Biergertum

Vu Wikipedia

D'Biergertum ass eng Gesellschaftsschicht, déi traditionell géintiwwer dem Adel an dem Klerus engersäits, géintiwwer vun de Baueren an Aarbechter anerersäits ofgegrenzt gëtt. En anert Wuert wat och dacks benotzt gëtt ass Bourgeoisie [burʒwaˈzi]. E Bierger oder Bourgeois wunnt an engem Bourg, also enger befestegter Stad.

Duerch d'Franséisch Revolutioun gouf, historesch gesinn, mat der Muechtergräifung vum Biergertum den Zäitalter vum Absolutismus ofgeléist.

Ursprong an Entwécklung vum Biergertum[änneren | Quelltext änneren]

D'Biergertum huet sech am 12. Joerhonnert entwéckelt. Ursprénglech war e Bierger oder Bourgeois den Awunner vun enger Stad. D'Stied krute lues awer sécher eng gewëssen Autonomie soudatt d'Bierger vun enger Stad vu verschiddene Privileegie profitéiere konnten. Fir an enger Stad als Bierger opgeholl ze ginn, gouf et verschidde Konditiounen, déi sech vun enger Stad op déi aner ënnerscheede konnten.

E Bierger war virun allem e fräie Mann, also kee Leifeegenen. Hien duerft keng Scholden hunn, an huet missen e legitimt Kand sinn. A verschiddene Stied war och e minimum vu Sue virausgesat. Am Elsass huet een zum Beispill en Haus mat Vue op d'Strooss missen hunn, fir als Bierger ze zielen.

Wärend der Franséischer Revolutioun huet d'Biergertum versicht, seng Plaz an der Gesellschaft ze fannen. Juristesch gesi goufen d'Bierger zum Drëtte Stand gezielt, hire Liewensstil war éischter adeleg. Et waren och meeschtens Famillen aus dem Biergertum, déi spéider zu der sougenannter Noblesse de Robe a Frankräich opgestige sinn, well si déi finanziell Mëttelen haten, fir sech eng Charge als Magistrat ze kafen.

19. Joerhonnert[änneren | Quelltext änneren]

Karl Marx

Am Laf vum 19. Joerhonnert hu sech am Kader vun de verschiddene biergerleche Revolutiounen (Julirevolutioun 1830, Februarrevolutioun 1848, Mäerzrevolutioun 1848/1849) d'Membere vum Drëtte Stand vum neie Proletariat, wat sech duerch d'Industriell Revolutioun entwéckelt huet ofgegrenzt. Si hu sech an zwou entgéigegesate sozial an ökonomesch Interessegruppen entwéckelt. D'Bourgeoisie, déi virdrun als fortschrëttlech a revolutionär eriwwerkomm war, huet sech zu engem Juste Milieu entwéckelt a gouf zu engem Synonym fir d'Groussbiergertum.

Ee vun den éischte Sozialisten, deen e Widdersproch tëscht Biergertum a Bourgeoisie (am Sënn vun engem kapitalistesche Groussbiergertum) gesinn huet, war de Schneidergesell Wilhelm Weitling. De Weitling hat e groussen Afloss op de Bund der Gerechten, dee sech 1836 zu Paräis aus dem Bund der Geächteten entwéckelt huet, an e Virleefer vun de spéidere sozialisteschen a kommunistesche Parteie war. Dem Weitling säin Afloss ass op Ausenanersetzunge mam Karl Marx zeréckgaangen, nodeem de Bund der Gerechten zu London op den neien Numm Bund der Kommunisten gedeeft gi war, an ënner den Afloss vu Marx an Engels gerode war. De Marx an den Engels hunn d'Theorie vum Géigesaz vu Proletariat a Bourgeoisie mat wëssenschaftlechem Usproch ausgebaut. Si hunn 1848 d'„Manifest der Kommunistischen Partei“ erausbruecht, an deem si zum internationale Klassekampf vum Proletariat géint d'Biergertum opgeruff hunn, fir de Kommunismus als Gesellschaft ouni Klassen duerchzesetzen.

Marxistesch Definitioun[änneren | Quelltext änneren]

Nom Karl Marx ass dat kapitalistescht Groussbiergertum déi Klass, déi am Kapitalismus iwwer déi zwou Grondklasse Bourgeoisie a Proletariat d'Soen huet. Historesch hat et sech aus dem Drëtte Stand vun der Feudalgesellschaft eraus entwéckelt (Handwierker, Händler, fräi Baueren déi e Stéck Land haten). En Deel vun den Handwierker gouf zu Fabrikbesëtzer. No der Ofléisung vum Feudalismus duerch de Kapitalismus huet d'Bourgeoisie, also d'Kapitalisten d'Aarbechterklass (also d'Proletariat) ausgenotzt.

Am Kader vun der marxistescher Theorie ass d'Geschicht eng Folleg vu Klassekämpf, an deenen duerch Revolutiounen déi al Herrscher gestierzt ginn, fir en neie Gesellschaftssystem mat virun allem ökonomesche Reegelen opzebauen. D'Biergertum hat an dësem Kontext déi historesch a fortschrëttlech Roll, den Adel an der Feudalgesellschaft ze stierzen, fir de Kapitalismus duerchzesetzen.

D'Duerchsetzung vum Kapitalismus an d'Herrschaft vun der Bourgeoisie ass fir de Marx d'Viraussetzung fir de Klassekampf tëscht Bourgeoisie a Proletariat. Dëse Klassekampf misst an enger weiderer Revolutioun zum Stuerz vun der Bourgeoisie zu enger Victoire vum Proletariat féieren, wat duerch eng „Diktatur vum Proletariat“ iwwer de Sozialismus zu enger Gesellschaft ouni Klassen ënner dem Kommunismus féiere géif.

An der marxistescher Diktioun ass den aggressiivsten Deel vun der Bourgeoisie déi sougenannt Monopol-Bourgeoisie, well si déi wichteg Produktiounsmëttel zur Verfügung huet.

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Hal Draper, Karl Marx's Theory of Revolution, Vol. 2: The Politics of Social Classes, Monthly Review Press, New York, 1979.
  • Anthony Giddens, The Class Structure of the Advanced societies.
  • Ernest Mandel, "Social differentiation in capitalist and postcapitalist societies", in On Social Differentiation. A Contribution to the Critique of Marxist Ideology, Part 2. Adam Mickiewicz University Press, Poznan, 1992.
  • Ralph Miliband, "Class and class power in contemporary capitalism", in On Social Differentiation. A Contribution to the Critique of Marxist Ideology, Part 2, Adam Mickiewicz University Press, Poznan, 1992.
  • Erik Olin Wright et al., The Debate on Classes., Verso, London, 1989.
  • Régine Pernoud, La bourgeoisie, PUF, Paräis, 1985. (ISBN 2-13-039025-0)
  • Monique Pinçon-Charlot a Michel Pinçon, Sociologie de la bourgeoisie, La Découverte, Koll. "Repères", 2002-2003.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]