Op den Inhalt sprangen

Bio-Bauere-Genossenschaft Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Bio-Bauere-Genossenschaft Lëtzebuerg (kuerz: BIOG) ass eng Genossenschaft zu Lëtzebuerg, déi am Beräich vun der biologescher Landwirtschaft aktiv ass.

D'BIOG gouf den 8. Oktober 1988 vun deemools néng Bio-Bauere gegrënnt. D'Produite ginn iwwer de Grossist Biogros op de Maart bruecht an ënner anerem an der eegener Supermarchéschaîne Naturata verkaaft.

Aus der BIOG ass spéider och de Oikopolis-Grupp ervirgaangen.

Ufank 2025 hat d'BIOG iwwer 30 Memberen, zu deenen nieft Baueren och Uebstbaueren a Geméisgäertner gezielt hunn.

Offiziell Websäit

[änneren | Quelltext änneren]