Bessemer-Bir

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Eng Bessemer-Bir ass e Konverter, mat Hëllef vun deem aus Eise ka Stol produzéiert ginn.

D'Bessemer-Bir krut hiren Numm vun der Form, déi enger Bir gläicht, an dem engleschen Ingenieur Sir Henry Bessemer, deen déi Method 1860 erfonnt hat.

An der Bessemer-Bir gëtt Loft oder Sauerstoff duerch dat flëssegt Eise geblosen, dat aus dem Héichuewe koum. Op déi Manéier kënnt et zu Kuelestoffmonoxid, dee verbrennt an d' Schmëlztemperatur, déi beim Eisen 1.150 °C ass, op déi vum Stol, op 1.536 °C ze hiewen. Et geet also drëm, fir de Kuelestoffgehalt vum Eisen erof ze kréien.

No der Erfindung vum Linz-Donawitz-Konverter 1952 goufen d'Bessemer-Biren no an no ofgeschaaft.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bessemer converter – Biller, Videoen oder Audiodateien