Op den Inhalt sprangen

Beringstrooss

Vu Wikipedia
Beringstrooss
Typ Mierengt
Geographie
Land Vereenegt Staate vun Amerika, Russland
Uwännerstaat Russland, Vereenegt Staate vun Amerika
Koordinaten 65°45'0"N, 168°58'37"W
Technesch Donnéeën
Déift 90 m
Schëffskaart vun der Beringstrooss

D'Beringstrooss ass eng schmuel Mieresstrooss, eng Mierengt, déi de US-Bundesstaat Alaska vum ëstlechen Deel vu Russland trennt. Se gouf nom Vitus Bering, engem däneschen Entdecker, dee 1728 duerch d'Beringstrooss gefuer ass, genannt.

Duerch d'Beringstrooss verleeft déi global Datumsgrenz.

D'Beringstrooss ass op der schmuelster Streck 85 – 100 km breet an duerchschnëttlech 30 – 50 m déif. Dës Waasserstrooss gouf et net ëmmer. Virun 10.000 Joer, um Enn vun der leschter Äiszäit, war dat nach eng Landbréck, iwwer déi e konnt dréchenes Fouss vun engem Kontinent op den anere goen. Dat kënnt d'Theorië bestätegen, no deenen déi éischt Awunner vun Amerika um Landwee dohi komm sinn.

 Commons: Beringstrooss – Biller, Videoen oder Audiodateien