Berliner Blockad

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Blockad vu Berlin)
West-Berliner Kanner wénken engem amerikanesche Fliger C-54 bei der Landung um Tempelhof.
Déi dräi Loftkorridore wärend der Blockad vu West-Berlin

D'Berliner Blockad war eng sowjetesch Aktioun, bei där déi vu Frankräich, Groussbritannien an den USA besat Sekteure vu Berlin och West-Berlin genannt, dat eng Enklav an der sowjetescher Besatzungszon war, vum Rescht vum westlechen Europa sollt ofgeschnidde ginn, mam Zil datt et sollt doduerch a sowjetesch Hänn falen.

D'Blockad déi 318 Deeg, vum 24. Juni 1948 bis den 12. Mee 1949 gedauert huet, hat als Folleg datt et keng Verbindung méi iwwer d'Strooss, d'Eisebunn an iwwer d'Waasser gouf, a sou keng Liewensmëtteliwwerunge méi konnten op Westberlin gemaach ginn.

Virgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Zweete Weltkrich war knapps eriwwer wéi sech schonn en neie Konflikt ofgezeechent huet. D'Alliéiert ware sech op der Konferenz vu Yalta eens ginn, datt Däitschland sollt a véier Sekteuren opgedeelt ginn, woubäi d'Sowjetunioun de gréisste sollt kréien. De Rescht gouf ënner Frankräich, Groussbritannien an den USA opgedeelt. Fir Berlin, obschonn et an der sowjetescher Zon louch, war och sou eng Opdeelung virgesinn. Trotz dem positive Bild dat d'Medien iwwer déi international Zesummenaarbecht verbreet hunn, gouf et ëmmer Spannungen an d'Lag souwéi d'Deelung vun der däitscher Haaptstad sollt sech geschwënn als éischt Episod vum Kale Krich erausstellen. Déi Däitsch haten net vill fir d'sowjetesch Presenz iwwreg, a besonnesch bei de Walen zu Berlin am Joer 1946 huet sech erausgestallt datt dat däitscht Vollek sech haaptsächlech fir net kommunistesch Kandidaten entscheet huet, wat de Stalin als Plang vum Western ogefaasst huet, fir e kommunistescht Däitschland ze verhënneren. Déi Iddi gouf ëmsou méi geniert, wéi Groussbritannien an d'USA decidéiert haten, datt Däitschland eng néi Wärung bräicht fir an der Weltwirtschaft an der Nokrichszäit op stabille Féiss ze stoen.

Vun 1947 u si vill Däitscher aus dem Oste fortgelaf (bis 1950 ronn 12 Milliounen). Wéi d'Sowjetunioun refuséiert huet fir deenen Exilanten eng finanziell Ënnerstëtzung ze liwweren, hu sech Frankräich, Groussbritannien an d'USA an der éischter Hallschent vun 1948 zu London getraff fir déi Däitsch Fro ze diskutéieren. D'Resultat war d'Decisioun eng nei Wärung ze schafen an en neien demokratesche Staat d'Bundesrepublik Däitschland ze grënnen.

D'Blockad[änneren | Quelltext änneren]

D'sowjetesch Reaktioun huet net laang op sech waarde gelooss. Vum 28. Mäerz 1948 un gouf all de Verkéier deen duerch d'sowjetesch Zon gefouert huet iwwerméisseg streng kontrolléiert. D'Kontroll op der Eisebunn war sou staark datt déi dräi Besatzunge vu Westberlin forcéiert ware villes mam Fliger op Berlin ze bréngen. Déi Transporter goufe spéider als Little Lift bezeechent. Wéi dunn den 18. Juni 1948 d'D-Mark agefouert gouf huet d'Sowjetunioun dat als en Akt vun engem Wirtschaftskrich ugesinn.

A Wierklechkeet hat d'sowjetesch Blockad scho virdru mat verschäerfte Kontrollen an Ostdäitschland ugefaangen, awer de 25. Juni huet d'Sowjetunioun all Liewensmëttelliwwerunge fir déi net sowjetesch Bezierker ofgeschnidden. D'Elekrizitéit gouf ofgeschalt an all d'Stroosse goufe gespaart an d'Eisebunnsstrecken hunn och net méi funktionéiert. Am Ufank hat Westberlin nach genuch Reserve fir seng Bevëlkerung fir 36 Deeg.

U sech war et iergendwéi eng Pattsituatioun, an där d'Sowjetunioun gemengt huet, se kéint de Westen zwénge fir Berlin definitiv ze raumen, an de Weste iwwerzeegt war, datt de Stalin kee Krich wéilt reskéieren. D'USA a Groussbritannien, déi Westberlin net opgi wollten a sech och sécher waren, datt d'Sowjetunioun net sou wäit géing an hir Fligere géif ofschéissen, hunn dunn eng Loftbréck gestart déi als Berliner Loftbréck an d'Geschicht agaangen ass. Mat Hëllef vun der RAF huet US-Air Force déi Entreprise gestart bei där all Dag an all dräi Minutten e Fliger zu Berlin gelant ass, an deeglech 5.000 Tonne Liewensmëttel ageflu goufen.

D'Sowjetunioun huet alles drugesat fir d'Blockad oprecht z'erhalen, awer well se op der anerer Säit net bereet war fir e Krich ze féieren huet hire Bluff net funktionéiert. Déi strikt Blockad huet trotzdeem 318 Deeg gedauert ier d'UdSSR opginn huet. An der Tëschenzäit waren 2,3 Milliounen Tonne Ravitaillement op Berlin geflu ginn.

Trivia[änneren | Quelltext änneren]

De grousse Benefice dee Berlin spéider vun der Saach sollt hunn, war de Fluchhafe Berlin-Tegel dee vun der franséischer Besaztungstrupp a knapps dräi Méint mat enger Landepist vun 2.500 Meter gebaut gouf, wat an de 1960er Joren déi eenzeg Méiglechket war, fir en Uschloss un den internationale Loftverkéier mat Düsefligeren ze kréien, well d'Pisten um Tempelhof ze kuerz waren.