Blasius vu Sebaste

Vu Wikipedia
Blasius-Statu an der Abteikierch vun Thorn aus dem Joer 1875 vum W.J. Houtermans vu Roermond

De Blasius vu Sebaste, gestuerwen ëm 316, war Bëschof vu Sebaste an Armenien (dem haitege Sivas an der Tierkei). Hien gouf als Märtyrer bei enger Chrëschteverfollegung ënner dem Keeser Licinius gekäppt.

An der kathoulescher an an der orthodoxer Kierch gëtt en als Hellege veréiert.

Als Hellegen zielt en zu de véierzéng Nouthëllefer.

Säi Fest gëtt den 3. Februar gefeiert, den Dag no Liichtmëssdag.

An England ass et de Patréiner vun de Wollhandwierker.

An der Regioun vum haitege Lëtzebuerg gëtt den hellege Blasius zanter dem 9. Joerhonnert veréiert, an zu den Nouthëllefer gëtt en zanter dem 14. Joerhonnert gezielt.

De Blasiusseege gëtt et zanter dem 11. Joerhonnert[1]. Dëse Seege soll géint Halskrankheeten hëllefen. An der Legend gëtt erzielt hien hätt, wie hie gefaange war, e Matgefaangenen, deen eng Spränz am Hals stiechen hat, virum Erstécke gerett. (de Blasius war Dokter ier e Bëschof gouf).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Blasius vu Sebaste – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. Melchers (Erna & Hans), Das große Buch der Heiligen - Geschichte und Legende im Jahreslauf