Bilma

Vu Wikipedia
Oas Bilma
D'Saline Kalala bei Bilma.
Salzkarawan ënnerwee vun Agadez op Bilma

Bilma ass eng Stad a Gemeng mat 6.178 Awunner (2010)[1] am Departement Bilma am Niger.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Bilma läit an enger Oas am Kaouar-Dall an der Ténéré-Wüst. D'Nopeschgemeng am Norden an am Osten ass Dirkou, N'Gourti am Süden a Fachi am Westen. D'Gemeng ass a 4 Sektiounen ënnerdeelt: Djoulari, Jularie, Jularie et Boula e Quartier administratif, déi zwee administrativ Dierfer Aquer an Zoo Baba an déi zwéi Lieu-dite Kourmossour an N’Gini Boulla.[2]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Am August 2006 goufen zu Bilma duerch e schroe Reen eng 1.200 Wunnengen zerstéiert sou datt 4.369 Leit hiert doheem verluer hunn.[3]

Ekonomie[änneren | Quelltext änneren]

Haaptakommes vun der Oasestiedche sinn de Verkaf vun Dattelen, a vu Salz dat zanter dem 15. Joerhonnert an der Saline vu Kalala gewonne gëtt. D'Salz gëtt mat Dromedare vu Bilma aus iwwer d'Bornustrooss an de Süde bruecht. Déi verbënnt Tripolis mam Tschad-Séi. Eng aner Handelsroute fir d'Karawanne geet an Ost-West-Richtung vun Agadez an d Aïr-Bierger.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bilma – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut Nationale de la Statistique du Niger (ed.): Annuaire statistique des cinquante ans d'indépendance du Niger. Niamey 2010 Online-Version]; PDF; 3,1 MB, S. 53.
  2. Répertoire National des Communes (RENACOM). Institut National de la Statistique, gekuckt den 8. November 2010.
  3. Internationale Rotkreuz- und Rothalbmond-Bewegung: Niger: Harsh Weather in Bilma DREF Operation No. MDRNE001. Final Report. 13. Juni 2008, gekuckt de 16. Januar 2012.