee vun de Kandidaten, déi den Nofollger vum L sollen ginn. Hien ass am „Wammy's House“ opgewuess, en Orphanage reservéiert fir héichbegaabte Kanner. Hien huet vill Saachen gemeinsam mam L. Säi besonnescht Zeechen ass datt hien gär mat Kanner Spillsaachen spillt. Hien ass deen den, deelweis mat der Hëllef vum Mello, Beweiser fënnt a weist datt den Light den Kira ass. Säi richtegen Numm ass Nate River.

  • Mello,

Mello ass, wéi Near, ee vun de Kandidaten déi den Nofollger vum L soll ginn an ass och am „Wammy's House“ opgewuess. Säi besonnescht Zeechen ass datt hien ëmmer Schockela ësst. Säin Zil ass besser wéi den L an Near ze ginn an säin richtegen Numm ass Mihael Keehl.

  • Rem,

De Rem ass en zimmlech intelligenten an eeschten weiblechen Gott vum Doud wou dem Misa no steet. An der Mëtt vum Manga / Anime opfert hat sech fir d’Misa. Hatt ass eng ganz roueg Persoun a weess wéi an all Situatioun reagéieren.

  • Mikami Teru,

De Mikami Teru gëtt als de véierte Kira ugesinn. Hien ass en Ënnerstëtzer vu Kira an huet déi nämmlecht Visioun vun der Welt, zousätzlech, hie betruecht de Kira als e Gott, an huet säi „Kommen op d'Äerd" begréisst wéi d'Ukommen vun engem Gott fir schlecht Leit ze bestrofen.

  • Sidoh,

Hien ass e Gott vum Doud deen säin „Death Note“ verluer huet, vum Ryuk fonnt ginn ass an weider an d’Hänn vum Light Yagami weiderginn huet. Deen schlussendlech an dem Mello seng Hänn fält. Beyond Gebuertsdag lookalike a Prototyp vun der Successioun mam L,huet decidéiert eng Erausfuerderung ze starten déi net méiglech ass ze léisen. Wärend der Ënnersichung gëtt hien sech als L ënner dem Numm Rue Ryuzaki of. Hien erschéngt nëmmen am Roman „Death Note: Another Note“. Seng Enquête gëtt de Stréihepoppen Fall genannt, an deem hie 4 Leit ëmbréngt an dann selwer probéiert sech ëmzebréngen. Hien gouf agespaart a stierft un engem Häerzinfarkt.

  • Jalous,

Gott vum Doud deen déi Persoun ëmbruecht huet déi d'Misa Amane ëmbrénge wollt, an dowéinst stierft well hien fir de Liewen vun engem Mënsch ze verlängeren een aneren embruecht huet. Säin „Death Note“ gouf vum Rem fonnt an huet en dem Misa geschenkt. Kiyomi Takada Presentatrice vum NHN Kanal a Pressespriecher fir Kira am zweeten Deel vun der Serie. Si handelt als Tëschestatioun tëscht Light a Mikami fir d'Liwwerunge vu Light z'iwwerdroen. Si war dem Light seng fréier Frëndin op der Uni.


Dat Gutt a Béist

[Quelltext änneren]

E vun den Themen wou am Manga opkënnt ass dat Gutt a Béist. Light ass iwwerzeegt am Numm vu Gudden ze handelen an well de Gott vun enger idealer Welt ginn, well déi Aktuell Welt ass vun all Kriminalitéit verschmotzt. D'Method déi benotzt gouf fir dës Utopie z'erreechen ass Mordserie, an Attentater op onschëlleg Leit déi géint hien ginn. E Paradox deen och hei kann als e Wonsch interpretéiert ginn dës zwou widderspréchlech Notiounen ze relativiséieren. Den Auteur, Tsugumi Oba, ass kloer: wärend hie sech selwer verdeedegt an niéiert déi geréngsten Ideologie oder philosophesch Noriicht ze vermëttelen, präziséiert hien datt op perséinlechem Niveau, dass hien den Light als „absolutt Béis“, a füügt datt den „L net onbedéngt besser ass“. Duerno ass d'Fro vun der Korruptioun vun der mënschlecher Natur duerch d'Muecht gestallt ginn: Light, huet am Ufank am „Death Note“ nëmmen e Mëttel fir seng utopesch Welt ze bauen gesinn, lues a lues fält hien an d’Obsessioun e Gott ze ginn, un de Punkt dass en sech selwer an den dout dreift.

E aneren Thema ass och Relioun. Et gëtt och diskutéiert well Light sech selwer als de Gott vu senger neier Welt betruecht. Virun sengem Doud gesäit een dass den L d’Féiss vum Light botzt. Dem L säin "Judah" wier den Light. Net derzou ze soen vum Ryuk seng Passioun fir Äppel d‘verbueden Uebst. Am Anime selwer léist den Demegawa en Tempel gewidmet dem Kira bauen, deen eenzegen Ënnerscheed aus der Bibel ass datt hien d’Initiativ vum Demegawa eleng kennt. Am Anime weisen déi éischt Ouvertureszäiten eng Resumption vun der Skulptur La Pietà vum Michelangelo just dass Muttergottes ersat duerch de Charakter Naomi Misora a Jesus vum Raye Penber geufen. E puer Lidder bezeien sech och op d'Relioun. Den Anime fänkt mat enger Kyrie Eleison wat e Gebiet an traditionell reliéis Lidd ass. Thema vum Anime selwer baséiert op enger Sammlung vun reliéis Gedichter d'Melodie vun der Carmina Burana O Fortuna.

Den Tsugumi Ōba schreift als éischt den Dréibuch, da schéckt en un den Takeshi Obata. Déi lescht liest et a bestëmmt d'Divisioun vun de Këschte. Duerno zitt Obata sech alles wat mat de Personnagen an dem visuellen Universum bezitt. Seng Assistenten benotze schliisslech seng Instruktiounen a realiséieren d'Gebaier oder d'Dekoratiounen. Sou war d’Aart a Weis vum Schreiwen vun Death Note. D'Musek fir den Anime gouf erstallt vun den Komponisten Taniuchi Hideki an Yoshihisa Hirano. Dräi Original Soundtrack goufe verëffentlecht, dorënner déi musikalesch Themen vun den Haaptfiguren. D'Varietéit vun dëser Musek geet vu gregorianesche Lidder, e puer op Laténgesch bis Metallmelodien.

[Quelltext änneren]