Berliner Wee

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Berlinerwee)
Rue de Prague
Numm lb: Berliner Wee
fr: Rue de Prague
Fréieren Numm de: Neuer Berlinerweg
Längt ca. 630 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Gronn
Postcode 2348
Koordinaten 49° 36’ 19.7’’ N
      06° 08’ 05’’ O


D'Rue de Prague – am Volleksmond och nach Berliner Wee genannt - féiert vum Boulevard de la Pétrusse an engem grousse Bou ënner der Aler Bréck erduerch bis bei d'Tilleschgaass (Rue Saint Ulric) am Stadgronn.

D'Strooss huet fréier Neuer Berlinerweg geheescht, fir se vum Alten Berlinerweg, dem haitege Péitrussbierg (Montée de la Pétrusse) z'ënnerscheeden, deemools den eenzege Wee fir de Gidderverkéier tëscht der Gare an der Ënnerstad. De Péitrussbierg war därmoosse géi, datt en nëmme schwéier ze befuere war. 1875 gouf dunn den Neie Berliner Wee ugeluecht fir den Déieren a Mënschen et méi liicht ze maache fir mat de Wueren erop- an erofzefueren.

Den Numm vun der Strooss gouf duerch eng Decisioun vum Gemengerot vum 16. Mee 1925 dunn a Rue de Prague ëmgeännert.

Lëtzebuerg huet net nëmmen e Jumelage mat Prag, mä Béimen a Lëtzebuerg ware schonn am Mëttelalter geschichtlech enk matenee verbonnen[1].

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Berliner Wee – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? Ons stad 44: 32.