Op den Inhalt sprangen

Patriots.eu

Vu Wikipedia
Patriots.eu
President Gerolf Annemans
Gegrënnt 3. Oktober 2014
Parteizentral Rue de Téhéran 3
F-75008 Paräis
Frankräich
Ideologien europaskeptesch
rietspopulistesch
nationalistesch
Politesch Positioun Riets
Faarf Blo
Europaparlament
83/720 Sëtz
Websäit Patriots.eu

D'Patriots.eu ass eng politesch Partei op europäeschem Niveau.

Si gouf ënner dem Numm Beweegung fir en Europa vun den Natiounen an de Fräiheeten (en: Movement for a Europe of Nations and Freedom (MENF) / fr.: Mouvement pour une Europe des nations et des libertés) gegrënnt. Vum 2. Juli 2019 bis den 18. Juli 2024 housch se Identitéit an Demokratie Partei (en.: Identity and Democracy Party / fr.: Parti Identité et Démocratie).

Si gëllt als europaskeptesch, souveränistesch an nationalistesch a gouf 2014 op Initiativ vum franséische Front national a senger Presidentin Marine Le Pen gegrënnt. Zënter Mäerz 2015 ass d'Partei vum Europaparlament unerkannt a krut 1,17 Milliounen Euro zur Parteiefinanzéierung zougesprach.[1]

Am Europaparlament bilt si d'Fraktioun Patriote fir Europa, ewéi an der Parlamentarescher Versammlung vum Europarot zesumme mat de Membere vun der Europäesch Konservativ a Reformiste-Partei de Grupp vun den Europäische Konservativen an Demokratesch Allianz.[2]

Aner Memberparteie sinn ënner anerem d'Alternative für Deutschland, d'Freiheitliche Partei Österreichs, d'italieenesch Lega an de belsche Vlaams Belang.

 Commons: Patriots.eu – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Grants from the European Parliament to political parties at European level per party and per year (Mäerz 2015)
  2. European Conservatives Group and Democratic Alliance.