Blauherd

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

De Blauherd ass en alpine Plateau op 2.751 m. Et ass d'Tëschestatioun tëscht dem Sunnegga an dem Rothorn Paradise am Zermatter Schigebitt.

Infrastruktur[änneren | Quelltext änneren]

De Blauherd ass e wichtege Verbindungspunkt tëscht dem Gornergrat-Gebitt an dem Rothorn-Gebitt. Nieft Liftgaren huet de Blauherd e Restaurant an nieft dem Schischoul-Snowpark e speziellen Ufänger Park fir Snowboarder, bei deem zwéi magesch Teppecher d'Ufänger op hir Trainingspist bréngen.

Skilifter um Blauherd[änneren | Quelltext änneren]

Sunnegga-Blauherd[änneren | Quelltext änneren]

Schonn 1952 ass e Schilift vu Sunnegga op de Blauherd gaangen. 1961 gouf decidéiert, eng Loftseelbunn vun Sunnegga iwwer de Blauherd op d'Ënnerrothorn ze bauen. Zanter 1967 gëtt et Gondelkabinnen tëscht deenen zwéi Punkten. Den Nationallift ass den 1. Dezember 1965 opgaangen a war bis de 4. Abrëll 1989 a Betrib. Op Kleeserchesdaag 1989 war um selwechten Tracé eng 4er Sesselbunn opgaangen, déi souguer nach méi héich gaangen ass wéi den Nationallift. Zanter 2005 fueren nei Panoramakabinnen op där Streck an tëscht all Kabinn fiert e Sessel. Sou kënnen engersäits Foussgänger transportéiert ginn an anerersäits Schifuerer ouni datt si hir Schi mussen ausdinn.

Vun der ieweschter Gare vun dëser neier Installatioun bréngt e Lift d'Leit direkt op d'Héicht vun der Dallgare vun der Rothornkabinn.

Den 13. Februar 1997 gouf et en Accident op där Bunn. Duerch e feste Wandstouss ass d'Seel a Richtung Dall bei deenen ënneschten dräi Masten aus de Rulle gerass ginn. E puer eidel Kabinne si vum Seel gefall, verschiddener souguer bis op de Buedem. An deenen aneren 22 Kabinnen, déi biergop gefuer sinn, a 7 Kabinnen, déi biergaf gefuer sinn, goufen 55 Persounen onverletzt gerett. Well d'Bedreiwergesellschaft onschëlleg war, krut kee vun de Bedreiwer Problemer, et ass just eng Oplo ginn, deen éischte Mast méi niddreg ze maachen, fir datt en dem Wand net méi sou ausgesat soll sinn. Fir dat ze realiséieren, huet e weidere Mast missen installéiert ginn.

Beschneiung[änneren | Quelltext änneren]

Och zu Zermatt gouf erkannt, datt d'Zukunft vu Skistatioune misst duerch Konschtschnéiproduktioun geséchert ginn. 1993 ass um Riedwee eng Drénkwaasserleitung gebaut ginn. Nom Verleeë vun enger neier Stroumleitung war och d'Installatioun vu Schnéikanounen um Gebitt Sunegga-Blauherd-Rothorn méiglech. D'Anlag tëscht Blauherd-Sunnegga ass 1984 a Betrib gaangen.

Blauherd-Rothorn Paradise[änneren | Quelltext änneren]

D'Konzessioun vun der Kabinn Sunnegga-Rothorn ass de 26. Februar 1965 vum Schwäizer Verkéiers- an Energiewitschaftsministär genehmegt ginn.

Den 9. Oktober 1964 ass d'Zermatter Rothorn-Bahn AG gegrënnt ginn. No engem Budget vun CHF 1 Millioun, am Ufank, ass schonn 1966 op 4 Milliounen erhéicht ginn. 1975 huet de Budget missen op 5.47 Milliounen erhéicht ginn.

No der Ouverture vun der Kabinn tëscht Sunnegga-Blauherd ass de 16. Juli 1967 d'Kabinn tëscht dem Blauherd an dem Ënnerrothorn opgaangen. Leider waren d'Aarbechten am Hierscht virum Wanterabroch net fäerdeg ginn an dofir sinn d'Käschte vum Bau nach ëm eng hallef Millioun an d'Luucht gaangen. Duerch déi Tatsaach ass d'Bierggare och aus esthetesche Grënn manner héich gebaut ginn, wéi virgesinn. D'Ufahrt an d'Gare war dofir fir d'Passagéier ganz onbequem an haart. Aus dësem Grond hu missen zousätzlech hydraulesch Pufferen agebaut ginn. Zudeem ass en elektresche Kabel, dee vum Blauherd op d'Rothorn gezu ginn ass, gerass. De Kabel ass scho virun der Aweiung vun der Kabinn gerass soudatt en du schonn huet missen erneiert ginn.

1996 ass déi al Kabinn demontéiert ginn, an de 4. Dezember 1996 huet déi nei Kabinn fir 150 Leit hire Betrib opgeholl.

Gant-Blauherd[änneren | Quelltext änneren]

Um Enn vum Joer 1970 gouf d'Konzessioun fir eng Kabinnebunn mat Ëmlafkabinn tëscht dem Dall zu Gant an dem Blauherd verginn. Leider haten d'Ingenieuren awer Vermiessungsfeelere gemaach soudatt d'Sockele fir d'Stäipen hu missen méi breet gemaach ginn, wat d'Käschten an d'Luucht gedriwwen huet. Aus deem Grond konnt déi Bunn eréischt am Februar vun der Saison 1971 an de Betrib goen.