Big Mac

Vu Wikipedia
De Big Mac vu McDonald's

E Big Mac, an Däitschland an zu Lëtzebuerg virdrun och alt Big Mäc geschriwwen[1] ass eng Cheeseburger-Variant mat zwéi Stäck vum Fast-Food-Konzern McDonald's.

E gouf 1968 op dern amerikanesche Maart agefouert, nodeems d'Konkurrenzfirma Burger King de Whopper lancéiert hat. E war dat Joer virdru vum Michael Delligatti (1918–2016), deen e McDonald's-Restaurant a Pennsylvania bedriwwen huet, entwéckelt ginn.

E Big Mac besteet vun ënne no uewen aus dëse Komponenten:

  • Buedem vun engem mëlle Bréitchen (Bun)
  • 10 Milliliter vun enger spezieller "Big-Mac-Zos"
  • 3,5 Gramm Ënnecuben aus rehydréierten, fraschtgedréchenten Ënneflacken;
  • 12,5 Gramm Äisbiergzalot a Sräifen
  • 1 Tranche Cheddar-Kéis
  • eng platt Bullett (Beef Patty) gebrodent Rëndfleeschgehacktes vun ca. 45 Gramm am Réizoustand
  • Mëttelsen Deel vum Bréitchen
  • Zos (wéi uewen)
  • Ënnen (wéi uewen)
  • Zalot (wéi uewen)
  • zwou bis dräi Tranchen agemaache Kornischongen
  • Rëndfleeschbulett (wéi uewen)
  • Deckel vum Bréitchen, op deem Sesamkäre sinn.

E Big Mac vun 219 Gramm huet en Närwäert vun 2.073 kJ/495 kcal.

Big-Mac-Index[änneren | Quelltext änneren]

Well een de Big Mac sou gutt wéi iwwerall op der Welt kafe kann, gouf e vun der brittescher Wirtschaftszäitschrëft The Economist erausgesicht, fir de sougenannte Big-Mac-Index opzestellen, dee s'all Joers publizéieren. Dat ass e vereinfachte Modell fir d'Liewenshalungskäschten an de verschidddene Länner auszedrécken, sou wéi och de Stand vun der jeeweileger Wärung par rapport zum US-Dollar.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Big Mac – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. McDonald's schafft „Big Mäc“ und „Fishmäc“ ab. Welt Online, 1. Juni 2007