Bill Withers

Vu Wikipedia
Bill Withers
Gebuertsnumm William Harrison Withers, Jr.
Gebuer 4. Juli 1938
Gestuerwen 30. Mäerz 2020
Los Angeles
Nationalitéit USA
Aktivitéit Sänger, Liddermécher, Komponist, Gittarist

De Bill Withers, gebuer de 4. Juli 1938 als William Harrison Withers, Jr. zu Slabfork, a West Virginia, a gestuerwen den 30. Mäerz 2020 zu Los Angeles, war en US-amerikanesche Sänger a Songschreiwer. Hien hat 1971 säin internationalen Duerchbroch mam Lidd Ain't No Sunshine, dat en och komponéiert hat.

Aner bekannt Titele vun him sinn Lean On Me, Use Me, Lovely Day an Just the Two of Us, dat en 1981 mam Grover Washington, Jr. opgeholl hat.

Hie krut dräimol ee Grammy Award, 1972 fir Ain't No Sunshine, 1982 fir Just the Two of Us an 1988 fir Lean on Me.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]