Biwelser Millen

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Biwelser Millen
Biwelser millen 1.jpg
De Café vum Camping op der Biwelser Millen
An anere Sproochen fr: Bivels-Moulin
de: BivelserMühle
Land Lëtzebuerg
Kanton Veianen
Gemeng Coat of arms putscheid luxbrg.png Pëtscht
Buergermeeschter Roger Zanter
Koordinaten 49° 56’ 58’’ N
06° 11’ 47’’ O


D'Biwelser Millen ass e Lieu-dit an der Gemeng Pëtscht, knappss 1 km südlech vu Biwels a Richtung Veianen.

Déi eigentlech Millen ass de 15. Dezember 1961 beim Bau vum Pompelspäicherwierk am Stauséi verschwonnen. Haut ass d'Biwelser Millen e Camping ënner dem Numm "Camping du Lac / Moulin de Bivels". En ass méi oder wéineger op därselwechter Plaz wéi déi al Millen, just méi héich am Hank.

D'Biwelser Mille gouf 1744 vum Johann Jakob Tesch op eege Käschte gebaut.[1]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Erpelding, Émile, 1971. Luxemburger Mühlen im Ourtal. An der Ucht 25: 173-177.
  • Erpelding, Émile, 1972. Seit 10 Jahren unter Wasser, die Bivelser Mühle. Revue Jg. 27, Nr. 5: 32-33. Luxembourg.
  • Erpelding, Émile, 1988. Die Mühlen des Luxemburger Landes. E. Borschette (Christnach) & Impr. Saint-Paul (Luxembourg).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

D'Biwelser Millen. Lénks d'Bréck tëscht Biwels a Veianen, dohanner déi 10. Maschinn vum Pompelspäicherwierk a lénks doriwwer am Hank d'Veianer Bildchen. - 2.04.2008
D'Biwelser Millen - 1931 vum Jean-Pierre Lamboray gemoolt. Méi wäit hannen am Dall d'Uertschaft Biwels an uewe riets d'Buerg Falkesteen.[2]
D'Bréck tëscht Biwels a Veianen bei der Biwelser Millen
D'Biwelser Millen - 1956 vum Jean-Pierre Gleis gemoolt.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Cf. Erpelding 1988 an der Literatur.
  2. Den Tableau mam Originaltitel Vallée de l'Our war e Bäitrag vum Lamboray fir d'Exposition internationale vun 1937 zu Paräis. D'Bild ass an de Sammlunge vum MNHA.