Bernard Duhem

Vu Wikipedia

De Bernard Duhem, gebuer 1964, ass e franséischen Illustrator a Mykolog.

De B. Duhem huet an der Bretagne Gaardebau studéiert an duerno Zeechnen a Molen op de Beaux-Arts vun Angers an der Académie royale des Beaux-Arts vu Kopenhagen. Hien huet sech op d'wëssenschaftlecht Zeechnen, Planzen an Déieren, spezialiséiert. An de 1990er Joren huet hien als Illustrator fir Hachette, Gallimard, Nathan an Delachaux-Niestlé geschafft. Vun 2002 un ass hien am Muséum national d'histoire naturelle vu Paräis, an zënterhier schafft hie virun allem op de Pilzen, sengem Spezialgebitt, mä en huet och Wierbeldéiere wéi Afen a Vullen oder Arthropode wéi d'Skorpioune gezeechent.

De Bernard Duhem huet Bicher wéi de Guide des champignons de France et d'Europe (Delachaux & Niestlé) vum Régis Courtecuisse[1] illustréiert. An hien huet eng ganz Rei vun Artikelen iwwer Pilze publizéiert, ënner anerem och zesumme mam Ben Schultheis.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Régis Courtecuisse.