Bilingualismus

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Bilingualismus ( lat. bi >zwee<, lingual >op d'Sprooch bezunn<) ass d'Bezeechnung fir den Zoustand vun eenzele Persounen (individuelle Bilingualismus) oder enger Gemeinschaft (gesellschaftlechen Bilingualismus), déi bei der alldeeglecher Kommunikatioun zwou Sproochen gebrauchen.

Individuelle Bilingualismus, och nach Zweesproochegkeet genannt, trëtt am Fall op wou Kanner mat 2 Mammesproochen opwuessen. Dat heescht, et muss e fäheg sinn 2 Sproochen ze schwätzen an ze schreiwen.

Zu Lëtzebuerg besteet eng multikulturell Gesellschaft, sou datt vill Kanner bilingual opwuessen, déi entweder een Elterndeel hunn, mat deem s'eng aner Sprooch schwätzen, oder, well se doheem allgemeng eng aner Sprooch schwätzen wéi an der Schoul.

Vu gesellschaftlechem Bilingualismus schwätzt een am Fall wou eng Gesellschaft méi wéi eng offiziell offiziell Sprooch huet.

Lëtzebuerg huet streng gesinn keng offiziell Sprooch, mee dräi administrativ Sproochen, an zwar ass Däitsch, Franséisch a Lëtzebuergesch.

Schonn am éischte Schouljoer (Zyklus 2.1.) léieren d'Kanner déi däitsch Sprooch an am zweeten Schouljoer (2.2) fänke se mat der franséischer Sprooch un. Si léieren also schonn zwou Sproochen an der Grondschoul, wat och zu grousse Problemer féieren kann, am Fall wou een eng Sprooch net sou gutt beherrscht wéi déi aner, well déi Sprooche begleeden se bis s'aus dem Lycée eraus sinn, bis weider an d'spéidert Beruffsliewen.

Des Weidere léieren d'Schüler am Lycée nach aner Sprooche wéi zum Beispill Englesch, Spuenesch, Latäin, an Italienesch.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bilingualismus – Biller, Videoen oder Audiodateien