Bewegungskoup

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

E Bewegungskoup oder Bewegungsstärekoup ass eng labber Grupp vu Stären, déi net duerch eng raimlech Konzentratioun ëm ee Koupzenter, mä duerch eng kollektiv Bewegungsrichtung op e Konvergenz- oder Fluchtpunkt hin, dee wäit ewech läit, charakteriséiert sinn.

Si hunn zwar e kollektive Urspronk (kuckt Stär), kënne sech awer am Laf vu Joermilliounen duerch hiren niddrege gravitativen Zesummenhank verléieren. Den Iwwergang zum Typus Oppene Stärekoup resp. Stärenassociatioun ass fléissend. Wann e Bewegungskoup ganz no beim Sonnesystem läit - wéi beispillsweis de Bierestroum mat 5 helle Stäre vum Grousse Won - kann ee säin Zesummenhank net méi direkt, mä nëmmen an den Eegebewegungen erkennen.

Bekannt Beispiller vu Bewegungskéip, sinn d'Hyaden am Taurus an d'Praesepe am Stärebild Cancer. Dogéint gehéieren d'Plejaden wéinst hirer Stärekonzentratioun zu den Oppene Stärekéip.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie