Bewegungskompensatioun

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Als Bewegungskompensatioun ginn an der Fotogrammetrie an an der technescher Fotografie d'Kompensatioun vun de Bewegunge verstanen, déi déi opgehollen Objeten (resp. déi wichtegst dovun) zesummen hunn. Bei fotografesche Biller kann dat zum Beispill duerch entspriechend Schwenkunge vun der Kamera oder vun enger beweglecher Rumm um Filmniveau geschéien, bei Digitalkameraen och duerno duerch Methode vun der Bildveraarbechtung.

Déi eelst (an einfachst) vun deene Methode ass d'equatorial oder parallaktesch Montéierung vun astronomeschen Teleskope resp. vun Astrographen. D'Noféierung geschitt duerch e luest Dréie vum optesche System ëm eng Achs déi op den Himmelspol geriicht ass.

An der Satellittegeodesie gëtt ähnleches zanter den 1960er duerch méiachseg Montéierunge gemaach. (kuckt och Baker-Nunn-Kamera).

Nei Technike vun der Bewegungskompensatioun realiséieren d'Noféierung och duerch programméiert Noféierung vun der Filmbühn resp. vum CCD-Sensors – kuckt och Optesche Floss.

An der Loftbildfotografie gëtt d'Bewegungskompensatioun och FMC (Forward Motion Compensation) genannt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie