Bloubergstrand

Vu Wikipedia
Vue vun der Plage op den Tafelbierg.

Bloubergstrand ass eng Sektioun vun der Gemeng Kapstad mat ronn 2.000 Awunner.

D'Uertschaft läit eng 25 km am Norde vun der Stad, op der Küst vun der Tafelbaai.

Se ass virun allem bekannt fir hir laang Sandplage, vu wou aus een eng Vue op den Tafelbierg huet, a wou ee Kitesurfing maache kann.

Am Januar 1806 ass nobäi d'Schluecht vu Blaauwberg ausgedroe ginn, mat där d'hollännesch Herrschaft iwwer d'Kapkolonie fir zeguttst op en Enn goung.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bloubergstrand – Biller, Videoen oder Audiodateien