Bläiminn vun Allerbur

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

D'Bläiminn vun Allerbur, och Mine de Plomb de Longvilly genannt war eng am 18. an 19. Joerhonnert aktiv Grouwenanlag am Éislek.

1787 wollt ee gewëssene Kleul, Awunner vun Allerbur, op senger Proprietéit e Pëtz gruewen. Dobäi ass hien zoufälleg op eng Oder mat geschwieweltem Bläisalz gestouss.

1820 huet en aneren Allerburer och puer déck Äerzbléck mat Bläiodere fonnt. Duerno gouf et zwéin Interessenten, déi gewëllt ware fir den Terrain weider auszefuerschen an z'exploitéieren, et waren dat de Notaire Siville vu Baaschtnech an d'Société des mines de Vedrin, vun deenen déi lescht den Zouschlag krut.

Leschten Enns gouf d'hollännesch Regierung, 1826, enger Societéit vu Longvilly d'Erlaabnes fir op engem Areal vun 3.213 Hektar no Äerzer ze sichen. D'Grenze vum Terrain waren d'Kierche vun den Noppeschdierfer Uewerwampech, Nidderwampech, Wanseler, Longvilly ( Lingsweiler) an Noville, während Allerbur am Zentrum louch.

Durch den Traité vu London, vum 19. Abrëll 1839 goung d'Minnekonzessioun gemeinsam u Lëtzebuerg an un d'Belsch. Déi nei Staatsgrenz huet den Terrain an zwéin ongläich Deeler getrennt. Sou war den Agang op belscher Säit, 200 Meter hanner der Grenz, an der Uertschaft Chifontaine. D'Bedreiwertaxe vun der Grouf goungen, entspriechend der Gréisst vum Terrain, un de belschen a Lëtzebuerger Staat.

1848 gouf eng relativ grouss Bläioder, an enger Déift vun 22 Meter, entdeckt. Zu gudder Lescht huet awer d'Grondwaasser et onméiglech gemaach, déi Oder z'exploitéieren. D'Recherchen hu sech duerno nëmme méi op Déiften, déi iwwer dem Grondwaasserpegel louchen, limitéiert. Well d'Bedreiwer bei dësen niddregen Déifte keen Erfolleg haten, hu si decidéiert an enger Déift vun 42 Meter en Drainagekanal, deen an d'Lingserbaach sollt oflafen, ze bauen. Därbaanst koum déi ganz Anlag de 25. August 1849, bei enger ëffentlecher Stee un d'Famill vum Herzog vun Aremberg. De Kanal mat enger Längt vun 2.100 Meter huet säin Zil erreecht an et gouf an enger Déift vu méi wéi 90 Meter geschafft. Et war dëst den Héichpunkt vun der Minn, méi wéi 200 Leit hunn dës Zäit an de Grouwe geschafft.

1881 goufen 1.125 Tonne Bläiäerz, 2.000 Tonne Koffereisenäerz a 600 Tonnen Zénkäerz ofgebaut. 1883 war et de Maximum mat 1.800 Tonne Bläiglanz. D'Grouwe ware proftitabel, well den Ofbaupräis bei ongeféier 120 Frang, an de Verkafspräis bei eppes 190 Frang pro Tonn louch. D'Produktioun gouf mat Päerd op d'Ëlwener Gare gefouert, vu wou aus si an d'Äifel, op Bleialf, an e Lager transportéiert gouf.

Déi Joren drop goung d'Produktioun stänneg erof. 1899 gouf et nëmme méi Recette vun 25.100 Frang géintiwwer Dépense vun 88.500 Frang.

1902 goufen d'Grouwen zougemaach. D'Gebaier si verfall, Frippercher hunn d'Reschter vu Metal geraf.

Haut bleiwen nëmme méi wéineg Iwwerreschter vun der Anlag, déi op engem Circuit Autopédestre tëscht Allerbur a Longvilly ze gesi sinn.

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

La Mine de Plomb de Longvilly. Robert Moerynck. Edition: Cercle d'Histoire de Bastogne. 1984

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

D'Bläiminn bei Industrie.lu