Bisserweg

Vu Wikipedia
Bisserweg
Offiziellen Numm Bisserweg
Lëtzeb. Numm Biisserwee
Ënnerhal vu(n) Service Voirie vun der Stad Lëtzebuerg
Situatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Quartier(en) Zens, Gronn, Polvermillen
Postcode L-2316
Koordinaten 49°36'35,39"N, 6°8'35,48"O
Morphologie
Längt 960 m
Héicht i. M. 250 m
Geschicht

De Biisserwee (offiziell Bisserweg) ass eng Strooss déi vun der Rue Munster am Gronn an der Stad Lëtzebuerg bis an d'Rue du Fort-Dumoulin am Nopeschquartier Polvermillen verleeft. Op enger Längt vu knapps 100 Meter, ënnerzeg vum INS, gehéiert de Wee zum Quartier Zens.

Déi éischt 250 Meter, vun der Rue Munster bis bei d'Hasteschmillen (Place Auguste-Engel) si fir den allgemenge Verkéier op, de Rescht vum Wee ass awer just fir Foussgänger a Vëlosfuerer erlaabt; d'Vëlospist PC1 féiert duerch de Biisserwee.

De Biisserwee féiert ënner der Biisserbréck erduerch, déi no him genannt gouf.

Ursprong vum Stroossennumm[änneren | Quelltext änneren]

Iwwert den Ursprong vum Stroossennumm gëtt et verschidden Theorien.

De Paul Würth-Majerus gesäit den Ursprong beim alfranséische Begrëff biez[1], eng Bezeechnung fir e Millegruef / -kanal. 1297 koum d'Biscergassa fir d'éischt an engem Text vir. Bis zum Bau vun der Wenzelsmauer (ca. 1380) huet d'Gaass vun der Uelzechtbréck bis bei d'Polvermillen gefouert[2].

Am 17. Joerhonnert gouf de Wee am Volleksmond eng Zäit laang Henkeschgaass genannt, well den Henker Jakob Karpf sech 1629 do néiergelooss hat[3].

Well zënter 1729 der Stad hiert Weesenhaus do stoung, wou déi fréier Grënnesch Primärschoul steet (haut Inter-Actions), gouf d'Strooss bis 1854 Rue des Orphelins genannt[4].

Den Evy Friedrich huet eng aner Hypothees publizéiert, den Numm kéint dovun ofgeleet gi sinn, well do Pressessioune vu Béisser duerchkomm sinn (vum Däitschen: Büsserweg)[5]. D'Béisser kéinte sech awer och op d'Benediktinerbridder bezéien, fir déi bei der Polvermillen e Prisong gebaut gi war[6].

D'Stroossennimm vum Biisserwee am Laf vun der Zäit
Numm Zäit
Biscergassa 1297
Henkeschgaass 17. Joerhonnert
Rue des Orphelins 1729 - 1854
Biisserwee Haut

Gebaier[änneren | Quelltext änneren]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Biisserwee – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Biez: canal reliant un cours d'eau à une machine hydraulique; espace entre deux écluses, sur une rivière ou un canal.
  2. Cf. Kunnert 1984: 13 an der Literatur.
  3. Bange, Evamarie, 2011. Diebe, Brandstifter und Kindsmörderinnen - Die Galgen der Stadt Luxemburg Ons stad 98: 48-50.
  4. Bisserweg op archives-vdl.lu, den Archive vun der Stad Lëtzebuerg; gekuckt den 18. Abrëll 2020
  5. Cf. Friedrich 1980 an der Literatur.
  6. Josef Hanck (J.H.), Straßennamen erzählen die Geschichte der Stadt an: Luxemburger Wort vum 10. Dezember 1942, S. 3