Beruffspompjeeën

Vu Wikipedia
Déi fréier Kasär (1930-2021) vun de Beruffspompjeeën op der Areler Strooss

D'Beruffspompjeeën (Ofkierzung: BF, fir Berufsfeuerwehr (de)), offiziell “Service d'incendie et d'ambulances”, war bis den 30. Juni 2018 e Pompjeescorps, deen nëmmen aus haaptberuffleche Pompjeeë bestanen huet an dee vun der Stad Lëtzebuerg organiséiert gouf. Et war - nieft de Pompjeeë vum Fluchhafen - den eenzege Corps vu Beruffspompjeeën zu Lëtzebuerg.

Zënter dem 1. Juli 2018 sinn d'Beruffspompjeeën mat den anere Rettungsdéngschter am CGDIS regroupéiert.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Corps grand-ducal d'incendie et de secours.
.

Presentatioun vun de Stater Beruffspompjeeën[änneren | Quelltext änneren]

Organisatioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Beruffspompjeeë goufen 1922 gegrënnt an de Corps bestoung deemools aus 9 Leit[1]. Enn 2017 (31.12.) waren et 183 Leit. Vun deene waren 23 Leit an enger Féierungspositioun, 157 ware Pompjeeën a 6 Persounen haten eng administrativ Aufgab.

Kommandate vun de Beruffspompjeeën[2][änneren | Quelltext änneren]

vun bis Kommandant
1922 5. September 1949 Nicolas Kieffer
31. August 1949 1. Juli 1955 Robert Polfer
1955 15. Juli 1959 Mathias Wiwinius
5. Dezember 1958 1. November 1987 Aloyse Lickes
23. November 1987 12. Juli 1991 Valentin Dahm
12. Juli 1991 27. Abrëll 2018[3] Erny Kirsch
1. Mee 2018 Serge Heiles

Missiounen[änneren | Quelltext änneren]

D'Aufgab vun de Beruffspompjeeë war fir bei Feier an Accidenter, bei Gefor fir Mënsch an Natur asw. z'intervenéieren. Am Joer 2017 hate si 17.809 Asätz, wouvu et 468 (2,63 %) Feierasätz, 1.452 (8,15 %) Rettungsasätz a 15.889 (89,22 %) Asätz mat enger Ambulanz waren[4].

Plaze vun de Feier- a Rettungsasätz (2017)[änneren | Quelltext änneren]

Rang Plaz vum Asaz Unzuel
1 Strooss 587
2 Appartementshaus 389
3 Eefamilljenhaus 138
4 Autobunn 91
5 Bürosgebai 60
6 Schantjen, Réibau 57
7 Industriebetrib 55
8 Schoul, Spillschoul 47
9 Baussefläch 46
10 Ëffentlecht Gebai 42
Aner Plazen 408
Total 1.920

Plaze vun den Ambulanzenasätz (2017)[änneren | Quelltext änneren]

Rang Plaz vum Asaz Unzuel
1 Appartementshaus 3.374
2 Eefamilljenhaus 2.485
3 Gebai 2.384
4 Trëttoir 1.903
5 Klinick 1.881
6 Strooss 892
7 Plaz 682
8 Schoul 479
9 Hotel, Café-Restaurant 473
10 Handwierks- oder industrielle Betrib 359
aner Plazen 1.206
Total 16.118

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Groussasätz zanter 1921 (Lëscht net komplett)[änneren | Quelltext änneren]

Kasär[änneren | Quelltext änneren]

Cortège beim Plënneren an de CNIS, 12.09.2021.

Vun 1930[8] bis 2021 war d'Kasär vun de Stater Beruffspompjeeën op der Areler Strooss, just nieft dem Stade Josy Barthel an der Stad Lëtzebuerg.

Den 12. September 2021 sinn d'Beruffspompjeeën an engem Cortège an den neie Centre national d'incendie et de secours zu Gaasperech geplënnert.

Material an Ekipement[änneren | Quelltext änneren]

Enn 2017 haten d'Beruffspompjeeë follgend Gefierer:

11 Pompjeesgefierer[änneren | Quelltext änneren]

  • 4 HLF2 (Pompel-Tankwon mat Rettungsekipementer)
  • 2 ULF (Pompel-Tankwon mat enger a Pudder-Läschariichtung vu 750 kg a mat CO2)
  • 1 TLFW (Pompel-Tankwon fir Allrad-Undriff)
  • 2 DLK2 (Dréileeder vun 23 Meter mat Kuerf)
  • 1 DLK3 (Dréileeder vun 30 Meter mat Kuerf)
  • 1 RW2 (Gefier fir schwéier Rettungsasätz)

16 Speziell Gefierer[änneren | Quelltext änneren]

  • 1 FWK2 (70-Tonnen Kran)
  • 1 ELW2 (mobil Kommandozentral)
  • 3 WLFA (Chassis-Kabinn, Container-Transportgefier)
  • 1 AB-Gefahrgut (mobile Container fir cheemesch Interventiounen)
  • 1 AB-Rüst (mobile Container fir schwéier Rettungsasätz)
  • 1 AB-Schlauch (mobile Container mat 3000 Meter Schlauch mat engem Duerchmiesser vuin 110 mm)
  • 1 AB-Umwelt (mobile Container fir Asaz bei Ëmweltschied duerch Kuelewaasserstoffer)
  • 1 AB-Atemschutz (mobile Container fir Ootmungs Ënnerstëtzung)
  • 1 AB-GSE (mobile Container fir d'Gestioun vun aussergewéinleche Situatiounen)
  • 1 AB-MGV (mobile Container fir d'Belëftung)
  • 1 AB-Rüstholz (mobile Container mat hëlze Stäipen)
  • 1 AB-Schaum (mobile Container fir de Stockage an d'Verdeele vun 9.000 Liter Schaum)
  • 1 AB-Wasser (mobile Container fir de Stockage an d'Verdeele vun 9.000 Liter Waasser fir d'Stroossen ze botzen)
  • 1 AB-Pulver (mobile Container mat enger Pudder-Läsch Ariichtung vu 750 kg)

13 Ambulanzen[änneren | Quelltext änneren]

21 Transportgefierer[änneren | Quelltext änneren]

  • 3 KDOW (Kommandoween)
  • 2 ELW1 (Kommandoween)
  • 7 DIW (Déngschtween)
  • 5 MTW (Minibussen)
  • 3 MZF (Camionnetten)
  • 1 GW (Fourgonnette)

Ekipement[änneren | Quelltext änneren]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

E puer Gefierer vun de Beruffspompjeeën

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pompjeesgefierer zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Welche Zukunft für die Berufsfeuerwehr der Stadt Luxemburg?, an ons stad Nr. 90, 2009, S. 4
  2. Die Kommandanten der Berufsfeuerwehr von 1922 bis 2009 an Ons stad, Nr 90/2009, S. 45
  3. Départ en retraite de M. Erny Kirsch op 112.lu, gekuckt den 3. Mee 2018
  4. D'Differenz vun 229 Asätz tëscht de 15.889 Asätz mat enger Ambulanz an de 16.118 Asätz déi am Tableau no de Plaze vun den Asätz opgelëscht sinn, kënnt doduerch, datt bei verschiddenen Asätz zwéi Patiente mat enger Ambulanz gefouert ginn, wat als een Ambulanzasaz awer zweemol als lieu d'intervention gezielt gëtt.
  5. Depliant Bienvenue au Ministère de la culture, Ministère ouvert vum Ministère de la culture (2011) S. 7
  6. 6,0 6,1 6,2 Pompierën an Industriën zu Lëtzebuerg (sic) op industrie.lu, fir d'lescht gekuckt de 5. August 2018
  7. Großbrand verwüstet Cat Club in Hollerich op lesssentiel.lu den 19. Juli 2015
  8. Jean-Paul Hoffmann Von der Autospritze zum Tanklöschfahrzeug an Ons stad, Nr 90/2009, S. 45