Op den Inhalt sprangen

Benotzer Diskussioun:Sajomahec

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Sujet derbäisetzen
Vu Wikipedia
Moie Sajomahec,

wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dat Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun derbäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-). Déi wichtegst „Reegel“ ass: „Sief kéng!
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Stamminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaachte Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op „Sujet derbäisetzen“.

Op Ärer Benotzersäit kënnt Dir, wann Dir wëllt, e bëssen eppes iwwer Iech oder Är Aktivitéiten op der Wikipedia schreiwen (z. B. d'Sproochen, déi Dir kënnt, Är Interessensgebidder asw.). Op Ärer Startsäit fannt Dir nëtzlecht Geschier fir op der Wikipedia lasszeleeën (z. B. Ännerungsvirschléi, Hëllefssäiten, Uspriechpartner an nach méi).
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!

--Sultan Edijingo (Diskussioun) 15:22, 1. Dez. 2016 (UTC)Äntweren

Artikel geréckelt op Gewerkschaften zu Lëtzebuerg

[Quelltext änneren]

Moien,

ech hunn Ären Artikel Sozial Beweegungen zu Lëtzebuerg no 1945 op Gewerkschaften zu Lëtzebuerg geréckelt, well et net vill Sënn mécht, eng arbiträr Zäitgrenz ze setzen, an och, well Der déi Zäit virdru jo och scho kuerz behandelt hutt. Fuert deemno einfach do virun :-). Bescht Gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 11:51, 23. Dez. 2016 (UTC)Äntweren


Gudde Moien, verstitt Dir eppes net oder wëltt Dir et net verstoen.
Wann dir eppes net vertitt da frot einfach. Wann dir et net wëllt verstoen an nëmmen onnëtz Aarbecht wëllt produzéieren da Laaft Dir gefor datt mer net méi sou frëndlech bleiwen.

Fir de Fall wou der d'Diskussiounen net gelies hutt setzen ech se mol nach eng Kéier hei ënnendrënner. --81.244.214.219 12:22, 25. Dez. 2016 (UTC)Äntweren

Vireg Diskussiounen op der Diskussiounssäit vum Artikel

[Quelltext änneren]

Moien, wou sinn hei d'sozial Beweegungen déi et zu Lëtzebuerg gëtt.

Den Artikele fänkt sou un: Fir e bessert Verständnis vun de sozialen Entwécklungen .....

Wat soll da lo am Artikel behandelt ginn, d'Sozial Entwécklung oder d'sozial Bewegungen. Dat si schliislech wa se och eng Verbindung hunn, zwéi komplett verschidde Sujeten, dovun ofgesinn datt Gewerkschaften u sech nëmmen indirekt kënnen als sozial Bewegunge betruecht ginn. --Les Meloures (Diskussioun) 14:38, 22. Dez. 2016 (UTC)Äntweren

Moien,
Ech wollt och drop hiweisen, dass et en Artikel Gewerkschaften zu Lëtzebuerg gëtt, wou Saachen déi hei stinn, éischter hi gehéiere géifen. Ech proposéieren, den Inhalt, wéi en hei steet dohin ze transferéieren, well eng zäitlech Ofgrenzung vtëscht virun an no 45 an dësem Fall kee Sënn mécht.--Zinneke (Diskussioun) 11:26, 23. Dez. 2016 (UTC)Äntweren
Huet hei een eppes net verstanen, dat en nees mat der selwechter Litanei ufänkt. --Les Meloures (Diskussioun) 14:15, 24. Dez. 2016 (UTC)Äntweren
Wéi et schéngt ginn hei Schoulaufsätz publizéiert déi sech op eng bestëmmt Zäit limitéieren. Ass Lëtzebuerg sou e risegt Land datt normal sozial Evenementer och nach no Epoche mussen opdedeelt ginn ?? Dat selwecht gëllt fir den Artikel mam Urbanismus a mat der Migratioun zu Lëtzebuerg. Iwwer d'Gewerkschafte gëtt et en Artikel Gewerkschaften zu Lëtzebuerg an deemno soll alles wat hei iwwer d'Gewerkschafte gesot gëtt an deem Artikel verschafft ginn sou wéi den Zinneke dat scho virdru gesot huet an och deelweis gemaach huet. Et mécht deemno net vill Sënn nees eng Kéier domat unzefänken, amplaz sech op den eigentleche Sujet ze konzentréieren a vläicht all d'Sozialbewegungen zu Lëtzebuerg nozesichen an hei just kuerz ze beschreiwen an op en eegenen Artikel ze verweisen. Sou funktionnéiert eng Enzyklopedie nom Wikiprinzip. Dat sollte gescheit Leit am zweeten Unisjoer alt schonn erausfonnt hunn. --81.244.214.149 14:14, 24. Dez. 2016 (UTC)Äntweren

Ass et dann lo weg meiglech dass der den Text lo einfach wg stoen loost? Wei der schon gesoot hutt, ass den Text iwwer Urbanismus an Migratioun, och am Kader vun dem Uniscour entstaanen! Mir schaffen do och direkt zesummen mat engem MAtaarbeschter vun WIKImedia Benelux! An duerch eisen Username, wou den Kierzel MAHEC dransteet, misst een daat wessen...! Ech wees lo net genau waat ech soll maan! Wann den Proff den Artikel net gesäit, kreien ech keng Punkten!

An vue que dass ech och vun aaneren Sozialen beweegungen schwätzen, fannen ech et okay! (Fraenbeweegugn an anti atom kraft löscht der einfach?!)

Merci

Moien och, wéi et schéngt huet do een iergendeppes net verstanen. D'Fro ass lo wien. De Mataarbechter vu Wikimedia Benelux (wat ech staark unzweiwelen) de Professer dee vläicht eppes schlecht eriwwerbruecht huet an de Studenten net explizéiert wéi d'Wikipedia funktionnéiert, oder de Student deen net bekäppt wéi eng Wikipedia funktionnéiert. Ech mengen hei missten emol puer Saachen op eng Schinn bruecht ginn, an zwar datt Schoulaufgaben déi an deem Sënn och sécher gutt sinn, wa se dann op der Wikipedia gemaach ginn och der Redaktioun vun engem Wikipediasartikel op Lëtzebuergesch an allen Hisiichten (Sprooch, Schreifweis, Formatéierung, an abanne vun Artikelen déi et scho gëtt) sollen entstspriechen . Vläicht sollten do déi concernéiert Leit (Wikimediamataarbechter a Professer) sech eens ginn wat vun de Studente verlaangt gëtt a wéi et soll op d'Wikipedia eriwwerkommen. --Les Meloures (Diskussioun) 13:05, 25. Dez. 2016 (UTC)Äntweren