Berthe Brincour

Vu Wikipedia
Berthe Brincour
Gebuer 17. November 1879
Lëtzebuerg
Gestuerwen 15. Mäerz 1947
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler, Zeechner
Famill
Papp Joseph Brincour

D'Berthe Brincour, gebuer de 17. November 1879 an der Stad Lëtzebuerg, an do gestuerwen de 15. Mäerz 1947, war eng lëtzebuergesch Molerin.

D'Berthe Brincour war d'Duechter vum Affekot Johann Joseph Brincour an der Maria Huber.[1] Ëm 1910 huet si zu München Konscht studéiert. Duerno huet si zu Genf a Lausanne gewunnt.[2]

Tëscht 1934 an 1941 huet se zu Paräis gelieft an huet do an den Tuilleries an am Salon des Indépendants hir Biller presentéiert. Och am Salon vum Cercle artistique de Luxembourg waren hir Portraits-, Landschafts- a Blummebiller ze gesinn.

1941 ass d'Berthe Brincour nees op Lëtzebuerg komm. Si huet hiert Wierk dem Lëtzebuerger Staat vermaach. En halleft Joer no hirem Doud gouf eng Retrospektiv-Ausstellug vun hire Wierker organiséiert.[3] 1966 goufen hir Wierker an der Escher Konschtgalerie zesumme mat deene vum Sosthène Weis ausgestallt.[4]

Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  1. Etat cvil Stad Lëtzebuerg; Gebuerten 1879, Akt Nr 464.
  2. Lambert Herr (2001) Signatures, portraits et auto-portraits : artistes plasticiens au Luxembourg. Luxemburg: Éditions Saint-Paul. ISBN 2-87963-382-6. p. 42.
  3. "Berthe Brincour", Escher Tageblatt, 9. Oktober 1947.
  4. Jos. Walentiny, "Berthe Brincour et Sosthène Weis dans la Galerie d’Art Municipale à Esch-s.-Alz.", Luxemburger Wort, 29. Mäerz 1966.