Op den Inhalt sprangen

Bojko Borissow

Vu Wikipedia
Bojko Borissow
Gebuer 13. Juni 1959
Nationalitéit Bulgarien
Aktivitéit Politiker, Offizéier, Pompjee, Karateka, Foussballspiller, Militär, Polizist, Lecteur
Partei Onofhängeg
Fonctioun Premierminister vu Bulgarien, Deputéierten am bulgaresche Parlament
Famill
Papp Metodi Borissow
Geschwëster Krasimira Ivanova
Kanner Weneta Borissowa
Websäit http://boykoborissov.bg/

De Bojko Metodjiew Borissow (Bulgaresch Бойко Методиев Борисов), gebuer den 13. Juni 1959 zu Bankja, ass e bulgaresche Politiker.

Hien ass Grënner vun der politescher Gruppéierung „Bierger fir eng europäesch Entwécklung vu Bulgarien“ (GERB) a war Buergermeeschter vu Sofia. De 27. Juli 2009 gouf hien zum 11. Ministerpresident vun der Republik Bulgarien ernannt. 2013 ass hien zeréckgetrueden.

Am November 2014 gouf de Borissow op en Neits Ministerpresident vu Bulgarien.

Zwee Joer drop, am November 2016, no der Néierlag am zweeten Tour vun de Presidentschaftwale vun der Zezka Zatschewa, déi hien, als Kandidatin vu senger Partei nominéiert hat, géint de Rumen Radew, huet de Borissow ugekënnegt, geschwënn dono zeréckzetrieden. Wéi seng Partei no Neiwalen awer nees als déi stäerkst ervirgoung, gouf hien de 4. Mee 2017 op en Neits Ministerpresident vum Land. Seng Regierung stäipt sech op eng Koalitioun vun der GERB mat de Vereenegte Patrioten. Den 12. Mee 2021 gouf hie vum Stefan Janew ofgeléist.

Um Spaweck

 Commons: Bojko Borissow – Biller, Videoen oder Audiodateien