Bluttbuchen zu Boufer


Déi véier bemierkenswäert Bluttbuchen zu Boufer (Fagus sylvaticus L. cv. purpurea; hêtre pourpre; Blutbuche) stinn an enger Sank am Park riets virum Altersheem. Zesumme bilde si mat hire Krounen eng Struktur déi wéi een enzege gewaltege Bam ausgesäit. Wéinst hirem Gesamtandrock gehéiere se zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg.
Den Alter vun de Beem ass net bekannt. Ëm 2000 gouf beim déckste dervun e Stammëmfank, op Broschthéicht, vun 3,26 m gemooss, bei engem Ëmfank vun der Grupp vun 28 m.
Bis 2008 gouf et keng verëffentlecht Foto vun dëse Bluttbuchen.
Am Park beim Altersheem (CIPA) steet nach eng bemierkenswäert Trauerbuch hanner dem Altersheem. D'Bluttbuch um Wues virum CIPA déi imposantst vun alle Bluttbuchen zu Lëtzebuerg gouf 2002 ewechgehaen.
Quellen[änneren | Quelltext änneren]
- Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. Imprimerie centrale S.A. (Cf. Tabell S. 240; keng Beschreiwung a keng Foto).
- Administration des eaux et forêts, 1981. Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul, Lëtzebuerg. 167 S. (Cf. S. 53, keng Foto).
Fotoalbum[änneren | Quelltext änneren]
![]() |