Op den Inhalt sprangen

Bigband

Vu Wikipedia
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Déi Déifferdenger Bigband den 29. September 2024 am Sang a Klang, Stad Lëtzebuerg, organiséiert vu Swing Dance Luxembourg ASBL

Eng Bigband ass e grousse Museksensembel, dee Wierker aus dem Jazzrepertoire interpretéiert, virum allem am Museksstil Swing, dee vun den 1940er bis an d'1960er Jore seng Glanzzäit hat.

Den Numm Bigband staamt vum Engleschen "big band", wat "grousse Museksensembel" bedeit.

Eng Bigband besteet fir gewéinlech aus véier Sektiounen:

  1. 4-5 Saxofonen
  2. 4 Zuchposaunen
  3. 4-5 Trompetten
  4. D'Rythmussektioun, déi gewéinlech aus Piano, Kontrabass a Schlogezei besteet, woubäi dacks och eng Jazzgittar derbäi ass.

Bigbanden zu Lëtzebuerg

[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Bigband zu Lëtzebuerg gouf 1950 vum Jempi Faust (1929-1995[1]) gegrënnt, si huet vun 1950 bis 1951 existéiert.[2] Zu Lëtzebuerg gëtt et 13 Bigbanden (Stand 2025).

BigbandGegrënnt
Déifferdenger Big Band1964
Dixie-Sound[3]1976
Spectrum1980
Bigband vun der Lëtzebuerger Militärmusek1978
Opus 781978
Jazz-Bigband vum Stater Conservatoire1987
Spuerkeess-Bankers in Concert1988
Big Band Memory1990
Music-Band SPGL1990
Luxembourg Jazz Orchestra1993
LGL Big Band[4]2003
Orchestre national de jazz du Luxembourg2005
Luxembourg Little Big Band2011
Märeler Big Band2014
Northern Big Band????

Bibliographie

[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Cf. Hausemer 2006: 114 an der Bibliographie.
  2. Cf. Spautz 1983: 294 an der Bibliographie.
  3. Aus dëser Bigband ass dunn 1980 d'Bigband Spektrum entstanen.
  4. Et ass net kloer, ob des Bigband nach existéiert.