Blues 'n' Jazz Rallye

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

De Blues 'n' Jazz Rallye [1] ass e Museksfestival, deen zanter 1995 wéi d'Stad Lëtzebuerg Europäesch Kulturhaaptstad war, all Joer Enn Juli vum Luxembourg City Tourist Office (LCTO) an Zesummenaarbecht mat der Stad Lëtzebuerg an dem Blues-Club Lëtzebuerg organiséiert gëtt.

De Festival zitt all Joer ëm déi 20.000 Visiteuren un.

2018 war déi 24. Editioun vun deem Museksmarathon, dee vun do un net nëmmen am Gronn an a Clausen, mä och am Pafendall eng 90 Blues- an Jazz-Concerte mat am Ganzen iwwer zweehonnert Museker op 16 Fräiliichtbünen an 21 Caféen, Restauranten an Hoteller ugebueden huet.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. D'Organisateure benotzen deen orthographesch falschen Titel "Blues'n Jazz Rallye": den 'n steet u sech fir 'n' = and, woubäi déi verschléckt Buschtawen a an d allebéid misste mat Apostrophen ersat ginn (cf. https://fr.wikipedia.org/wiki/Amu%C3%AFssement).