Bild der Wissenschaft

Vu Wikipedia

D'Bild der Wissenschaft ass eng populärwëssenschaftlech Zäitschrëft, déi all Mount erauskënnt. Si ass 1964 gegrënnt ginn. Verluecht gëtt si bei der Konradin Mediengrupp zu Leinfelden-Echterdingen. Si beschäftegt sech mat den aktuellen Entwécklungen aus Fuerschung an Technik souwéi mam gesellschaftlechen a politesche Kontext.

Grënnungsediteur war de Physiker a Wëssenschaftsjournalist Heinz Haber. Am Ufank koum d'Zäitschrëft an der Deutschen Verlags-Anstalt eraus. Vun 2003 huet d'Konradin Verlagsgrupp d'Zeitung iwwerholl. De Wolfgang Hess ass zanter 1994 Chefredakter.

Bild der Wissenschaft huet eng Oplo vun 114.603 Exemplaren (IVW II/2008).

Theemen[änneren | Quelltext änneren]

Schwéierpunkt vun der bdw sinn d'Naturwëssenschaften. D'Artikele behandelen Theemen aus der Biologie, Medezin, Geowëssenschaften, Astronomie, Raumfaart, Psychologie, Chimie, Physik, Mathematik, benotzerorientéieter Informatik, Technik souwéi Kultur- a Gesellschaftswëssenschaften. Dat geschitt a Form vun ausféierleche Berichter an Nochriichten, Forscherprofiler, Reportagen an Interviews, woubäi grousse Wäert op aussokräfteg Billermaterial geluecht gëtt.

D'Zäitschrëft organiséiert an ënnerstëtzt zousätzlech verschidden Initiativen an Aktivitéiten:

Online[änneren | Quelltext änneren]

D'Online-Redaktioun vu Bild der Wissenschaft gëtt ënner www.wissenschaft.de eng dagesaktuell Wëssenschafts-Newsletter eraus.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Bild der Wissenschaft. Konradin Medien GmbH, Leinfelden-Echterdingen 1.1965ff.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]