Op den Inhalt sprangen

Benotzer Diskussioun:SoenEchNet

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Sujet derbäisetzen
Vu Wikipedia
Leschte Kommentar: virun 1 Joer vum Zinneke am Sujet Foto Barbara Agostino

Foto Barbara Agostino

[Quelltext änneren]

Moien,

a merci fir Är Mataarbecht. Dir hutt eng Foto vun der Mme Agostino op Commons gelueden an hei agebonnen. Allerdéngs steet am Resumé vun der Datei: "Source:Facebook".

Op Wikimedia Commons, resp. Wikipedia, dierfen nëmme fräi Inhalter stoen. Dat heescht am Fall vu Biller, dassen se mussen eng fräi Lizenz hunn (d.h. den Auteur erlaabt ausdrécklech, dass se virubenotzt dierfe ginn). Hei hu mer e Probleem: Entweeder Dir sidd den Auteur, da musst der dat an der Beschreiwung uginn. Oder awer Dir hutt d'Foto op Facebook "fonnt", an en aneren ass de Auteur, dann dierf se hei net stoen (ausser, den Auteur géif dozou seng Erlabnis ginn; an deem Fall wier dat bescht hien/si géif se selwer eroplueden). Se wäert deemno op Commons geschwë geläscht ginn, et sief, den éischte Fall géif zoutreffen, an deem Fall Der dat onbedéngt misst uginn, wéi virdru beschriwwen.

Liest dozou wgl. och op Commons fir méi Explikatiounen c:Commons:À propos des licences.

Falls Der nach Froen hätt, kënnt Der se hei gär stellen.

Bescht Gréiss., Zinneke (Diskussioun) 12:12, 18. Okt. 2024 (UTC)Äntweren