Birobidjan

Vu Wikipedia
Birobidjan
Land Russland
Federatiounskrees Fären Osten
Status Autonomen Oblast
Regioun Jiddesche Autonomen Oblast
Gegrënnt 1915
Awunner 73.623 (1. Januar 2018)
Fläch 169
Koordinaten 48°47'N, 132°56'O
Telefonszon 42622
Postcode 679000–679025
Websäit http://www.biradm.ru/


Haaptplaz

Birobidjan (ru: Биробиджан, yi: ביראָבידזשאן) ass eng russesch Stad an den administrativen Zentrum vum Jiddesche Autonomen Oblast. Se läit tëscht zwéi Flëss, dem Bira an dem Bidjan, no bei der chineesescher Grenz a Sibirien. Si huet ëm déi 75.000 Awunner.

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

Schonn um Ufank vun der Oktoberrevolutioun hunn d'Bolschewike sech Gedanke gemaach, wéi se déi 5 Millioune Judden, déi déi Zäit an der Sowjetunioun gelieft hunn, a landwirtschaftlech Kolonisatiounsprojete kéinten abauen. Besonnesch an ënnerentwéckelte Regioune vun deem grousse Land wollte se Leit usidelen.

Am Mäerz 1928 huet den Zentralexekutivausschoss vun der Sowjetunioun decidéiert, an der Géigend vum Floss Amur eng jiddesch Kolonie opzeriichten. Moskau ass et natierlech drëm gaangen, hire "jiddesche Problem" ze léisen an an engems d'Sécherung vun der Grenz mat China besser an de Grëff ze kréien. Well an deem Moment war d'Iddi vun engem palestinensesche Juddestaat ëmmer méi akut.

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Muhlmann, David: Territoires de l'exil juif: Crimée, Birobidjan, Argentine; Paris, 2013, Desclée de Brouwer.
  • Weinberg, Robert: Birobidshan. Stalins vergessenes Zion; Frankfurt am Main, 2003, Verlag Neue Kritik, ISBN 3-8015-0367-4

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Birobidzhan – Biller, Videoen oder Audiodateien