Blues-Club Lëtzebuerg

Vu Wikipedia

De Blues-Club Lëtzebuerg ass e Veräin ouni Gewënnzweck, dee sech zum Zil gesat huet, d'Blues-Musek an hir derivéiert Museksstiler z'ënnerstëtzen.

De Blues-Club organiséiert reegelméisseg Concerten, bei deenen international renomméiert Museker op der Affiche sinn, woubäi lokal oder regional Bluesgruppen d'Geleeënheet kréien, fir den éischten Deel ze spillen a sech domat en Numm ze maachen. D'Concerte vum Blues-Club fanne gewéinlech am Sang a Klang am Pafendall statt.

Do dernieft ass de Blues-Club un der Organisatioun vu verschidde Festivalle bedeelegt:

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Veräi gouf den 9. Oktober 1997 gegrënnt an huet säi Sëtz an der Stad Lëtzebuerg. Grënnungsmemberen: Ben Boulanger, Vic Degrell, Claude Hastert, René Rieth, Fernand Rossi, Roland Trierweiler.[1]

Affiliatiounen[änneren | Quelltext änneren]

De Blues-Club Lëtzebuerg ass Member vu follgend international Verbänn:

Bekannt Museker[änneren | Quelltext änneren]

Beispiller vun international bekannte Museker, déi de Blues-Club Lëtzebuerg bis ewell am Kader vu Concerte presentéiert huet: Carey Bell, Magic Slim, The Paladins, Studebaker John, Larry Garner, Debbie Davies, Mike Morgan & Lee Mc Bee, Deborah Coleman, Smokey Wilson, Otis Grand, D.C. Bellamy, Amos Garrett, Taildragger, Kinsey Report, Anson Funderburgh & Sammy Myers, Big George Jackson, Big Jack Johnson, Duke Robillard, Candye Kane, Bryan Lee, Omar & The Howlers, Phil Guy, Little Charlie & The Nightcats, Mojo Buford, Sonny Rhodes, Nick Moss & The Flip Tops, Canned Heat, Savoy Brown, Gary Primich, etc.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Wärend e puer Joer huet de Blues-Club de Magazine Rollin & Tumblin erausbruecht, an deem op 120 Säiten Artikelen, Nouvellen, CD-Bespriechungen a Concerte presentéiert goufen.
  • Zënterhier publizéiert de Blues-Club véiermol am Joer de Bluesnews, en Depliant deen an enger Oplo vu 4000 Exemplaire gedréckt gëtt.
  • D'Fotobuch "10 Joer Bluesclub Lëtzebuerg: 1997–2007".
  • D'Fotobuch "20 Joer Bluesclub Lëtzebuerg: 1997–2017".

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anonym, 2007. 10 Joer Blues-Club Lëtzebuerg: 1997-2007. Net paginéiert, 30 cm. Erausbruecht vum Blues-Club Lëtzebuerg.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Cf. D'Grënnungsstatuten am Mémorial C N°34 vum 16. Januar 1998: 1623-1624.
  2. Cf. http://www.blues.org/
  3. Cf. http://www.bluesyou.com/