Biot (Moundkrater)

Vu Wikipedia
Biot
De Krater Biot (Foto: Lunar Reconnaissance Orbiter)
Koordinaten 22°42'0"S, 51°4'48"O
Duerchmiesser 13 km
Déift 900 m
Selenographesch Längt 309° bei Sonnenopgank
Genannt no Jean-Baptiste Biot
Genannt am Joer 1935
Moundvéiereck LQ21


De Krater Biot (ënne riets) mat Niewekrateren (LROC-WAC)

De Biot ass e klenge schosselfërmegen Aschlagkrater an de südlechen Ausleefer vum Mare Fecunditatis op der viischter Moundsäit. Hie läit nërdlech vum Vallis Snellius an nordwestlech vum Krater Wrottesley.

De Rand vum Biot ass bal kreesfërmeg an de schaarfkantege Kraterrand huet nëmme kleng Erosiounsspueren. Déi bannenzeg Kraterwänn fale gläichméisseg op e relativ klenge Kraterbuedem erof. Si hunn eng méi héich Albedo wéi dat d'Mare ronderëm.

An där vum Charles A. Wood a Leif Andersson 1978 formuléierter an applizéierter Klassifizéierung vun net erodéierten an iwwerformte Krateren ass de Biot den Typusexemplar fir déi mat BIO bezeechent Form vu schosselfërmege Kratere mat däitlech ofgesatem Buedem.[1]

Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
A 22,24° S, 48,79° O7 15 km [1]
B 20,47° S, 49,55° O7 27 km [2]
C 22,11° S, 51,1° O7 7 km [3]
D 24,34° S, 50,32° O7 9 km [4]
E 24,77° S, 50,83° O7 8 km [5]
T 21,48° S, 49,77° O7 5 km [6]

De Krater gouf am Joer 1935 vun der I.A.U. nom Jean-Baptiste Biot (1774–1862) genannt.

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  1. Charles A. Wood, Leif Andersson: New morphometric data for fresh lunar craters. In: Proceedings of the Lunar and Planetary Science Conference 9, 1978, ISSN 0270-9511, S. 3669–3689.