Benoît Mandelbrot

Vu Wikipedia
Benoît Mandelbrot
Gebuer 20. November 1924
Warschau
Gestuerwen 14. Oktober 2010
Cambridge
Doudesursaach Bauchspäicheldrüsekriibs
Nationalitéit Polen, Frankräich, USA
Educatioun Lycée du Parc,
École polytechnique,
California Institute of Technology,
Universitéit vu Paräis
Aktivitéit Mathematiker, Ekonomist, Professer, Wëssenschaftler, Schrëftsteller, Informatiker, Ingenieur, Universitéitsprofesser
Member vun National Academy of Sciences, American Academy of Arts and Sciences, American Association for the Advancement of Science

De Benoît B. Mandelbrot, gebuer den 20. November 1924 zu Warschau, a gestuerwen de 14. Oktober 2010 zu Cambridge, Massachusetts, war e franséisch-amerikanesche Mathematiker.

De Mandelbrot kënnt aus enger jiddesch-litauescher Famill aus Polen, déi 1936 a Frankräich, an duerno an Amerika ausgewandert ass. Hie war emeritéierte Sterling Professor op der Yale University, a wëssenschaftliche Mataarbechter beim Thomas J. Watson Research Center vun der IBM an och beim Pacific Northwest National Laboratory.

Hien ass bekannt fir seng Aarbechten iwwer d'fraktal Geometrie an d'Chaosfuerschung. Seng populäerst Entdeckung ass de fraktale Mandelbrot-Ensembel.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Benoît Mandelbrot – Biller, Videoen oder Audiodateien