Bob Hoskins
Bob Hoskins | |
---|---|
Gebuertsnumm | Robert William Hoskins |
Gebuer | 26. Oktober 1942 |
Gestuerwen | 29. Abrëll 2014 |
Doudesursaach | Longenentzündung |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Educatioun | Central School of Speech and Drama |
Aktivitéit | Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Schauspiller, Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmproduzent, Charakterschauspiller, Komiker, Theaterschauspiller |
De Bob Hoskins, gebuer als Robert William Hoskins de 26. Oktober 1942 zu Bury St Edmunds, Suffolk a gestuerwen den 29. Abrëll 2014 zu London, war en englesche Schauspiller, Filmregisseur, Filmproduzent an Dréibuchauteur.
Hien huet seng Schoul mat 15 Joer ofgebrach a gouf méi oder manner duerch Zoufall als Schauspiller entdeckt. Seng Ufäng hat hien a verschiddenen Tëleesfilmer, ier hien an den 1980er Jore mat brittesche Gangsterfilmer bekannt gouf an duerno och zu Hollywood Karriär gemaach huet. Seng Paraderoll war déi als Privatdetektiv Eddie Valiant am Film Who Framed Roger Rabbit?
Hie gouf ë. a. beim Filmfestival zu Cannes a bei de Golden Globe Awards fir seng Roll am Film Mona Lisa ausgezeechent.
2012 hat hie seng Karriär un de Nol gehaang, nodeem bei him Parkinson festgestallt gouf. Hien ass un de Suitë vun enger Longenentzündung gestuerwen.
Filmographie
[änneren | Quelltext änneren]Kino
[änneren | Quelltext änneren]als Schauspiller (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]- 1975: Royal Flash, vum Richard Lester mam Malcolm McDowell an Alan Bates
- 1979: Zulu Dawn, vum Douglas Hickox mam Burt Lancaster a Simon Ward
- 1980: The Long Good Friday, vum John Mackenzie mam Helen Mirren an Eddie Constantine
- 1982: Pink Floyd The Wall, vum Alan Parker
- 1983: The Honorary Consul, vum John Mackenzie mam Michael Caine a Richard Gere
- 1984: The Cotton Club, vum Francis Ford Coppola mam Richard Gere an Diane Lane
- 1985: Brazil, vum Terry Gilliam mam Jonathan Pryce a Robert De Niro
- 1986: Mona Lisa, vum Neil Jordan mam Michael Caine a Robbie Coltrane
- 1987: A Prayer for the Dying, vum Mike Hodges mam Mickey Rourke an Alan Bates
- 1988: The Lonely Passion of Judith Hearne, vum Jack Clayton mam Maggie Smith a Wendy Hiller
- 1988: Who Framed Roger Rabbit, vum Robert Zemeckis mam Christopher Lloyd an Joanna Cassidy
- 1990: Heart Condition, vum James D. Parriott mam Denzel Washington
- 1990: Mermaids, vum Richard Benjamin mam Cher a Winona Ryder
- 1991: Shattered, vum Wolfgang Petersen mam Tom Berenger a Greta Scacchi
- 1991: Hook, vum Steven Spielberg mam Dustin Hoffman a Julia Roberts
- 1991: The Favour, the Watch and the Very Big Fish, vum Ben Lewin mam Jeff Goldblum an Natasha Richardson
- 1991: The Inner Circle, vum Andrei Konchalovskiy mam Tom Hulce
- 1992: Blue Ice, vum Russell Mulcahy mam Michael Caine a Sean Young
- 1995: Nixon, vum Oliver Stone mam Anthony Hopkins an Ed Harris
- 1996: Michael, vum Nora Ephron mam John Travolta an Andie MacDowell
- 1996: The Secret Agent, vum Christopher Hampton mam Patricia Arquette a Gérard Depardieu
- 1998: Cousin Bette, vum Des McAnuff mam Jessica Lange
- 1999: Felicia's Journey, vum Atom Egoyan
- 2001: Enemy at the Gates, vum Jean-Jacques Annaud mam Jude Law, Ed Harris a Rachel Weisz
- 2001: Last Orders, vum Fred Schepisi mam Michael Caine, Helen Mirren an Tom Courtenay
- 2002: Where Eskimos Live, vum Tomasz Wiszniewski
- 2002: Maid in Manhattan, vum Wayne Wang mam Jennifer Lopez a Ralph Fiennes
- 2004: Vanity Fair, vum Mira Nair mam Reese Witherspoon a Gabriel Byrne
- 2004: Beyond the Sea, vum Kevin Spacey mam Kevin Spacey a Kate Bosworth
- 2005: Unleashed, vum Louis Leterrier mam Jet Li a Morgan Freeman
- 2005: Mrs Henderson Presents, vum Stephen Frears mam Judi Dench
- 2005: Stay, vum Marc Forster mam Ewan McGregor a Ryan Gosling
- 2006: Paris, je t'aime, Sketch: Pigalle vum Richard LaGravenese mam Fanny Ardant
- 2007: Outlaw, vum Nick Love mam Sean Bean
- 2007: Go Go Tales, vum Abel Ferrara mam Willem Dafoe an Asia Argento
- 2009: A Christmas Carol, vum Robert Zemeckis mam Jim Carrey
- 2010: Made in Dagenham, vum Nigel Cole mam Sally Hawkins
- 2011 Will, vum Ellen Perry mam Damian Lewis
- 2012: Snow White and the Huntsman, vum Rupert Sanders mam Kristen Stewart a Charlize Theron
als Regisseur (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]- 1988: The Raggedy Rawney, mam Dexter Fletcher
- 1965: Rainbow, mam Dan Aykroyd
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Bob Hoskins – Biller, Videoen oder Audiodateien |