Bierg

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Bierg als topographesch Erhiewung. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Bierg (Homonymie).
D'Pointe de Marcelly an den Alpen (bal en ZweeDausender)
Déi zéng héchst Bierger op der Welt
Numm vum Bierg (Lag) Héicht (m)
Mount Everest (Tibet/Nepal) 8.848
K2 (Tibet/Pakistan) 8.611
Kangchenjunga (Indien/Nepal) 8.579
Lhotse (Tibet/Nepal) 8.518
Makulu (Tibet/Nepal) 8.481
Dhaulagiri (Nepal) 8.167
Manaslu (Nepal) 8.156
Cho Oyu (Tibet/Nepal) 8.153
Nanga Parbat (Indien) 8.126
Annapurna (Nepal) 8.078

E Bierg ass eng Erhiewung an der Natur an am Géigesaz zum Hiwwel meeschtens méi héich.

Entstoen[änneren | Quelltext änneren]

Iwwer d'Entstoe vun de Bierger goufen am Laf vun der Zäit déi verschiddenst Theorien entwéckelt. Sou z. B. dem Laplace seng hypothèse cosmogonique, an där hien dervun aussgeet datt Äerd am Ufank eng Kugel war déi vu geschmoltenem Material gebilt gouf, dat duerno lues a lues ofgekillt ass a fest gouf. Beim Ofkillen hätt se sech zesummegezunn an dobäi wiere Spannungen opgetrueden duerch déi bei der Kontraktion d'Bierger enstane wieren.

Den Dutton hat eng Theorie déi op der Isostasie baséisert huet, a bei där d'Bierger eng Gläichgewichtsroll spille géifen.

Den däitsche Geophysiker Alfred Wegener huet unhand vu senger Hypothees iwwer d'Ofdrifte vun de Kontinenter ugeholl datt d'Bierger duerch gouss Kräfte beim Openanerstousse vu Kontinentalplacken entstane sinn[1].

Den amerikanesche Geophysiker Griggs huet geduecht se kéinten duerch staark vertikal Konvektiounsstréim entstane sinn an de Fransous Perrin entwéckelt eng Theorie vu Metamorphismus.

Zanter 1890 gouf ugeholl datt sougenannt Transportnappen déi duerch d'Schwéierkraaft laanscht Häng rutschen d'Ursaach kéinte sinn. Wann d'Schwéierkraaft och sécher eng Roll spillt sou geet se awer net duer fir d'Bildung vu verschiddene Biergmassiver wéi z. B. dem Jura z'erklären.

Heiansdo hunn d'Bierger en eruptiven Urspronk a presentéiere sech als eenzel Vulkaner oder als Kraterketten. Anerer déi schonn erodéiert waren, goufen nach eng Kéier an d'Luucht gehuewen a bilden da Bierger mat flappege Formen, sou wéi de Massif central.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bierger – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. Wegener, A, Die Entstehung der Kontinente und Ozeane