bloë Steen
Ausgesinn
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Dokumentarfilm aus dem Joer 2007. Fir den Natursteen, kuckt wgl. Bloe Steen (Natursteen). |
| Film | |
|---|---|
| Produktiounsland | Lëtzebuerg |
| Première | 2007 |
| Dauer | 47 min[1] |
| Ekipp | |
| Regie | Tom Alesch |
| Fotografie | Pol Linden |
| Musek | Marc Mergen |
| Schnëtt | Misch Bervard |
| Produzent |
CNA, Centre de technologie de l'éducation |
| Schauspiller | |
| keng (Documentaire) | |
|
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre | |
bloë Steen - d'lëtzebuerger Schiferindustrie [sic] ass e lëtzebuergeschen Dokumentarfilm vum Tom Alesch aus dem Joer 2007.
Ëm wat geet et am Film?
[änneren | Quelltext änneren]Um Ufank vum 20. Joerhonnert waren d'Leekolle vun Uewermaartel déi zweetgréisst Industrie am Grand-Duché. Unhand vun Témoignage vun Zäitzeien, Filmopnamen a Fotoe vun deemools beschreift de Film, wéi an där Zäit Schifer ofgebaut a verschafft ginn ass. De Film probéiert e klengen Abléck an d'Aarbechtsconditiounen aus där Zäit ze ginn a gëtt mat Hëllef vun einfachen Animatiounen Informatioun iwwer d'Geologie.
Soss
[änneren | Quelltext änneren]Schonn 1937 hat de René Leclère de Film Ardoises iwwer d'Aarbecht an den Uewermaarteler Schifergrouwe gedréint.
D'DVD koum am Dezember 2007 eraus.
Den Erzieler vum Film ass de Marc Limpach.[1]
