Bernard Madoff
Bernard Madoff | |
---|---|
Gebuer |
29. Abrëll 1938 Queens |
Gestuerwen | 14. Abrëll 2021 |
Nationalitéit | USA |
Educatioun |
Universitéit vun Alabama, Far Rockaway High School |
Aktivitéit | Courtier, Financier, Ekonomist, Banquier |
De Bernard Laurence "Bernie" Madoff, gebuer den 28. Abrëll 1938 zu New York, a gestuerwen de 14. Abrëll 2021 am federale Prisong vu Butner, am North Carolina, war en US-amerikanesche Geschäftsmann a Grënner vun der Bernard L. Madoff Investment Securities LLC, enger Investissementsgesellschaft op der Wall Street. Vun 1990 bis 1993 war hie President vum Nasdaq.
Den 12. Dezember 2008 gouf e vum FBI verhaft an ugeklot, Dausende vu Leit iwwer Milliarde vun Dollare bedrunn ze hunn, andeems e jorelaang e sougenannt Ponzi System (och Pyramidespill genannt) duerchgezunn huet, andeems en déi vermeintlech Gewënner aus Investissementer, déi e soll gemaach hunn, a Wierklechkeet vun de Bäitreeg vun den neie Cliente finanzéiert huet. Den 29. Juni 2009 gouf en zu 150 Joer Prisong verurteelt.[1]. Et war dëst ee vun de gréissten, wann net dee gréisste Bedruchsfall an der Geschicht.
Auswierkungen op Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Jim Campbell: Madoff Talks: Uncovering the Untold Story Behind the Most Notorious Ponzi Scheme in History. McGraw-Hill, New York 2021, ISBN 978-1-260-45617-2.
- Michael R. Heydenburg: The Ponzi Scheme as a Deception Operation: The Bernie Madoff Case Study. In: American Intelligence Journal. Vol. 32, No. 2, 2015, ISSN 0883-072X, S. 27–34.
- Michael Berkowitz: The Madoff Paradox: American Jewish Sage, Savior, and Thief. In: Journal of American Studies. Vol. 46, No. 1, Februar 2012, ISSN 0883-072X, S. 189–202.