Benotzer Diskussioun:TiMue87 W

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
Moien TiMue87 W,

wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dat Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun derbäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-). Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Staminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaachte Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!

--Robby 21:22, 4. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]

Verfollegt Chrëschtentum[Quelltext änneren]

Moien, du hues am Artikel Chrëschtentum dëst derbäi gesat: Mat iwwer 80 % an mindestens 100 Milliounen verfollegte Leit as d'Chrëschtentum déi am meeschten verfollegt Religioun. Dozou 3 Froen:

  1. 80% vu wat?
  2. Wou (a wat fir Länner) gi Chrëschte verfollegt? Wichteg wier och onbedéngt ze soen, wat fir chrëschtlech Konfessioune verfollegt ginn a vu weem?
  3. Wou hier hues du déi Zuelen? Kanns du w.e.g. deng Quellen am Artikel vermierken.

bescht Gréiss --Sultan Edijingo 14:01, 6. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]

Mojen,
  1. 80% vun denen Leit déi wéinst hirem Glawen, hirer Religioun, verfollegt gin.
  2. Et ginn all chrëschtlech Konfessiounen an denen Länner verfollegt; hei déi aktuell Lëscht mat den 50 Haaptlänner.
  3. Ech hun meng Quellen an der Artikel-Rubréck Resumé / Versioune weisen uginn.
Bescht Gréiss och zeréck, -- TiMue87 15:07, 6. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]
Wéi en anere Benotzer sinn ech der Meenung, datt den Abschnitt iwwer verfolleg Chrëschten iwwerschafft gi muss. Sou ass et net verständlech. Setz w.e.g. d'Quellen ënnert eng Iwwerschrëft "Quellen" oder Linken ënnert "Spaweck". Am Resumé fënnt keen d'Quellen erëm. Präzis Referenzen vun eenzelnen Daten solls de och vermierken. Dofir verweisen ech gären op de:Wikipedia:Referenzen
léif Wikigréiss --Sultan Edijingo 10:54, 7. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]