Bernard de Launay

Vu Wikipedia

De Bernard-René Jo(u)rdan, Marquis de Launay (oder de Launey), gebuer den 8. Abrëll 1740 zu Paräis a gestuerwen de 14. Juli 1789 och do, war e franséischen Adlegen an dee leschte Kommandant vun der Bastille zu Paräis (1776-1789). Nodeem d'Bastille gestiermt gi war, gouf hien och dat éischt prominent Doudesaffer vun der Franséischer Revolutioun.

Scho säi Papp, de René Jourdan de Launay, war bis 1776 Kommandant vun der Bastille. Beim Stuerm op d'Bastille war e mat der Situatioun iwwerfuerdert, fir d'éischt huet en op d'Ugräifer schéisse gelooss, sech duerno awer geschwënn erginn.

Hien hätt solle vum Pierre-Augustin Hulin, deen déi Opstänneg geleet huet, bei d'Stadhaus bruecht ginn. Ënnerwee dohin awer gouf e vun den existéierte Leit ronderëm ugegraff, an, nodeem e sech verdeedege wollt, mat Messer- a Bajonettstéch an engem Schoss doutgemaach. Säi Kapp gouf ofgeschnidden an op enger Staang duerch d'Stroosse gedroen.

De Moler Charles Thévenin huet en Tableau iwwer dës Evenementer gemoolt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]