Moien, a Merci fir Är Kontributiounen zum Artikel Jemp Schuster.
Wéi Der gesinn hutt, gouf villes nees réckgängeg gemaach. Dat heescht net, datt et u sech falsch gewiescht wier, ma dass et esou wéi et do stoung, net dohi gepasst huet: Sief et, well et Saache widderholl huet, déi schonn uewendriwwer stinn, sief et, datt se net 'enzyklopeedesch' (d.h. fakutell) geschriwwe waren (ma z.B eege Meenung oder Interpretatiounen erëmginn hunn), oder sief et, well dat besser an en aneren Artikel passt: Bluttsëffer (Roman) gëtt et als Artikel hei; Informatiounen dozou gehéieren deementpriechend dodrann (Ech hunn do e puer Saache vun Iech akopéiert. Eng kuerz Noerzielung vun der Handlung, am Kapitel "Wourëms geet et ..." waart drop, ausgefëllt ze ginn:)
Op eng gutt Zesummenaarbecht, an zéckt net ze froen, wann eppes net kloer ass.
Bescht Gréiss,
PS:Heidrënner e puer allgemeng Informatiounen:
MoieValwer31,
wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dat Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun derbäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn. Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert;-). Déi wichtegst „Reegel“ ass: „Sief kéng!“
Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op „Sujet derbäisetzen“.
Op Ärer Benotzersäit kënnt Dir, wann Dir wëllt, e bëssen eppes iwwer Iech oder Är Aktivitéiten op der Wikipedia schreiwen (z.B. d'Sproochen, déi Dir kënnt, Är Interessensgebidder asw.). Op Ärer Startsäit fannt Dir nëtzlecht Geschier fir op der Wikipedia lasszeleeën (z.B. Ännerungsvirschléi, Hëllefssäiten, Uspriechpartner an nach méi).