Benotzer Diskussioun:Sultan Edijingo

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

--Zinneke 20:56, 20. Abr 2008 (UTC)


Gudde Mëtteg. Ech war hat de Mëtteg an d'Leidelenger Kierch Fotoe maachen. Iwwer d'Ariichtung weess ech bis elo guer näischt. Biller hunn ech der "genuch". Wann s de Material iwwer d'Kierch hues, da wier et ganz "flott", fir e bëssen (oder Méi) Text dran ze setzen, an da kéint dat gutt illustéiert ginn. Ech si fir all Virschlag op. --Cornischong 15:52, 21. Abr 2008 (UTC)


Moien,

Kanns de vläicht op d'Diskussiounssäit vum Schuerelserschlass emol den Originaltext setzen, sou wéi en op der Etikett steet. Les Meloures 16:36, 18. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Muttergotteslidder a Copyright[Quelltext änneren]

Moien,

ech hunn e puer vun den Texter vun de Lidder, déi s de am Artikel Muttergotteslidd erëmginn hues, missen "onsichtbar" maachen, well d'Auteuren nach keng 70 Joer dout sinn an domat de Copyright nach net erläscht ass. An Texter ënner Copyright dierfen hei nun emol keng stoen... --Zinneke 13:38, 4. Mee 2009 (UTC)[äntweren]

Ech wollt dech informéieren, ouni et un déi grouss Klack ze hänken (fir beim Thema ze bleiwen ;-) - Déi Reegel ass allgemenggëlteg, dofir muss et mengen ech net extra do stoen (et steet am 'verstoppten Text', falls an e puer Joer deen een oder aneren Text fräi gëtt, an een e recuperéiere wéilt). Z.

Ok, dat gesinn ech an. a Merci --Sultan Edijingo 14:06, 4. Mee 2009 (UTC)[äntweren]

Moien,

Ausser Diskussiounsäite vu Benotzer, iwwer déi jidderee fir seng Säit sewlwer Meeschter ass, gi keng Diskussioune geläscht, ob iwwerholl oder net. Ausnahm ass, wann den Artikel geläscht gouf. Les Meloures 06:46, 6. Mee 2009 (UTC)[äntweren]

Ok, vu mir aus - och wann et net vill Sënn mécht, well an de Versiounen ass et jo souwisou ëmmer erëm ze fannen. --Sultan Edijingo 06:58, 6. Mee 2009 (UTC)[äntweren]

Präzisiounen iwwer ägyptesch Präsidenten, déi am Mä mat de Käle spillen[Quelltext änneren]

E schéine Gudden. Wann elo déi Leit, déi den DFL hunn, deenen, déi den DLW hunn, alles "verbessere" ginn, dann hu mer nach flott Spéngelschëssereie virun eis. Ech erkläre mech: Den "Deutsch Luxemburgisches Wörterbuch" schreift fir den däitschen "aber" : "awer, mä, mee" Déi "franséisch" Editioun, déi kuerz drop erauskoum, verkeeft eis "mä, ma, awer". Datt hei all gudden Dag ee vun Ägypten schreift, ass zwar ze verstoen, huet awer schonns zu vill Méckgepéils gefouert. Gestreits iwwer d'Uertschaft "Kayl" hate mer och schonns genuch. Datt de Keeler Buergermeeschter aus der Këscht spréngt, well an der Wiki "Keel" steet, hien awer doudiwwerzeegt (!!) ass, datt et "Käl" ass, hunn ech selwer materlieft. Datt de Liette Dermann-Loutsch Dictionnaire vun enger Editioun op déi aner iwwer seng eege Féiss fält, ass idiotesch genuch. Ech hunn et opginn, hei all Dag stonnelaang (jo, jo) Schreiffeeler ze "verbesseren", well se wuessen zimmlech séier no. Déi Saach mat dem E/Äquator, deen duerch E/Äquador leeft, ass och schonns duerchdeklinéiert. Et gëtt Zäit, datt den LOD endlech op en Enn kënnt. --Cornischong 07:28, 2. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]

An dobäi schreift den LOD den Equator Äquator, mee/mä wie kuckt schonns dodran :-). --Cornischong 07:46, 2. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]

Evangelistar, Lektionar, a Konsorten[Quelltext änneren]

Moien,

eng kleng Fro zu Lektionar (am Artikel Evangeliar, deen s D'ugeluecht hues) an "Evangelistar" (wéi an Iechternacher Evangelistar. Ass dat dat selwecht? Vläit kinns De dozou och e klnegen Artikelchen... ;-)?

Besch Gréiss, --Zinneke 12:57, 27. Nov. 2009 (UTC)[äntweren]


Moien, du hues eng noriicht an denger Mail-Box

Les Meloures 09:51, 28. Jan. 2010 (UTC)[äntweren]


Gudde Moien,

Wou s de elo sou gutt mat de KaZetter amgaange bass: Mer hunn an der Lëscht eent an der Belsch zu Mechelen stoen. Soll dat net dat vu Breedonk gewiescht sinn. Fort Breendonk. Les Meloures 08:32, 1. Feb. 2010 (UTC)[äntweren]

Nee. De Fort Breendonk ass net identesch mam Sammellager Mechelen. Ech setzen Breendonk an d'Lëscht vun de Konzentratiounslager derbäi. --Sultan Edijingo 10:34, 1. Feb. 2010 (UTC)[äntweren]

Forum vum Benevolat[Quelltext änneren]

Moien,

Ech hat dat gelies, kann awer aus "perséinleche" Grënn net do matmaachem.--Fliedermaus 14:02, 1. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]

Bei mär kéim (aus berufflech-geographesche Grënn) héchstens Samschdes a Fro. Et besteet awer eng gewëss "Chance" datt ech dann net kann. Soubal ech sécher weess, mellen ech mech. --Zinneke 14:06, 3. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]

The L-word[Quelltext änneren]

Moie Sultan, Du hues warscheinlech och de Message um Staminee gesinn, datt et mat "NC"-Lizenze kriddelech gëtt, konkret, datt do iergend eng Kéier en Donnerwieder fälleg ass, wa mer net selwer eppes maachen. Du hues virun enger Zäitchen eng Partie Biller ënnert der "net fir komerziell Zwecker"-Lizenz eropgeluede gehat, wéi déi ganz Diskussioun dorëms nach zu kenge schlëssege Resultat komm war. Wann ech Der eng Propositioun maache dierf: hei sinn se all beieneen. Dat "bescht" (am Sënn vun der Wiki) wier natierlech, Du giffs se op CC-by-sa ëmlizenzéiern. Du hues Der ëmmerhin d'Méi gemaach, se ze maachen an eropzelueden, mam Zil, se aneren zougänglech ze maachen, an se erfëllen hiren Zweck, d'Wëssen iwwert eppes ze beräicheren. Mee dat ass selbstverständlech Däi perséinleche Choix. Du dierfs natierlech och verschiddenenr Meenung je no Foto sinn. A wann s De se léiwer geläscht gséichs, wéi ënner anerer Lizenz, gëlt et dat natierlech och ze respektéieren. An deem Fall setz eng "Schabloun:Läschen" drënner, da kann een dat (smat schwéierem Häerz) an engem Siess maachen. Mee wéi gesot: Ech hoffen, Du bass d'accord se ëmzeswitchen. --Zinneke 14:06, 3. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]

Merci!--Zinneke 19:54, 3. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]

äis an eis[Quelltext änneren]

Moie Sultan,

Ech gesinn du gëss der vill Méi den äis an eis ze verbesseren. A ganz ville Fäll stoung e richteg do.

Als pronom réféchi ass et op jidwerfall äis. Bsp. Gëff äis dat. Mir wäschen äis d'Féiss. (Grammaire Säit 118)

--Les Meloures 15:02, 23. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]

Moie Les Meloures, Ech si gären mat d'accord, awer da sollte mer dat och systematesch op eiser lb.Wikipedia duerchzéien. Kohärenz a Vereinfachung ass jo eent vun den Ziler vum Gesetz vun 1999. Op eis an äis gëtt jo schon higewisen ënnert "Wéi heescht dat?" an doraus schléissen ech datt déi zwou Varianten "richteg" sinn. An tatsächlech fannen ech an eiser Wiki vill méi oft eis als Reflexivpronomen wéi äis. Ech weess datt eis lb.Wiki och oft genotzt gëtt fir nozekucken, wéi een dann elo e Wuert schreift, dofir hunn ech gemengt, déi 10 äis, déi haut nach an eiser lb.Wiki waren, an en eenheetlecht eis ze verbesseren. --Sultan Edijingo 17:59, 23. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]

Remoien,

Op der Säit wéi heescht dat gëtt et jo explizéiert wéi d'Grammaire et gesäit. Da fannen ech et net gutt fir alles gläichzeschalten. Domatter ginn déi puer déi eventuell richteg sinn nach eliminéiert. --Les Meloures 18:22, 23. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]

konsakréieren vs konsekréieren[Quelltext änneren]

Moien,

Gëtt et da lo "konsakréieren" guer net? De Luxogramm (am Ament soss näischt bei Hand) schwetzt vu consacréieren (etw. verwenden, etw. zu tun (D) – consacrer (F) – to employ sth. (E) ) a vu konsekréieren (zuwenden (D) – consacrer (F)).

Dobäi seet mäi Gefill mär datt eent vun den 2 och nach "widmen" oder "sech widmen" bedeit an do och eng "helleg" Bedeitung huet. Ass d'Kierch am Rollengergronn da grad esou wéi Timberen iwwer de Blanne Jang "konsekréiert" ginn? --Jwh 16:02, 15. Jun. 2011 (UTC) (got mixed up confusion)[äntweren]

Moien,
Den DFL gëtt fir consacrer, "consacréieren" a "konsekréieren" als Iwwersetzung un. Dat just zur Schreifweis. D'Wuert selwer ka grad ewéi am Franséischen a verschiddene Bedeitunge gebraucht ginn. De Lieser muss eben am Text erausfanne watereng gemengt ass. Där Wierder, sief et Substantiver oder Verben, gëtt et jo en etlech an alle Sproochen. --Les Meloures 17:02, 15. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]

Moien och, ech duecht déi sëlleg Ännerungen wiere gemat ginn well "konsakréieren" ëppes aneres wéi "konsekréieren" géng bedeiten. Den DFL seet dann eigentlech dat nämlecht wéi de Luxogramm, sou dass et "konsakréieren" defintif net gëtt. Merci an ee friddlechen nach --Jwh 17:12, 15. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]

Moien Jwh a Les Meloures, et ass flott datt dat wat een hei sou mécht och kritesch nogekuckt gëtt. Dofir Merci. Den LOD iwwersetzt "consacrer" mat konsekréieren (=Syn. weien). Doniewent gëtt et "se consacrer à", dat mat (sech) ofginn iwwersat gëtt an den LOD nennt eng Rëtsch ënnerschiddlech Beispiller. Ech hunn de Mëtteg just d'Schreifweis verbessert, kucken awer och gären, fir méi e proppert Lëtzebuergescht, nach emol inhaltlech driwwer. --Sultan Edijingo 18:46, 15. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]
Moien, "weien", genee dat war d'Wuert wat mir net koum! Ech hat dat och net extra kritesch gelies, meng Fro hung méi mat mengem irrésistiblen Drang no "useless and pointless knowledge" zesummen --Jwh 20:13, 15. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]

tageblatt-Artikel[Quelltext änneren]

Moien, wier et méiglech, deenen, déi ze wäit ewech wunnen fir sech d'Tageblatt kënnen ze kafen, e Scan vum Artikel ze schécken (et prësséert net). Villmools merci am Viraus! --Zinneke 10:06, 16. Nov. 2011 (UTC)[äntweren]

Well d'tageblatt mech an de Robby jo mat vollem Numm nennen, hunn ech mer als Géigeleeschtung vun deem Artikel, fir dee mir zwee benevole zur Verfügung stoungen, erlaabt, en op menger Säit bei der Léierplattform [1] am Dossier "Publikationen" ze verëffentlechen. Duerch de Forum vum Benevolat ass d'Madame Trapp op mech als Kontaktpersoun fir d'lb.Wikipedia opmierksam ginn. Et ass schéi vum tageblatt, datt si an hirer Serie iwwert de Benevolat zu Lëtzebuerg och op d'lb.Wikipedianer verweisen. Hei dann, fir all déijéineg, déi sech d'tageblatt net (méi) kafe kënnen, den direkte Link op den Artikel am Pdf-Format --Sultan Edijingo 14:41, 16. Nov. 2011 (UTC)[äntweren]

Gudde Moien,

Kanns du mol eng Kéier op déi Sät luusse goen. --Les Meloures (Diskussioun) 08:56, 22. Sep. 2012 (UTC)[äntweren]

warscheinlech vs warscheinlech[Quelltext änneren]

Gudde Mëtteg,

Am LOD steet "warscheinlech" an als Variant dovun ass "warscheinlech" uginn. Déi zwee missten also richteg sinn.--Fliedermaus (Diskussioun) 15:38, 7. Feb. 2013 (UTC)[äntweren]

Dat ass richteg! Wéinst der Eenheetlechkeet awer, war et mer wichteg déi 73 Variante warscheinlech dem Schrëftbild warscheinlech unzepassen, dat dann och méi wéi 300 mol an eiser Wiki virkënnt. --Sultan Edijingo (Diskussioun) 15:50, 7. Feb. 2013 (UTC)[äntweren]

Merci un dir Sultan Edijingo fir den Artikel ;). Au fait du benotz de Spellchecker.lu gell ? :P --Soued031 (Diskussioun) 22:35, 29. Mäe. 2013 (UTC)[äntweren]

Jo, de Spellchecker am Firefox --Sultan Edijingo (Diskussioun) 15:00, 30. Mäe. 2013 (UTC)[äntweren]
Ok Merci ;). --Soued031 (Diskussioun) 17:07, 30. Mäe. 2013 (UTC)[äntweren]

Bild vum Athénée[Quelltext änneren]

Salut Sultan Edijingo,

Ech mengen de Problem mat der Lizenz huet sech grad geléist. Vu dat d'Bild jo eigentlech nëmmen an der de:wiki gebraucht gëtt, kann ech Gebrauch vun dësem maachen. Ech hunn mat engem Admin op der de:Wiki Récksprooch gehalen, an hien ass och iwwerzeegt dat dat esou kee Problem ass.

Apropos: Ech hunn meng Skizz vum Artikel am Sall vergiess, wat soll ech do nach dobäisetzen? (fänken de Mëtte mam Artikel un) --VT98Fan (Diskussioun) 12:09, 25. Abr. 2013 (UTC)[äntweren]

Mam Schutzlandprinzip hunn se jo dann an der de.Wikipedia e Wee laanscht Panoramafräiheet fonnt. Déi Biller kënnen dann awer just op der de.wikipedia gebraucht ginn a kënnen net op commons erop geluede ginn. Eis hëlleft dat awer leider näischt. --Sultan Edijingo (Diskussioun) 16:25, 25. Abr. 2013 (UTC)[äntweren]
Jo, leider. Momentan ass et awer dat wat ech brauch. Wann d'Wieder e Samschden gutt ass ginn d'Fotoe geschoss :-) --VT98Fan (Diskussioun) 16:37, 25. Abr. 2013 (UTC)[äntweren]

Bild vum Joseph Salentiny[Quelltext änneren]

Salut Sultan Edijingo,

hu mir d'Erlaabnis vum Här Salentiny fir dëst Bild op Commons (oder och just an d'de:wiki) eropzesetzen? Wier interessant fir mäin Artikel... Gréiss, --VT98Fan (Diskussioun) 15:39, 7. Mee 2013 (UTC)[äntweren]

Dëst Bild ass fräi fir op commons, ech hunn och schonn déi entspriechend Schabloun (to commons) derbäi gesat.--Sultan Edijingo (Diskussioun) 16:23, 7. Mee 2013 (UTC)[äntweren]
Ok, villmols Merci! Nach e schéinen Owend, --VT98Fan (Diskussioun) 16:33, 7. Mee 2013 (UTC)[äntweren]
Voilà, scho geschitt --VT98Fan (Diskussioun) 16:57, 7. Mee 2013 (UTC)[äntweren]

hätten an haten[Quelltext änneren]

Moien, just eng kleng Fro zu denge Prezisiounen am "Stolpersteine-Artikel: Du schreifs, dräi "hätten" der iwwerlieft. Mat deem Konjunktiv stells de implizit déi Zuel a Fro. Stëmmt se net? Hues du Quelle mat anere Chifferen? Merci, an eng Schéi Woch! --Zinneke (Diskussioun) 09:02, 4. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]

Moien Zinneke, ech hu leider just dës Quell aus dem zitéierten LW. Do steet: "Auch wenn es keine genauen Zahlen gebe, so sei davon auszugehen, dass etwa 380 Juden vor dem Zweiten Weltkrieg in Esch gelebt haben, erklärte André Hoffman, Präsident der „Frënn vum Resistenzmusée“. Während etwa zwei Drittel von ihnen flüchten konnten, wurden über 100 deportiert. Davon hätten nur drei überlebt." Deemno kann ech aus dem hätten och keen haten maachen. --Sultan Edijingo (Diskussioun) 09:24, 4. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]
Ok, merci, ech kucken emol, d'Buch vum Cerf/Finkelstein opzedreiwen, do misst et jo wuel méi genee dra stoen. --Z.

Gudden Owend,

Ech hu mir d'Méi gemaach fir de Mëtten dee klengen Artikel ze schréiwen. Natierlech wäert ech kucke fir dat nach weider auszebauen. Hei géif ech mech och iwwer weider Virschléi/Ureegunge freen. Weiderhin misst och d'Orthographie/Grammaire eng Kéier iwwerlies ginn. Außerdem sinn d'Fotoen momentan nach net immens, vläicht kéinnte mir do mam F. kucken op mir keng gutt Fotoe fannen déi dobäi passen(?).

Nach e schéinen Owend, mat béschte Gréiss, --VT98Fan (Diskussioun) 17:15, 24. Abr. 2014 (UTC)[äntweren]

Wann Dir eng Kéier Zäit hutt...[Quelltext änneren]

Moien,

Vläit kennt Dir der e puer vun hinnen hei besser a kënnt hinnen Nimm ginn. Villmools Merci! --Jwh (Diskussioun) 14:17, 25. Jan. 2016 (UTC)[äntweren]

Ok, ech kucken duerno. Eng hunn ech schonn identifizéiert: den Numm stoung drënner :)
D'Plunni! Stoark, Merci! Ech hunn dat ëmmer als Cupo... gelies. Dat ass dann awer och ee Monsterzant dee se hir do an de Grapp gedréckt hunn, oder 't ass vläit eng ofgebrachen Zaang. --Jwh (Diskussioun) 15:15, 25. Jan. 2016 (UTC)[äntweren]

Mat Hëllef vum Alex Langini konnt ech bal allen net identifizéierten Hellegen en Numm ginn. Et bleiwen elo bal just eng Rei Bëscheef ouni Attribut. En Hellegen ouni Attribut ass kengem bestëmmten Hellegen zou ze uerdnen. --Sultan Edijingo (Diskussioun) 17:59, 17. Mäe. 2016 (UTC)[äntweren]

Ah flott! Ouni Attribut ass da wuel sou eppes wéi de pluribus unum
Et war secher och net einfach fir un den Här Langini ze kommen. Merci! --Jwh (Diskussioun) 22:12, 17. Mäe. 2016 (UTC)[äntweren]

Wiki-Iessen[Quelltext änneren]

Moien,

Wéi déi meescht Anerer has Du uginn, datt dir de Samschden, 21. Mee, géif goe fir eist Wiki-Mëttegiessen am Café-Restaurant Juegdschlass (vun 12 Auer u fir den Apero, Iesse géint Véierel halwer eng/eng Auer). Den MMFE këmmert sech deemno ëm d'Reservatioun. Bis dann!

Bescht Gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 19:38, 12. Mee 2016 (UTC)[äntweren]

Jo ech sinn derbäi. Bis dann

Patréiner[Quelltext änneren]

Salut, kuck mol w.e.g bis an dës Diskussioun --Les Meloures (Diskussioun) 15:38, 6. Jun. 2016 (UTC)[äntweren]

vun der a vun dem[Quelltext änneren]

If you say: vun der Alexandra, you have to say: vun dem Wolverène Salut,

Ech verstinn do deng Logik net. Vun der gëtt bei Frae gebraucht déi een als Madame géif urieden och wann de Madame net geschriwwe gëtt a sous-entendu ass, wat bal ëmmer de Fall op der Wiki ass, well mir jo meeschtens mat kenger Famill sinn, op der Bänk zesummesouzen oder d'Kéi gehitt hunn. Bei Männer gëtt de vun dem am Prinzip ni gebraucht well do d'Kontraktioun vum benotzt gëtt. Fir de vun der gëtt et keng Kontrakioun. An dësem Fall wier d'Benotzerin de sous-entendu am Contraire zum Benotzer Fliederrmaus dee mer als weiblech urieden wat och nieft der Schinn ass. --Les Meloures (Diskussioun) 14:47, 31. Dez. 2016 (UTC)[äntweren]

Salut, du hues zum Deel recht. Ech konnt och an der Erklärung keng grouss Argumentatioun ginn. Den Artikel setze mer jo dann derbäi wa mer doduerch méi eng grouss Héiflechkeet ausdrécke wëllen, oder e gréissere Respekt ënnersträiche wëllen. Et ass net dat selwecht, ob ech z. B. vum Corinne Cahen schwätzen oder vun der Madame Minister Corinne Cahen, woubäi vun der Corinne Cahen och nawell gelunge kléngt, am Fall vun enger Ministesch souguer manner respektvoll. Ënner Wikipedianer si mer als Benotzer dach all gläich. Iergendwéi setze mer schonn zesummen an der Bänk a mer hidden zesummen eis Artikelen. --Sultan Edijingo (Diskussioun) 15:13, 31. Dez. 2016 (UTC)[äntweren]
Bei de Benotzernimm handelt et sech ëm Pseudonymen. Am Prinzip weess een net esou genau, ob et sech ëm eng weiblech oder männlech Persoun handelt. Och wann een a verschiddene Fäll weess ëm wien et sech handelt, géif ech an dësem Fall trotzdem net ufänken Differenzen ze maachen tëscht de verschiddene Benotzer. --MMFE (Diskussioun) 16:40, 31. Dez. 2016 (UTC)[äntweren]

Share your experience and feedback as a Wikimedian in this global survey[Quelltext änneren]

WMF Surveys, 18:40, 29. Mäe. 2018 (UTC)[äntweren]

Reminder: Share your feedback in this Wikimedia survey[Quelltext änneren]

WMF Surveys, 01:38, 13. Abr. 2018 (UTC)[äntweren]

Your feedback matters: Final reminder to take the global Wikimedia survey[Quelltext änneren]

WMF Surveys, 00:48, 20. Abr. 2018 (UTC)[äntweren]

Interkontinentale Coupe[Quelltext änneren]

Hallo,

Ech hunn dësen Artikel erstallt, Ech si net vu Lëtzebuerg, dir kënnt et fixéieren? Merci am Viraus wann s du mir hëllefen :-) --Football Missionary (Diskussioun) 02:43, 4. Jan. 2020 (UTC)[äntweren]

We sent you an e-mail[Quelltext änneren]

Hello Sultan Edijingo,

Really sorry for the inconvenience. This is a gentle note to request that you check your email. We sent you a message titled "The Community Insights survey is coming!". If you have questions, email surveys@wikimedia.org.

You can see my explanation here.

MediaWiki message delivery (Diskussioun) 18:52, 25. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]

sou wéi gesot[Quelltext änneren]

50° 37’ 58.14’’ N 05° 41’ 17.94’’ O

Wikiiessen 2022[Quelltext änneren]

Umeldung fir d'Wikiiessen den 29. 1. 2022 vun 11:30 un am Restaurant De Spackelter zu Leideleng.

  1. Sultan Edijingo
  2. Les Meloures
  3. DH
  4. MMFE
  5. Zinneke
  6. Jwh
  7. Robby
  8. Soued031
  9. C.B.

GilPe et det mer Leed, ech muss leider ofsoen :-(
Otets Ech kann da leider och net kommen.

  1. Ech kann not op d'Iesse kommen, sinn awer op der Generalversammlung ëm 15.00 Auer. --Cayambe (Diskussioun) 19:10, 25. Jan. 2022 (UTC)[äntweren]

Moien

Dir sot: Et ass net un der Wikipedia ze jugéieren ob den Titel vun engem Medien-Artikel eng richteg oder falsch Ausso huet.

Dat steet jo guer net zur Debatt. De Sic seet jo just datt dat d'Originalausso ass, fir datt Meenung net soll opkommen déi falsch formuléiert Ausso kéim vum engen Wikipedianer. Oder ass d'Definitioun vum Sic op der Wiki falsch. --Pierrenilles (Diskussioun) 16:58, 18. Aug. 2022 (UTC)[äntweren]

Wiki-Iessen 2024[Quelltext änneren]

Wéini? Den 2. Mäerz 2024 vun 11:45 un (Apero, Iesse bestellen um 12h30) zu Leideleng am Restaurant Spackelter.

Mat derbäi sinn:

Leit, déi net Comités-Membere vu Wikimedia Lëtzebuerg sinn, sinn och häerzlech invitéiert, um 15:00 Auer op hirer Generalversammlung zu Leideleng "An der Eech" derbäi ze sinn. Drot Iech an deem Fall mat Ärem Benotzernumm heidrënner an.

Zinneke (Diskussioun) 11:42, 16. Feb. 2024 (UTC)[äntweren]